Pierre Kauthen

Vu Wikipedia
Pierre Kauthen
Gebuer 30. Juli 1936
Déifferdeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Politiker, Historiker

De Pierre Kauthen, gebuer den 30. Juli 1936 zu Déifferdeng, ass e lëtzebuergesche pensionéierte Lycéesprofesser, Lokalpolitiker an Historiker.[1]

Studium

De Pierre Kauthen war vun 1948 u Schüler am Stater Atheneum, wou hien 1955 de Premièresexame gemaach huet. Dono huet hien zu Lëtzebuerg (Cours supérieurs), Paräis (Sorbonne) an Aix-en-Provence (Faculté des lettres) Literatur studéiert. Den 10. Mäerz 1960 huet hien am Kader vun der Collation des grades säi lëtzebuergeschen Doctorat en philosophie et lettres mat de Fächer Franséisch, Latäin an Algriichesch erfollegräich bestanen.[1]

Professer am LCE

No engem obligatoresche Militärdéngscht (3. Abrëll 1960 bis 3. Januar 1961) huet hien de 4. Januar 1961 zu Iechternach am LCE (Lycée classique d'Echternach) als Stagiär ugefaangen. Säi prakteschen Examen um Enn vum Stage huet hie mat der Verdeedegung vun enger wëssenschaftlecher Dissertatioun, déi als Sujet „L’humour de Mallarmé (1962) hat, ofgeschloss. Am August 1962 krut hie seng Nominatioun als Repetent an am August 1963 déi als Professer. Seng weider Carrière huet sech och am LCE ofgespillt. Vun 1980 bis 1984 war hien Directeur-adjoint, am Dezember 1989 gouf hie Conseiller pédagogique (Sproochen), den 1. Oktober 1996 ass hien als Professeur honoraire pensionéiert ginn.[1]

Lokalpolitiker

De Pierre Kauthen war vun 1976 bis 1996 als Member vun der CSV-Fraktioun am Iechternacher Gemengerot. Vun 1982 bis 1988 war hien 1. Schäffen.[1]

De Pierre Kauthen war de President vun der Kommissioun, déi sech vum Mäerz 1995 un ëm d'Organisatioun vum 1300. Anniversaire vun der Grënnung vun der Abtei Iechternach, deen 1998 gefeiert gouf, gekëmmert huet.[2]

Kulturell Veräiner

De Pierre Kauthen war Grënnungsmember vun den Amis du Vieil Echternach (1965). Vun 1967 bis 1998 war hie President vun der Iechternacher Sektioun vun den Amitiés françaises.[3] Am Februar 1978 gouf hie Chevalier am Ordre des Palmes académiques.[1]

Vun 1988[4] bis 2014[1] war de Pierre Kauthen President vum Cercle philatélique d'Echternach.

Willibrordus-Bauveräin a Sprangprëssessioun

Vun 1989 bis 2014 war de Pierre Kauthen President vum Willibrordus-Bauveräin.[1]

Vun 1976 un huet hien zur Equipe, déi d'Iechternacher Sprangprëssessioun organiséiert, gehéiert. Vun 2002 bis 2009 war hien de Coordinateur vum Aarbechtsgrupp, deen den Dossier elaboréiert huet, dee fir d'Klasséierung vun der Sprangprëssessioun als immaterielle kulturelle Patrimoine duerch d’UNESCO agereecht gouf.[1]

Asaz an der kathoulescher Kierch

De Pierre Kauthen huet un der IV. Diözesansynod (1972-1981) deelgeholl. Hie war Member vun der Zentralkommissioun, President vun der liturgescher Kommissioun a Moderator vun der Sessioun, déi dem Dokument „Ehe und Familie“ (13. Juni 1981) gewidmet war.[1]

Member vum Institut grand-ducal

Den 29. Juni 2012 ass de Pierre Kauthen als Membre correspondant an d’historesch Sektioun vum Institut grand-ducal opgeholl ginn.[1]

Publikatiounen

De Pierre Kauthen ass den Auteur vun enger ganzer Rei vun Studien an Artikelen iwwer d'Sprangprëssessioun, de Willibrorduskult an d'Lokalgeschicht vun Iechternach. Donieft huet hie Chronike vun der Abtei an der Par Iechternach aus dem Latäin op Däitsch oder Franséisch iwwersat. Vun 1990 bis 2005 war hie fir déi redaktionell Leedung vum Feliciter verantwortlech.

Bicher a Broschüren

  • Oswald Keess : La retraite honorable et religieuse, traduit et commenté par Pierre Kauthen et Pol Schiltz, Archives nationales de Luxembourg, 2008, 264 p.
  • Ephemeriden des Placidus Eringer, Übersetzung und Kommentar von Pol Schiltz und Pierre Kauthen, Archives nationales de Luxembourg, 2009, 240 S.
  • Oswald Keess, Collectarium Documentorum atque Memorabilium Parochialis Ecclesiae Sanctorum Petri et Pauli in Epternaco, übersetzt und übertragen von Pierre Kauthen. Ed. Willibrordus-Bauverein a.s.b.l., 2012, 181 S.
  • 150 Jahre Willibrordus-Bauverein Echternach 1862-2012. Ed. Willibrordus-Bauverein a.s.b.l., 2012, 236 p.
  • Die Muttergotteskapelle in Echternach. Ed. Willibrordus-Bauverein a.s.b.l., 2013, 31 S.
  • St. Willibrord, Das Beispiel eines Heiligen. Ed. Willibrordus-Bauverein a.s.b.l, 2013, 51 S.
  • Saint Willibrord, Une vie exemplaire. Ed. Œuvre Saint-Willibrord a.s.b.l., 2014, 51 p.
  • Lettres de l'abbé Jean Bertels à son cellérier Jean de Luxembourg. Traduction : Pierre Kauthen. Notes et commentaires de Pol Schiltz. Ed. Œuvre Saint-Willibrord a.s.b.l., Sources epternaciennes, vol. 2, Trier, 2016, 115 p.
  • St. Willibrord, The Model of a Saint, translated by Michel Summer. Ed. Willibrordus-Bauverein a.s.b.l., 2020, 51 p.

