RGTR-Linn 655
(Virugeleet vu(n) RGTR-Linn 226)
Bustyp | Standardbus |
---|---|
Bedreiwer | RGTR |
Trajet |
Alzeng - Cloche d'or - Leideleng - Bartreng |
Bemierkung | D'Linn zielt als eng vun den éischte RGTR Linne déi mat Elektro-Hybridbusse gefuer gëtt. |
Terminus 1 | |
Numm | Alzeng, Hondsbreck |
Koordinaten | 49° 33’ 52.7’’ N 06° 09’ 44.3’’ O |
Terminus 2 | |
Numm | Bartreng, Belle Étoile |
Koordinaten | 49° 37’ 18.9’’ N 06° 02’ 57’’ O |
Aller | |
Fuerzäit | 50 Min. |
Halten | 38 |
Retour | |
Fuerzäit | 54 Min. |
Halten | 39 |
Takt | |
Méindes-Freides | 30 Min. |
Samschdeg | 30 Min. |
Sonndeg | 120 Min. |
D'RGTR-Linn 655 ass eng Buslinn déi am Kader vum RGTR am Optrag vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten all 30 Minutten um Trajet Alzeng – Houwald – Cloche d'or – Leideleng – Helfenter Bréck – Bartreng/Belle Étoile fiert. Virum 17. Juli 2022 ass se als Linn 226 gefuer.
Halten op der Linn[änneren | Quelltext änneren]
(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang 07/2022 publizéiert sinn.)
Entwécklung vun der Linn 226[änneren | Quelltext änneren]
- Vum 2. Juni 2014 bis den 31. Januar 2017 ass se als AVL-Linn 26 um Trajet Stater Gare – Houwald – Cloche d'or – Leideleng – Helfenter Bréck – Bartreng/Belle Étoile gefuer ginn.
- Den 9. Juni 2017 huet de Minister François Bausch, zesumme mat den Hesper Gemengeréit den neien Tracé vun der Linn 226 presentéiert. Se koum zustan duerch eng Zesummenaarbecht vun der Stad Lëtzebuerg mat hiren Nopeschgemenge Bartreng, Hesper, Leideleng, Stroossen an dem deemolege Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastrukturen am Kader vun der „DICI[1] Konventioun fir déi koordinéiert an integrativ interkommunal Entwécklung am Südweste vun der Stad Lëtzebuerg”. D'Zil vun dëser Konventioun ass et fir ë. a. d'Liewensqualitéit ze verbesseren an d'Natur z'erhalen.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Ligne 655 (RGTR) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]
- ↑ „Convention relative à un Développement Intercommunal Coordonné et Intégratif du Sud-Ouest de l'agglomération de la Ville de Luxembourg“ „DICI Sud-Ouest“