Wikipedia:Läschen
Dës Säit soll Iech eng Méiglechkeet gi fir d'Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen a wann néideg driwwer ze diskutéieren, ob d'Läsche wierklech ubruecht ass.
Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass, se Affer vu Vandalismus gouf oder de Contenu op eng aner Säit geréckelt gouf, kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an duerch d'Schabloun:Läschen mam Grond fir d'Läschen ersetzen (z. B. {{Läschen|Gouf geréckelt}} oder {{Läschen|Vandalismus}}). Doduerch gëtt den Artikel automatesch an d'Kategorie:Läschen gesat. Beispiller fir Contenu, wou et ze schued gewiescht wier, en einfach ze läschen, sinn an eisem Schmunzeleck veréiwegt.
Am Fall wou et manner kloer ass, ob eng Säit geläscht soll ginn oder net, soll een de Contenu net läschen, mee just uewen an den Artikel d'Schabloun:Läschen setzen an de Grond fir d'Läschpropos uginn. Duerno kann op dëser Säit een neien Abschnitt ugeluecht ginn, wou iwwert d'Läsche vun deem Artikel ofgestëmmt ka ginn.
Ofgestëmmt gëtt ab dem Dag vun der Läschpropos eng Woch laang. Dofir kann een déi follgend Symboler benotzen, optional eng Begrënnung derbäischreiwen a mat --~~~~ ënnerschreiwen:
- Pro, wann ee fir d'Läschen ass.
- Kontra, wann ee géint d'Läschen ass.
- Neutral, wann ee weder dofir nach dogéint ass, awer trotzdeem seng Meenung bäidroe wëll.
Ofstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschpropos aktiv waren. Aktiv bedeit, datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg oder 50 Ännerungen am Ganzen op Artikele vun der Lëtzebuergescher Wikipedia gemaach huet.
Kuckt Iech wgl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'Relevanzkrittären vun der Lëtzebuergescher Wikipedia un.
Archivéiert Diskussioune fannt Dir am Archiv 2008/2009 an am Archiv vun de Joren duerno.
- Pro: och wann en déi meescht Stëmme bei de Gemengewale krut, misst de Mann op d'mannst Buergermeeschter sinn (elo, net eventuell an x Joren) GilPe (Diskussioun) 16:46, 19. Jun. 2023 (UTC)
- Pro idem --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 19. Jun. 2023 (UTC)
- <?> Hei hu mer en eppes spezielle Fall: En Nach-net-Buergermeeschter: Wann haut fest steet (sou verstinn ech dat op d'mannst) dass de Buergermeeschterposten tëscht zwou Koalitiounsparteie gedeelt gëtt, an se sech eens sinn, wéini wien 'drun' ass, ass dat fir mech 'stabil' genuch, dass de Relevanzcritère 'Buergermeeschter' hei ugewandt géif. Ech verstinn awer och d'Argument, einfach emol ofzewaarden, bis dat souwäit ass (dh an zwee Joer). --Zinneke (Diskussioun) 06:30, 20. Jun. 2023 (UTC)
- Fir mech e valabelt Argument, wann déi zwee Joer wéi erwaart oflafen. Ech sinn am Prinzip géint d'Zukunftsmusek well mer schonn ze dacks hu misse Saachen ännere goen, mengen awer och datt mer hei nuancéiere kënnen. Wéi d'Läschschabloun an den Artikel gesat gouf, war (wéinsten am Wikiartikel) d'Informatioun, iwwer d'Buergermeeschterei net do. --Les Meloures (Diskussioun) 07:21, 20. Jun. 2023 (UTC)
- Kontra: wéi uewe beschriwwen. --Bdx (Diskussioun) 09:53, 18. Okt. 2023 (UTC)
Guy Diederich
- Pro: Geeschtlechen, Lecteur de Compteurs, Kaploun, Paschtouer schéngt mer net relevant genuch fir en Artikel. - GilPe (Diskussioun) 06:07, 1. Aug. 2023 (UTC)
- Pro Sinn och där Meenung. --Cayambe (Diskussioun) 06:23, 1. Aug. 2023 (UTC)
- Pro --Les Meloures (Diskussioun) 07:44, 1. Aug. 2023 (UTC)
- Kontra Éierebierger vun der Betzder Gemeng - ioni
- Pro --Bdx (Diskussioun) 09:53, 18. Okt. 2023 (UTC)
- Fazit: gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 10:59, 7. Nov. 2023 (UTC)
Nationalsozialismus
- Pro schéngt eng Maschinneniwwersetzung ze sinn / miserabel Sprooch --Les Meloures (Diskussioun) 08:49, 6. Sep. 2023 (UTC)
- ass geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 19:39, 6. Jul. 2024 (UTC)