Artikelen

  • La procession dansante d'Echternach et ses descriptions au 19e siècle. Hémecht 1979/3 , p. 405-438.
  • La procession dansante dans la 1ère moitié du 20e siècle. In: Willibrord, Apostel der Niederlande, Gründer der Abtei Echternach, herausgegeben von Georges Kiesel und Jean Schroeder, Luxemburg, 1989, S. 251-263.
  • La procession dansante dans la deuxième moitié du XXe siècle. Hémecht 2004/2, p. 153-169.
  • Du Collège au Lycée classique d’Echternach (1803-1991). In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch 1841-1991, Luxembourg, 1992, p. 45-169.
  • Das Leben der Echternacher Bevölkerung in der Evakuation (1944-1945). In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1994, Echternach 1995, S. 81-110.
  • Die Rückkehr der Echternacher aus der Evakuation und der Beginn der Rekonstruktion. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1995, Echternach, 1996, S. 7-25.
  • Die Springprozession vor 50 Jahren, « Es war dies die denkwürdigste Prozession, die Echternach je gesehen » (LW.23.5.1945). In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1995, Echternach, 1996, S. 60-62.
  • Le Convict au fil des temps. In: Nos Cahiers 1997/4, p. 67-76.
  • Fidélité et ouverture. Le Convict épiscopal de 1940 à 1960. In: 125e anniversaire du Convict épiscopal de Luxembourg, Luxembourg, 1997, p. 181-204.
  • Das Leben der Echternacher Bevölkerung unter der deutschen Besatzung (1940-1944). In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1996, Echternach 1997, S.151-182.
  • Le Canton d'Echternach. De l'entité administrative à l'unité des sentiments. Nos Cahiers, 1998, 2/3, p. 9-29.
  • Echternacher mundartliche Köstlichkeiten. Nos Cahiers 1998, 2/3, S. 445-449.
  • Echternach 698-1998, Chronik des Jubiläumsjahres. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1999, Echternach 1999, S. 363-403.
  • Johannes Bertels, Echternach, Kapitel aus der Historia Luxemburgensis, übersetzt von Pierre Kauthen. In: Analecta Epternacensia, Beiträge zur Bibliothekgeschichte der Abtei Echternach, Bibliothèque nationale de Luxembourg, Stadtbibliothek Trier, Luxemburg, 2000, S. 101-173.
  • Johannes Bertels, Das Kloster der hl. Klara, Kapitel aus der Historia Luxemburgensis, übersetzt von Pierre Kauthen. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 2001, Echternach 2001, S. 11-15.
  • La vénération des Rois Mages à Echternach. Hémecht 2009/4, p. 495-511.
  • Ein plettel foll forellen. Bulletin de liaison des Anciens de l'Athénée, Fasc. 29, Septembre 2010, p. 5-8.
  • Vom Fraubillenkreuz zum Grab des hl. Willibrord. Der freudige Weg vom Heidentum zum Christentum. Hémecht 2011/1, S. 5-19.
  • Die Echternacher Springprozession. Ein weltweites anerkanntes und geschütztes Kulturerbe. Luxemburger Marienkalender 2012, S. 7-18.
  • Le patrimoine culturel immatériel à l'exemple de la Procession dansante d'Echternach. Nos Cahiers, 2014/2, p. 119-128.
  • Mit David tanzen. Luxemburger Wort, 11.6.2011, S. 42-43.
  • Willibrord gestern und heute für eine humanere Welt. Prägnante Zeichen aus vergangenen Jahrhunderten dies- und jenseits der Grenze. Luxemburger Wort, 6.11.2004, S. 47-48.
  • Echternach und die Springprozession. In: M. Klöcker & U. Tworuschka, Handbuch der Religionen, Bd. 3, Olzog, München, 2012, I-23.4, S. 1-14.

Referenzen

  1. 1,00 1,01 1,02 1,03 1,04 1,05 1,06 1,07 1,08 1,09 Email vum Pierre Kauthen vum 1. August 2020 mat engem Curriculum vitae.
  2. Pierre Kauthen, 1999. Echternach 698-1998, Chronik des Jubiläumsjahres. In: Jahrbuch der Stadt Echternach 1999, Echternach 1999, S. 363-403.
  3. Frank Wilhelm: Echternach. Pierre Kauthen a assumé la présidence des Amitiés françaises pendant 30 ans. Luxemburger Wort 1998-04-09.
  4. Kauthen, P., 1998. Vereinschronik. In: Cercle Philatélique Echternach (éd.): 57e Journée du Timbre Echternach, S. 129.