Osama Bin Laden

Vu Wikipedia
Osama Bin Laden
Gebuertsnumm أسامة بن محمد بن عوض بن لادن
Gebuer 10. Mäerz 1957
Riad
Gestuerwen 2. Mee 2011
Doudesursaach Schosswonn
Nationalitéit Saudiarabien, apatride
Aktivitéit Bauingenieur, Geschäftspersoun, Terrorist
Member vun Al-Qaida

Den Usāma ibn Muhammad ibn Awad ibn Lādin, gebuer den 10. Mäerz 1957 zu Riad a Saudiarabien, a gestuerwen den 1. Mee 2011 zu Abbottabad[1], kuerz als Osama bin Laden (arabesch أسامة بن لادن) bekannt, huet als Mudschahid géint déi sowjetesch Besatzung am Afghanistan gekämpft a war als Chef vun al-Qaida jorelaang dee weltwäit am meeschte gesichten Terrorist, besonnesch wéinst de vun him geplangten Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf als 17. vun 52 Kanner gebuer, déi säi Papp mat sengen zéng Fraen hat. Säi Papp, Muhammad bin Laden, war e Beduin aus dem Hadramaut, Jemen. Hie war Bau-Entreprener mat enke Kontakter zum deemolege saudesche Kinnek Faisal. 1931 huet hien zu Dschidda d'Entreprise Saudi Binladin Group SBG gegrënnt.

Bestietnesser an Nokomme vum Osama bin Laden

Seng Mamm soll ënnerschiddleche Quellen no entweeder aus dem deemolege Mandatsgebitt Palestina ënner brittesch-franséischem Mandat oder aus Saudiarabien stamen.

De Bin Laden soll mat 5 bestuete Fraen – vun enger gescheet – am Ganzen op d'mannst 24 Kanner gehat hunn. Seng éischt Fra, Nadschwan Ibrahim Ghanim, huet anscheinend eelef Kanner vun him. Eng vu sengen Duechtere soll mam Mullah Omar, dem Uféierer vun den Taliban, bestuet sinn.

Den Osama bin Laden huet Arabesch an anscheinend och Urdu geschwat.

Studium[änneren | Quelltext änneren]

Den Osama bin Laden ass zu Dschidda (Saudiarabien) opgewuess an huet do op der Kinnek-Abduliaziz-Universitéit Wirtschaftswëssenschaften a Betribsmanagement studéiert. Aner Sourcë schwätze vu Civil Engeneering, also Bauingenieurwiesen. Hien huet 1979 säin Ofschloss gemaach. Zanter dem Ufank vun den 1970er Joren hat hie fundamentalistesch-reliéis Kontakter.

Relioun[änneren | Quelltext änneren]

Als Saudi-Araber ass den Osama bin Laden an der Traditioun vun de Wahabiten opgewuess, eng pietistesch an ultrakonservativ Richtung vum sunitteschen Islam, déi am 18. Joerhonnert op der arabescher Hallefinsel entstanen ass.

Militäresch Karriär[änneren | Quelltext änneren]

Afghanistan Krich[änneren | Quelltext änneren]

D'Revolution am Iran ënner dem Ayatollah Chomeini an d'sowjetesch Invasioun am Afghanistan dat selwecht Joer hunn hien iwwerzeegt, e gewaltsame Kampf fir eng geeenten islamesch arabesch Welt féieren ze missen, eng nei Pax Arabica.

Hie war vun 1980 bis 1988 Mudschaheddin-Guerilla-Féierer an huet mat der Ënnerstëtzung vum pakistanesche Geheimdéngscht ISI an der CIA am Afghanistan d'Rout Arméi bekämpft.

1982 huet den Osama bin Laden sech fir d'éischt Kéier entschloss, och direkt an den Afghanistan ze goen. Hien huet eng gréisser Zuel vu Baumaschinnen, wéi dréngend fir d'Ofwierlogistik gebraucht Bulldozer an änlecht Material, an d'Land bruecht.

