Philip Crowther

Vu Wikipedia
Philip Crowther
De Philip Crowther (2019)
Gebuer 1981
Lëtzebuerg
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Däitschland, Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
King’s College London
Aktivitéit Journalist
De Philip Crowther, ëmgi vum Premier Xavier Bëttel, dem Groussherzog Henri an dem Chamberpresident Fernand Etgen kritt de Gielchen Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg iwwerreecht

De Philip Crowther, gebuer 1981, ass e brittesch - däitsch - lëtzebuergesche Journalist.

Hien ass am Wäissen Haus Korrespondent fir ë. a. France 24, RTBF, RTL Télé Lëtzebuerg an de Radio 100,7 a Member vun der White House Correspondents' Association.

Am Kader vun der Vereedegung vum 46. US-amerikanesche President 2021 gouf hien international als polyglotte Journalist bekannt well hie fléissend op Franséisch, Spuenesch, Portugisesch, Englesch, Däitsch a Lëtzebuergesch kommentéiert huet.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Philip Crowther ass als Bouf vun enger däitscher Mamm an engem englesche Papp zu Mamer opgewuess. Hie war am Stater Kolléisch, wou hien 2001 seng Première gemaach huet ier hien zu London um King's College Spuenesch studéiert huet a säi Studium 2008 mat engem Bachelor of Arts ofgeschloss huet. Hien huet och nach en Zousazstudium am Tëlee-Journalismus op der University of the Arts gemaach.

Ier hien op Washington geplënnert ass wou hien elo wunnt a schafft, war hie Reporter bei France 24 zu Paräis an huet ë. a. an Italien, Angola, Südafrika, Däitschland, Groussbritannien an a Libyen, Reportagë gemaach .

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

  • 2006: Sportsreporter bei El País am Uruguay
  • zënter 2011: fräischaffende Reporter bei Radio France internationale
  • zënter 2011: White House Correspondent
  • zënter 2019: International Affiliate Reporter bei der Associated Press
  • fräischaffende Reporter ë. a. bei France 24, RTL Télé Lëtzebuerg, RTBF a Radio 100,7

Auszeechnungen a Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • Prize of Professional Excellence 2021 vun der Association of Foreign Press Correspondents[1]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. [https://archive.ph/20220223072510/https://foreignpress.org/news/philip-crowther-the-most-important-part-of-our-jobs-is-to-be-accurate " 'The most important part of our jobs is to be accurate'. " op foreignpress.com, 2021-12-01.
  2. Die „Lëtzebuerger Success Story“ im Lichte der jüngsten Krisen. Luxemburger Wort - Deutsche Ausgabe (2022-06-23). Gekuckt de(n) 2022-06-23.
  3. (fr)Ministère d’État - Promotion générale dans les Ordres nationaux - Nominations.. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2024-02-24.