Victor Molitor

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

De Victor Molitor, gebuer de 5. Abrëll 1911 zu Lëtzebuerg an och do gestuerwen de 7. Januar 1964 war e lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a Publizist.

Säi Papp war Postbeamten an de Victor Molitor huet seng Jugend zu Dikrech an an der Stad verbruecht. Säi Studium am Stater Kolléisch huet hien dat Joer virun der Première fir bal zwee Joer ënnerbrach, fir sech mat engem Frënd op engem Schëff z'engagéieren. Duerno huet hien de Premièresexamen an d'Cours supérieurs gemaach ier hien op Paräis an d'École des journalistes an op den Institut des hautes études' internationales Journalismus, Ekonomie a Geschicht studéiere goung. No engem weidere kuerze Studium zu Berlin koum hien zréck op Lëtzebuerg.

1938 war hie Speaker an Traducteur bei Radio-Luxemburg, wou déi Däitsch hien 1940 entlooss hunn. 1943 gouf hien op Schreckenstein ëmgesidelt.

Nom Krich war hie fir eng kuerz Zäit Direkter vun der Zeitung La Meuse-Luxembourg ier hien 1945 den éischten Direkter vun der Nationallotterie gouf. An dëser Funktioun huet hie ville lëtzebuergeschen Talenter, wéi Sänger, Musikanten, Acteuren an anere Kënschtler, d'Méiglechkeet offréiert sech, am Kaderprogramm bei den Zéiunge vun der Loterie Nationale, dem breede Public ze presentéieren. Zousätzlech huet hie fir Graphiker Concourse fir d'Kreatioun vun den Nationallotteriesaffichen ausgeschriwwen.

De Victor Molitor huet reegelméisseg Artikele vir auslännesch a Lëtzebuerger Zeitungen an Zäitschrëfte geschriwwen. Hie war Mataarbechter an der Revue, de Les Cahiers luxembourgeois an der Academia. Fir d'Revue huet hien haaptsächlech Interviewe gemaach. Hien huet dräi Bicher publizéiert

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • V. Molitor, 1939 Histoire de l'idéologie politique dans le Grand-Duché de Luxembourg de 1841 à 1867 Verlag Worré-Mertens 310 p.
  • V. Molitor, 1946 Glanz im Gewitter Dréckerei Luja-Beffort 78 p.
  • V. Molitor, 1961 Journalismus und Dichtung für Luxemburg Verlag François Mersch 228 p.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]