Openthalt a Saudiarabien[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ofzuch vun de sowjeteschen Truppen huet de Bin Laden an der Firma vu sengem Papp a Saudiarabien geschafft. Am Zweete Golfkrich 1990/91 huet hien ëffentlech d'Stationéierung vun US-amerikaneschen Zaldoten a Saudiarabien kritiséiert. Hien hat d'Virstellung, datt seng Mudschaheddin d'Iraker aus Kuwait verdreiwe sollten. Dat gouf vum saudesche Kinnekshaus awer refuséiert. Doropshin huet hien all Sympathië vum saudesche Kinnekshaus verluer.

1993–1995 Openthalt zu Sarajevo[änneren | Quelltext änneren]

De Bin Laden huet an de Jugoslawienkricher kleng Convoie vun arabesche Rekrute finanzéiert, déi eng 100 km nërdlech vu Sarajevo en Trainingscamp gehat sollen hunn, fir de muselmanesche Bosnier ze hëllefen. Duerno soll al-Qaida och nach der muselmanescher UÇK am Kosovo gehollef hunn.

Et ass ëmstridden op de Bin Laden och selwer déi Zäit a Bosnien an Herzegowina gelieft huet. Sécher ass op alle Fall datt en 1993 e bosnesche Pass krut. D'Regierung zu Sarajevo huet duerno erkläert, de Bin Laden wier säi bosnesche Pass net perséinlech siche kommen, an d'Leit an der bosnescher Ambassade zu Wien déi de Pass ausgetallt hunn hätten net gewosst wien de Bin Laden wier.

1994-1996 Zäitweise Wunnsëtz a Libyen[änneren | Quelltext änneren]

De Bin Laden soll sech zäitweis an der Stad Jabala-Larde net wäit vu Bengasi opgehalen hunn.

1998 Éischten internationalen Haftbefehl[änneren | Quelltext änneren]

Den éischten Haftbefehl géint de Bin Laden gouf vu Libyen de 16. Mäerz 1998 ugefrot a vun Interpol de 15. Abrëll 1998 verbreet. E gouf dem Mord un zwéi Beamte vum Bundesnoriichtendéngscht verdächtegt.

1996 bis 2011 - Afghanistan[änneren | Quelltext änneren]

Dem Osama seng lescht Residenz zu Abbottabad

Opgrond vu saudeschem an US-amerikaneschem Drock huet de Sudan 1996 den Osama Bin Laden aus dem Land verwisen, deen doropshin erëm an den Afghanistan gereest war, wou hien ongeféier 50 militäresch Camp'en opgeriicht huet. 1998 huet seng Organisatioun mat där vum Aiman az-Zawahiri fusionéiert.

An der Zäit duerno huet hien déi éischt Dschihad-Erklärung publizéiert: Zil vu senger Organisatioun al-Qaida wier „d'Verdreiwe vun amerikaneschen Truppen aus der Golfregioun, de Stuerz vum saudesche Kinnekshaus an domat d'Befreiung vun den hellege Gebaier vun de Moslemen an déi weltwäit Ënnerstëtzung vu militanten islamesche Gruppen“.

An der Tëschenzäit gouf vu russescher Säit spekuléiert, de Bin Laden hätt sech am georgesche Pankissi-Dall verstoppt gehalen.

Als Chef vun der islamescher Organisatioun al-Qaida (d. h. Basis, Datebank) gouf him reprochéiert, Drotzéier vu verschiddenen Terroruschléi ze sinn. Him gouf och virgeworf, Initiator a Virdenker vun den Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA ze sinn. Den Ugrëff vun den USA op den Afghanistan huet bezweckt - sou déi offiziell Stellungnam vun den USA - d'Festnam vum Bin Laden an d'Zerschloe vu senger Organisatioun am Land.