- Grond: Doublon vu Kategorie:Gastropoda. --Bdx (Diskussioun) 09:53, 18. Okt. 2023 (UTC)
- Perséinlech géif ech léiwer dës behalen an déi aner läschen (cf: Weechdéieren) --Les Meloures (Diskussioun) 10:05, 18. Okt. 2023 (UTC)
- Dat géif natierlech och goen!--Bdx (Diskussioun) 10:08, 18. Okt. 2023 (UTC)
- Ech bauen dat da mol ëm. --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Merci!--Bdx (Diskussioun) 13:00, 23. Nov. 2023 (UTC)
- Ech bauen dat da mol ëm. --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Dat géif natierlech och goen!--Bdx (Diskussioun) 10:08, 18. Okt. 2023 (UTC)
- Perséinlech géif ech léiwer dës behalen an déi aner läschen (cf: Weechdéieren) --Les Meloures (Diskussioun) 10:05, 18. Okt. 2023 (UTC)
- Deen Artikel hunn ech viru méi wéi 13 Joer zwar selwer geschriwwen, mee wann ech mir en elo ukucken, dann huet e guer keng Relevanz. Et war just eng Campagne, déi jiddweree scho laang vergiess huet, an déi och kee kulturellen Impakt hat. --Bdx (Diskussioun) 16:03, 25. Okt. 2023 (UTC)
- Kontra Den Artikel weist eng op eng Campagne hin, déi séngerzäit fir Lëtzebuerg "Reklamm" gemaach huet. Firwat dat net als Zäitdokument an Erënnerung halen? D'Filmercher sinn och nach op YouTube ze gesinn. GilPe (Diskussioun) 08:53, 26. Okt. 2023 (UTC)
- Ech proposéieren, deen Artikel ze läschen, an e Redirect op Liewensmëttel ze maachen. En huet kee Méiwäert, entsprécht kengem Qualitéitscritère, besteet just aus zwee Sätz ouni Quellen, an ass menger Meenung no e Synonym fir Liewensmëttel.
D'Kategorie:Iessen an Drénken kéinte mir bäibehalen, wëll déi méi breet ass wéi d'Kategorie:Liewensmëttel.
Esou ass et zum Beispill och bei eisen däitsche Kollege mat Kategorie:Essen und Trinken.
--Bdx (Diskussioun) 10:31, 7. Nov. 2023 (UTC)
- Gouf op Ernierung geréckelt --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 7. Nov. 2023 (UTC)
- Super, merci.--Bdx (Diskussioun) 11:49, 7. Nov. 2023 (UTC)
- Gouf op Ernierung geréckelt --Les Meloures (Diskussioun) 10:57, 7. Nov. 2023 (UTC)
Misch Strotz
- proposéiert vum Zinneke: Eegepromo, Relevanz.
- Pro --Zinneke (Diskussioun) 15:10, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Pro, keng Relevanz | GilPe (Diskussioun) 15:33, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Pro idem, --Les Meloures (Diskussioun) 17:05, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Pro, erfëllt net d'Relevanzkrittären --Bdx (Diskussioun) 13:02, 23. Nov. 2023 (UTC)
Kachkéis Kultur
Grond deen ugi gouf: : minimalistesch a keng Relevanz + Eegepromotioun.
- Pro --Zinneke (Diskussioun) 15:10, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Pro, keng Relevanz | GilPe (Diskussioun) 15:33, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Pro idem, --Les Meloures (Diskussioun) 17:05, 21. Nov. 2023 (UTC)
- Pro, erfëllt net d'Relevanzkrittären --Bdx (Diskussioun) 13:07, 23. Nov. 2023 (UTC)
- Eventuell kéint den Artikel d'Relevanzkrittären an Zukunft erfëllen, wann de Podcast beweise kann, datt e sech iwwer eng länger Zäit kann halen. Mee fir de Moment huet en nach keng Relevanz, duerfir Pro --Bdx (Diskussioun) 13:07, 23. Nov. 2023 (UTC)
Fazit: gouf geläscht.
Kategorie:Filmer vu koreanesche Regisseuren
Ech proposéieren dës Kategorie ze läschen. Grond: D'Kategorie gëtt aktuell net benotzt an ech gesinn net, fir wat se gutt soll sinn, well een no Nord- a Südkorea ënnerscheede sollt. --Volvox (Diskussioun) 23:51, 24. Dez. 2023 (UTC)
- Pro --Volvox (Diskussioun) 23:52, 24. Dez. 2023 (UTC)
- Pro | GilPe (Diskussioun) 07:44, 25. Dez. 2023 (UTC)
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:37, 25. Dez. 2023 (UTC)
- Aktiounen an deem Zezummenhank bis elo:
- Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Redirect deen op falsch Artikele verweist.
- Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
- Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:50DE:DBBC:AEF2:1433 mat der Begrënnung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
- Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: net op der Säit 'Wikipedia:Läschen' begrënnt
- Läschschabloun vun der IP:2A02:A03F:A199:6C00:F998:E9C:62AF:C192 mat der Bemierkung: Dëse Redirect verweist op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn
- Réckgängeg gemaach vum Benotzer Bdx mat der Begrënnung: Vandalismus vun enger onbekannter IP déi d'Reegelen net respektéiert
- Pro Sinn och der Meenung datt Redirecten net op falsch Artikele sollen hiweisen. --Puscas (Diskussioun) 09:36, 14. Mee 2024 (UTC)
- Kontra D'Säit Longen huet op den Artikel Long virugeleet, deen d'Organ beschreift, wat meeschtens zweefach virläit an dofir gär an der Méizuel ugeschwat gëtt. Dohier verstinn ech net, awéiwäit de Redirect op „falsch Artikele verweist“ oder „op Artikelen déi näischt mat enger Long ze dinn hunn“. Et kéint een a mengen Aen héchstens argumentéieren, datt een am Prinzip kee Redirect vun der Méizuel aus mécht, mee hei kann ee mengetweegen eng Ausnam maachen, well – wéi uewe geschriwwen – meeschtens vun de Longen an der Méizuel rieds ass an ech mer denke kann, datt de potenzielle Lieser dohier och éischter „Longen“ antippt wéi „Long“. --Volvox (Diskussioun) 19:42, 14. Mee 2024 (UTC)
- Kontra Wa "Longen" op "Long" verweist (well een dat Organ am Pluriel an am Sigulier lemmatiséiere kann, a "Long" méi geleefeg ass, dofir net deen anere Wee) hunn ech kee Probleem domat.--Zinneke (Diskussioun) 20:24, 14. Mee 2024 (UTC)
- An Tëschenzäit gouf aus Longen en Artikel iwwert eng däitsch Uertsgemeng gemaach, mat Hiweis op den Artikel Long. Domat ass déi virleiend Läschpropos a mengen Ae géigestandslos ginn. --Volvox (Diskussioun) 17:44, 15. Mee 2024 (UTC)
Ana Correia da Veiga
- Pro am Ament net relevant --Les Meloures (Diskussioun) 07:52, 4. Jun. 2024 (UTC)
- Pro idem | GilPe (Diskussioun) 08:04, 4. Jun. 2024 (UTC)
- Pro D'Relevanzkrittäre fir Politiker schéngen net erfëllt ze sinn. --Volvox (Diskussioun) 20:05, 4. Jun. 2024 (UTC)
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:08, 20. Okt. 2024 (UTC)
Kategorie:Gebastels
- Pro Et schéngt, wéi wann dës Kategorie net (méi) gebraucht gëtt. Well de Les Meloures se ugeluecht huet, kann hee mir eventuell widderspriechen, fir de Fall wou ech mech ieren. --Volvox (Diskussioun) 21:20, 17. Jun. 2024 (UTC)
- Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 07:17, 18. Jun. 2024 (UTC)
Kategorie:Help
Dës Kategorie gëtt net méi gebraucht a kann dofir geläscht ginn. Robby (Diskussioun) 09:28, 22. Jun. 2024 (UTC)
- Pro Hei ass d'Diskussioun doriwwer, ob resp. firwat dës Kategorie geläscht sollt ginn. --Volvox (Diskussioun) 19:45, 6. Jul. 2024 (UTC)
- Gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 18:05, 20. Okt. 2024 (UTC)
Ouermuschel
- Pro Dës Säit sollt mat enger gewësser Drénglechkeet geläscht ginn, well se falsch Informatiounen enthält. --Volvox (Diskussioun) 19:31, 6. Jul. 2024 (UTC)
- ass geschitt, war ee vun de sëllechen Invitatiounsartikele vum Kolleeg Geméishändler --Les Meloures (Diskussioun) 19:36, 6. Jul. 2024 (UTC)
Schabloun:Iwwerschaffen 2 a Schabloun:Iwwerschaffen 2/doc
- Pro D'Schabloun:Iwwerschaffen 2 gëtt net benotzt an erfëllt dee selwechten Zweck wéi d'Schabloun:Iwwerschaffen, just – a mengen Aen – manner gutt. --Volvox (Diskussioun) 11:33, 13. Jul. 2024 (UTC)
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 16:14, 21. Okt. 2024 (UTC)
RGTR-Linn 310
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:45, 26. Okt. 2024 (UTC)
List of ISO 639 language codes
- Pro Dës Säit sollt idealerweis geläscht ginn, well ee jo scho gesäit, datt dës Säit net vun engem Benotzer ugeluecht gouf, dee Lëtzebuergesch kann.
- gouf geläscht --Les Meloures (Diskussioun) 09:46, 26. Okt. 2024 (UTC)
cf. Läschpropos: "Format, Biographie, Palmarès, gewonnen Tournoien, Nimm vun hire Päerd etc.... Gesäit éischter no enger Publizitéit aus wéi no engem enzyklopedeschen Artikel. Am Netz ass ausser engem Interview näischt ze fannen."