Geschicht vun Australien
Virun ongeféier 96 Millioune Joer huet Australie sech vum Urkontinent Gondwana beim Ausenanerdrifte vun der Antarktis ofgespléckt.
Viru fofzegdausend Joer ass de Kontinent fir d'éischt vun den Aboriginies bewunnt ginn. Si sinn héchstwarscheinlech aus Südostasien eriwwerkomm a gehéieren zu den eelste Kulturen op der Welt.
De Begrëff "Terra australis incognita" gouf laang virun der Entdeckung vun Australie benotzt.
Europäesch Exploratioun
[änneren | Quelltext änneren]Wéinst der staarker Presenz vun den Hollänner an den indoneeseschen Häfen vu Bantam a Batavia (Jakarta), ass d'Entdeckung vun Australien séier eng Realitéit ginn. D'hollännesch Flott konnt déi Zäit op déi bescht Schëffer zeréckgräifen, an huet et mat Hëllef vun deene relativ séier gepackt den éischter geféierleche Süd-Pazifik ze befueren. Géint dem Ufank vum Joer 1606 ass et dem Willem Janszoon gelongen d'Mierstrooss tëscht dem australesche Kontinent an Neiguinea z'erreechen. Den Detroit gëtt allerdéngs no dem spueneschen Fuerscher Luis Vaez de Torres, deen do ee Joer méi spéit laanschtkënnt, benannt. Duerch dem Janszoon seng Entdeckunge beschléissen d'Regierunge vu Batavia gréisser Expeditiounen an de Süd-Pazifik. Den Abel Tasman entdeckt doropshin d'Insel déi méi spéit ënnert sengem Numm bekannt gouf: Tasmanien.
Brittesch Expeditiounen an Uspréch
[änneren | Quelltext änneren]Et gesäit am Ufank aus wéi wann de britteschen Asaz an Australien änlech verlafe sollt wéi dee vun de Spuenier oder vun den Hollänner. 1688 kënnt den englesche Fräibeiter William Dampier am Nordoste vun Australien un. Wéi hien nees an Englandwar konnt hien d'Autoritéiten iwwerzeegen, eng nei Expeditioun ze finanzéieren. Op senger zweeter Rees (1699-1700) schreift hien de komplettste Rapport iwwer den Inselkontinent vun där Zäit. De Rapport ass allerdéngs mat villen negativen Ausdréck gefëllt, an déi bréngen déi englesch Autoritéiten derzou, wärend bal 70 Joer näischt méi z'ënnerhuelen.
1770 kënnt den James Cook an der Botany Bay un der Ostküst vun Australien un. Den 23. August revendiquéiert hien offiziell déi Regioun, déi hien New South Wales deeft, fir d'Britten. Déi ganz Küst vun Australie gëtt allerdéngs eréischt vill méi spéit ganz erfuerscht. Am 19. Joerhonnert ass de Matthew Flinders, e Marinn-Offizéier, deen éischten deen en Tour ëm de Kontinent mécht (1801-1803). Et ass dann och hien deen d'Demande mécht fir de Kontinent Australien ze nennen an net Nei-Holland.
Australien als brittesch Strofinsel
[änneren | Quelltext änneren]Fir Groussbritannien huet Australien e bedeitende strateegeschen Wäert, dee besonnesch nom Verloscht vun den amerikanesche Kolonien am Joer 1783 opfälleg gëtt. D'Kontroll iwwer de Kontinent offréiert Groussbritannien nämlech e wichtege militäreschen a kommerzielle Stëtzpunkt a sou gutt Méiglechkeete fir den Handel am Pazifik a méi generell, an Asien. 1776 gëtt de brittesche Gouvernement bekannt, datt et plangt, eng Prisongsinsel bei der Botany Bay opzemaachen. Den 13. Mee 1787, verléisst de Kapitän Arthur Phillip England als Kommandant vun der Éischter Flott mat 11 Schëffer a 759 Gefaangen. Si kommen den 18. Januar 1788 bei der Botany Bay un, allerdéngs gefält et em do net gutt genuch, an hie mécht sech doropshin a Richtung Norden, fir op Port Jackson, wouvun den James Cook scho geschwat hat, mä dunn awer nach net erfuerscht war. Port Jackson erweist sech als ee vun de beschten natierlechen Häfen op der Welt. De 26. Januar (deen haut den australeschen Nationalfeierdag ass), Australia Day) mécht en déi éischt europäesch Kolonie op. Déi Kolonie, déi vu Port Jackson aus gesinn e bësse méi wäit eran am Land läit, gëtt Sydney gedeeft, nom Numm vum Staatssekretär, dem Lord Sydney, dee responsabel fir d'Pläng vun der Kolonisatioun war, .
