Op den Inhalt sprangen

RGTR-Linn 307

Vu Wikipedia
RGTR-Linn 307
Beetebuerg - Esch-Uelzecht
Bedreiwer Régime général des transports routiers
vu(n) Gare Beetebuerg 49°30'55"N, 6°6'7"O
op Gare Esch-Uelzecht 49°29'41"N, 5°59'9"O
iwwer Beetebuerg, Fenneng, Hunchereng, Näerzeng, Biergem, Steebrécken, Féiz, Monnerech, Esch-Uelzecht
Gefiertyp Standardbus, Gelenkbus
opgaang September 2017
zougemaach 16. Juli 2022
Technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Fuerzäit 32 min, 32 min

D'RGTR-Linn 307 war vu September 2017 bis de 16. Juli 2022 eng Buslinn vum Régime général des transports routiers.

Halten op der Linn

[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert waren.)

Linn 307 Bemierkung
BETTEMBOURG, Gare
BETTEMBOURG, Kiercheplaz
BETTEMBOURG, Rousegäertchen
FENNANGE, Rue des Champs
FENNANGE, Am Duerf
HUNCHERANGE, Route d'Esch 1
HUNCHERANGE, Kräizung
HUNCHERANGE, Kierch
NOERTZANGE, Route Principale
NOERTZANGE, Am Duerf
NOERTZANGE, Lohrwies
BERGEM, Naerzengerstrooss
BERGEM, Am Haff
BERGEM, Centre
BERGEM, Steebréckerwee
PONTPIERRE, Steewee
PONTPIERRE, Kierch
PONTPIERRE, Op der Bréck
FOETZ, Butterbrill
FOETZ, Rond Point
MONDERCANGE, Krombach
MONDERCANGE, Dokter
MONDERCANGE, Dirbett
MONDERCANGE, Cité Steichen
ESCH-SUR-ALZETTE, Rue Henri Dunant
ESCH-SUR-ALZETTE, LHCE
ESCH-SUR-ALZETTE, Piscine municipale
ESCH-SUR-ALZETTE, rue Large
ESCH-SUR-ALZETTE, Grand-rue
ESCH-SUR-ALZETTE, Place Hôtel de Ville
ESCH-SUR-ALZETTE, Gare Quai B2

Entwécklung vun der Linn 307

[änneren | Quelltext änneren]

D'RGTR-Linn 307 gouf 1997 a Betrib geholl. Deemools huet se den Trajet vun der Beetebuerger Gare iwwer Näerzeng weider op Keel bis op Rëmeleng gemeet.

2005 gouf d'Linn 307 reorganiséiert an an 2 Linne gedeelt: Déi eng, d'Linn 197, verbënnt nach bis haut Ëtteng, Rëmeleng, Téiteng a Keel direkt mat der Stater Gare. Déi aner, d'Linn 307 huet den Trajet vun der Beetebuerger Gare iwwer Näerzeng a Schëffleng bis op d'Escher Gare gemaach, well den alen Trajet net méi rentabel war an et d'Leit op Esch gezunn huet. Spéider ass se vu Beetebuerg iwwer Näerzeng, Steebrécken, Féiz a Schëffleng op Esch-Uelzecht gaangen. Wéinst Aarbechten op der Näerzenger Gare[Wéini?] konnt se net méi den direkten Trajet vun Näerzeng op Biergem maachen an ass dowéinst erëm zeréck op Hunchereng gefuer fir vun do aus op Biergem ze fueren. Dat gouf och no den Aarbechte bäibehalen, well déi deemeols nei MAN-Bussen net méi iwwer d'Barriär zu Näerzeng komm sinn.

Am September 2017 gouf et e grousse Changement: D'Linn 307 koum duerch den Asaz vu méi klenge Bussen (MAN Lion's Regio C, Irizar Integral 4 (zwar 15 Meter laang mä zimmlech héich) a Mercedes Citaro Ü) konnt d'Linn nees iwwer d'Barriär zu Näerzeng gefouert ginn an huet dunn och Monnerech ugefuer. Allerdéngs gouf Schëffleng dobäi fale gelooss.

Et gouf zwou Varianten: déi eng ass vu Féiz op Monnerech gefuer an déi zweet vu Steebrecken direkt iwwer de Vëloswee iwwer d'Pafenheck op Monnerech ouni Féiz unzefueren. Zu Esch ass se laanscht d'Schwämm op d'Gare gefuer. Fir zeréck ass se laanscht de Jongelycée an den CHEM op Lalleng gefuer.

Et war déi éischt Linn déi den neien CR106 vu Monnerech op Esch-Lalleng benotzt huet.

D'Linn gouf de 16. Juli 2022 zougemaach.

D'CFL huet den Transport organiséiert.

Lëscht vun den RGTR-Buslinnen

 Commons: RGTR-Linn 307 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]