Donald Lynden-Bell

Vu Wikipedia
Donald Lynden-Bell
Gebuer 5. Abrëll 1935
Gestuerwen 6. Februar 2018
Cambridge
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Universitéit vu Cambridge,
Marlborough College
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Astrophysiker
Member vun Royal Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

Den Donald Lynden-Bell, gebuer de 5. Abrëll 1935 zu Dover an England an de 6. Februar 2018 zu Cambridge gestuerwen, war e britteschen Astronom an Astrophysiker.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet op der Universitéit vu Cambridge studéiert an huet beim Leon Mestel iwwer Stellar- a Galaxiendynamik promovéiert. Am Ufank huet hien am California Institute of Technology (CalTech) an um Royal Greenwich Observatory geschafft. 1972 gouf hien zum Professer fir Astrophysik ernannt.

Hien huet Theorien iwwer d'Stärebeweegungen, Galaxiëformatioune souwéi iwwer d'Genesis vu Spiralgalaxien entworf. 1969 koum hien zum Resultat, datt schwaarz Lächer am Zentrum vu Galaxië sinn an zum Schluss d'Energie fir Quasare bilden.

Vun 1985 bis 1987 war hie President vun der Royal Astronomical Society.

An de leschte Joren huet hien am Astronomeschen Institut zu Cambridge geschafft.

Seng Fra d'Ruth Lynden-Bell (gebuer 1937) ass/war Chimie-Professer zu Cambridge.[1]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Donald Lynden-Bell – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Donald Lynden-Bell NNDB