No der Bombardéierung vum Bin Laden senger Biergfestung Tora Bora am Dezember 2001 war d'éischt onkloer, ob hie selwer dobäi ëmkoum oder iwwerlieft huet a sech an d'Ausland ofsetze konnt. Duerno gouf awer dovun ausgaangen, net zu lescht wéinst Billermatérial, dat ëmmer nei opgedaucht ass, datt e sech am Grenzgebitt tëscht dem Afghanistan a Pakistan (Waziristan) opgehalen huet.

Am Februar 2004 gouf gemellt, datt den Osama bin Laden am Nordweste vum Pakistan agekreest gi wier. De Bin Laden an ongeféier fofzeg vu sengen Unhänger wieren an engem ronn 16x16 km grousse Bierggebitt nërdlech vun de Stied Khanozai, Murgha an Quetta no bei der afghanescher Grenz lokaliséiert ginn. D'USA an de Pakistan dementéieren dat awer.

Den 20. Juni 2005 huet den amtéierende Chef vum US-amerikanesche Noriichtendéngscht CIA, Porter Gross, an engem Interview mam US-Magazin Time bekannt ginn, datt hie wéisst, wou de Bin Laden sech géif ophalen. Hien huet ugedeit, datt en auslännesche Staat d'Hand iwwer den Osama bin Laden géif halen. Et gouf ugeholl, datt dëst de Pakistan wier an d'Regierung am Land aus bannepolitesche Grënn keng Ausliwwerung wéinst radikale Stréimungen am eegene Land kéint duerchféieren.

2011 huet den US-President Barack Obama an enger Televisiounsusprooch den Doud vum Osama Bin Laden am Alter vu 54 Joer matgedeelt.[1] Am fréie Muere vum 2. Mee 2011 (pakistanesch Zäit) gouf e vu Spezialeenheete vun den Navy Seals am zweete Stock vu sengem Haus zu Abbottabad erschoss. Bei där vum Obama ordonéierter Militäraktioun koumen nach véier weider Persounen ëm d'Liewen, dorënner e Bouf vum Bin Laden. No enger DNA-Analys fir seng Identitéit mat Sécherheet bestätegen ze kënnen, gouf seng Läich nach dee selwechten Dag un enger geheimer Plaz vu Bord vun engem Fligerdréier dem Arabesche Mier iwwerginn.

Finanzen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'USA beméie sech d'Finanze vum Osama bin Laden anzefréieren.
  • D'Islamesch Bank zu Tirana soll hiert Grondkapital zu 60 Prozent aus der Schatull vum Bin Laden kritt hunn (Quell: "Wie der Dschihad nach Europa kam", vum J.Elsässer).
  • Paräis huet d'Enquêten zu de Finanzstréim vum Bin-Laden-Clan ausgewäit.
  • Den Osama an de Yeslam bin Laden hate vun 1990 bis 1997 e Kont zesumme bei der Schwäizer Bank UBS.
  • 241 Milliounen Euro sollen iwwer déi Däitsch Bank an de Pakistan un Al-Kaida-Féierer gefloss sinn (Quellen: [1], [2] [3])

Säi System[änneren | Quelltext änneren]

Dem Bin Laden säi System bestoung aus der Zesummefaassung vu mëttelalterleche Reliounsfragmenter, dem Kampfgeescht vun de Beduinen an dem arabeschen Nationalstolz, verbonne mat Militär-, Medien- an Geheimdéngschttechniken. Dobäi gouf hie vun e puer Memberen aus senger räicher a wäit veräschtelter Famill (dorënner och offiziell Waffenhändler) ënnerstëtzt. Dee System huet relativ stabil funktionéiert, trotz enger Belounung vun am Ganze 27 Milliounen US-Dollar vu Säite vun der Bush-Regierung, militäreschen Operatiounen a finanziell Ausdréchnungsversich. Säi Wonsch war et, e Staat deen nëmmen aus Mosleme besteet als Weltstaat ze kontrolléieren.

Terroruschléi[änneren | Quelltext änneren]

Terror-Attacken, déi mam Osama bin Laden a Relatioun bruecht ginn:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Osama bin Laden – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Artikel am Spiegel Online