(44) Nysa

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
(44) Nysa
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 2,4236 A.E.
PerihelAphel 2,0625 – 2.7846 AE
Exzentrizitéit 0,1490
Inklinatioun 3,7030 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 3,773 Joer
Mëttel Bunnvitesse 19,13 km/s
Physikalesch Eegeschaften
Duerchmiesser ~70 km
Mass ~3,7×1017
Albedo 0,545
Mëttel Dicht ~2,0 g/cm³
Rotatiounsperiod 6,422 h
Absolut Hellegkeet 7,03
Spektralklass E-Typ
Entdecker H.M.S. Goldschmidt
Entdeckungsdatum 27. Mee 1857
Aner Bezeechnungen 1977 CE

De (44) Nysa ass en Asteroid vun der Asteroidenhaaptceinture, deen de 27. Mee 1857 vum Hermann Mayer Salomon Goldschmidt entdeckt gouf. Genannt gouf den Asteroid no enger Uertschaft aus der griichescher Mythologie.

Den Nysa beweegt sech tëscht 2,0625 (Perihel) bis 2,7846 astronomesch Eenheeten (Aphel) an 3,77 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 3,7030° schif géint d'Ekliptik, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,1490.

Den Nysa huet en Duerchmiesser vun 71 km an eng scheiwenaarteg Form. Hien huet eng ganz hell, gielzeg Uewerfläch mat enger aussergewéinlech héijer Albedo vun 0,545. Spektroskopesch Ënnersich hunn erginn, datt sech d'Uewerfläch aus dem Mineral Enstatit zesummesetzt.

Méiglecherweis handelt et sech bei de Meteorite vum Typ Aubrite (aus der Klass vun de Achondriten) ëm Brochstécker vum Nysa, déi bei enger Kollisioun an de Weltraum geschleidert goufen an irgendwann op d'Äerd opschloen.

A 6 Stonnen a 25 Minutte rotéiert den Nysa ëm seng eegen Achs. Duerch hir komesch Form weist den Nysa en däitleche Liichtbou, dee bis dohin eréischt un engem Klengplanéit festgestallt gouf.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Aspekter[änneren | Quelltext änneren]

Stationär, da réckleefeg Oppositioun Oppositiounsdistanz (AE) Maximale

Hellegkeet (mag)

Stationär, da rietsleefeg Konjunktioun zur Sonn
19. November 2006 29. Dezember 2006 1,09409 9 7. Februar 2007 4. Oktober 2007
11. Abrëll 2008 31. Mee 2008 1,63926 10.4 21. Juli 2008 16. Januar 2009
20. Juli 2009 6. September 2009 1,61209 10.3 27. Oktober 2009 7. Mee 2010
2. Januar 2011 10. Februar 2011 1,10744 8.9 23. Mäerz 2011 3. November 2011
2. Mee 2012 23. Juni 2012 1,73182 10.5 13. August 2012 5. Februar 2013
18. August 2013 2. Oktober 2013 1,46120 10 20. November 2013 18. Juni 2014
9. Februar 2015 22. Mäerz 2015 1,24437 9.4 5. Mee 2015 28. November 2015
23. Mee 2016 14. Juli 2016 1,76711 10.6 4. September 2016 26. Februar 2017