Saint-Barthélemy (Insel)
Saint-Barthélemy | |
---|---|
Geographie | |
Kontinent | Nord- a Mëttelamerika |
Land | Frankräich |
Läit an/am | Karibescht Mier |
Gehéiert zu | Kleng Antillen, Inselen ënner dem Wand, Karibik |
Koordinaten | 17°53'51,82"N, 62°50'3,28"W |
Fläch | 24 km² |
Héchste Punkt | Morne du Vitet (286 m) |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Frankräich |
Haaptuert | Gustavia |
Demographie | |
Awunner | 10.124 |
Awunnerdatum | 2018 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 1493 (julianesch) |
Genannt no | Bartolomeo Kolumbus |
Zäitzon | Atlantic Standard Time Zone |
Wärung | Euro |
Nationalhymn | La Marseillaise |
Internat. Telefonsprefix | +590 |
Saint-Barthélemy (och St. Barts genannt) ass eng Insel vun de Klengen Antillen, déi, als Collectivité d'outre-mer (COM) zu Frankräich gehéiert. Bis Februar 2007 war s'en Deel vum Iwwerséidepartement Gouadeloupe, an duerno, bis den 31. Dezember 2011, eng Commune d'Outre-mer.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Insel, op där Karaibe gelieft hunn, gouf 1493 vum Christoph Kolumbus entdeckt an nom Patréiner vu sengem Brudder Bartolomeo genannt.
1648 hunn d'Fransousen ugefaangen, d'Insel ze koloniséieren. 1651 huet d'franséisch Kroun d'Insel un de Malteeseruerde verkaaft. 5 Joer drop sinn d'Siidler vun den Urawunner verdriwwe ginn, an eréischt 1763 hu sech op en Neits franséisch Siidler do néiergelooss. Si koume virun allem aus der Normandie an aus der Bretagne, wat och nach haut am patois vun den Awunner ze héieren ass.
Well d'Insel net vill hierginn huet - d'Drénkwaasser z. B. huet misse mat Schëffer erbäitransportéiert ginn -, huet de franséische Kinnek Louis XVI. se 1785 dem schweedesche Kinnek Gustav III., am Tosch géint en Handelsrecht mat Göteborg, iwwerlooss. Nom Gustav genannt ass déi haiteg Haaptstad Gustavia. Deen Hafen hat de Status vun engem Fräihandelshafen an ass wirtschaftlech opgeblitt, bis 1852 e Feier bal déi ganz Uertschaft zerstéiert huet. Den 10. August 1877 hunn d'Fransousen d'Insel nees fir 80.000 Francs zeréckkaaft.
Bis an d'Hallschent vum 20. Joerhonnert huet d'Insel vu Fëschfank, e bësse Landwirtschaft a Kottengsplantage gelieft. Dunn huet e Grappvoll Milliardären, dorënner den David Rockefeller an den Edmond de Rothschild Gefalen un der ofgeleeëner Insel fonnt, a sech do Villae baue gelooss. Och e Luxushotel, wou d'Stare vun deemools sech d'Klensch an d'Hand ginn hunn, huet mat dozou bäigedroen, datt St. Barthélemy haut eng Zort Monaco an der Karibik ass. Luxustourismus ass dann och d'Haaptwirtschaftsquell vun der Insel.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Als Collectivité d'outre-mer gëtt Saint-Barthélemy vun engem Conseil territorial verwalt, deen aus 19 Membere besteet, an engem Conseil exécutif vu 7 Memberen mat engem President.
D'Collectivitéit huet d'Kompetenze vun enger Gemeng, engem Departement an enger Regioun. De Sëtz ass den Hôtel de la Collectivité, am Gebai vum fréiere Gemengenhaus, zu Gustavia.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Saint-Barthélemy – Biller, Videoen oder Audiodateien |