Weiderféiere vun der Kolonisatioun
[änneren | Quelltext änneren]1852 hält Groussbritannien op, Gefaangen op d'Ostküst vun Australien ze transportéieren. An der Zäit tëschent de 70er Jore vun dem 18. Joerhonnert bis an d'50er Jore vum 19. Joerhonnert sinn allerdéngs scho 150'000 Gefangen, haaptsächlech an New South Wales an an Tasmanien, deportéiert ginn. Vun deem Zäitpunkt un ass et keng Prisongsinsel méi, mä e wichtege Partner fir Groussbritannie beim Wollhandel.
Tëschent 1820 an 1880 duerchlieft Australien
- markant Ännerungen, déi d'Base vun der Gesellschaft vun haut duerstellen,
- d'Kreatioun vu 4 vun de 6 Australesche Staaten,
- eng staark Entwécklung vun der Schofszuucht,
- an d'Entdeckung vu Gold an anere Mineraler um australesche Festland.
Déi éischt europäesch Awanderer hunn eng wichteg Roll fir déi positiv Entwécklung vun der australescher Ekonomie gespillt; ausserdeem hannerloosse si eng Geschicht räich mat Mythen a Legenden, déi d'Imaginatioun vu villen australesche Schrëftsteller, Poeten a Moler beaflosst huet.
1827 erfuerscht de Kapitän James Franzier Stirling de Laf vum Floss Swan op der Ostküst. Zwee Joer méi spéit kënnt hien als Gouverneur vun der Kolonie, mat enger Handvoll britteschen Investisseuren, nees zeréck.
D'Westküst gëtt eréischt an den 90er Jore vum 19. Joerhonnert voll erschloss. Déi aner Kolonie gi gegrënnt, dorënner Victoria am Joer 1835, a Western Australia am Joer 1837. De ganze Kontinent ass awer weiderhin net ganz erfuerscht.
Opschwonk vun der Véizuucht
[änneren | Quelltext änneren]D'Biedem, déi niddreg Nidderschléi, an net zulescht déi repetitiv Dréchenten, hunn Australie sécherlech méi wei aner Länner dozou predestinéiert fir eng extensiv Véizuucht am Géigesaz zu enger Ubau-Agrikultur ze hunn. D'Entwécklung vun der Zuucht, ass eng vun de wichtege Grondlage vun der Kolonisatioun vum Distrikt vu Port Phillip, deen am Süde vun New South Wales läit, an déi an der zweeter Hallschent vun den 1830er Joren ofgeschloss gouf.
De Bau vu Melbourne fänkt am Joer 1835 un, an d'Stad entwéckelt sech dann och ganz séier. An de 40er Jore vum 19. Joerhonnert, verlaangen d'Kolonien ëmmer méi Onofhängegkeet. 1851 ass et da souwäit, den Distrikt vu Port Philip gëtt onofhängeg, a gëtt an Zukunft Victoria, mat der Haaptstad Melbourne, genannt.
Wärenddeem definéieren d'Véiziichter lues a lues d'Grenze vun engem neie Staat, dem Queensland, mat der Haaptstad Brisbane. De Queensland gëtt 1859 vun New South Wales ofgetrennt.
Tëscht 1830 an 1850 hëlt d'Wollexportatioun staark zou, an de gehandelte Wäert geet vun 2 Millioune Pond op 41 erop.
Mam Ukomme vun neien Awanderer, a mat der Entwécklung vun den neien Haaptstied, vun deene jiddwereng de wichtegsten Hafen an der Ëmgéigend ass, fänken d'Australesch Staaten, an domat am Fong ganz Australien un, eng méi grouss Autonomie unzefroen.
D'Entwécklung vun de politeschen Institutiounen
[änneren | Quelltext änneren]Den Transfert vun der Muecht op d'Australesch Kolonien ass definitiv domat vereinfacht ginn, well Groussbritannien de System vum fräien Handel zum Schluss vun de 40er Jore vum 19. Joerhonnert adaptéiert huet. Dëse fräien Handel erkläert, datt Groussbritannien Wuere bëlleg um Internationalen Maart akafe kann, an dann och gewënnbréngend erëm verkafe kann. Domat ass den Inselstaat wesentlech manner ofhängeg vu senge Kolonien.
Dowéinst koum et zum Australien Colonies Act deen de Kolonien New South Wales, Victoria, Southern Australia a VanDiemens-Land, wat 1854 an Tasmanien ëmgedeeft gouf, eng autonom Regierung verschaaft. Am Joer 1855 ass d'Exekutiv dann an den Hänn vum Cabinet oder dem Ministerrot, dee virun de Lower Houses, vun deenen d'Memberen demokratesch gewielt goufen, responsabel ass.
1860 ginn am Ganzen australesche Staat d'Membere vun dem Lower House gewielt, an dat iwwerall nom suffrage universel, ausser an Tasmanien. Déi nei Regierung ass immens demokratesch fir déi Zäit. Déi nei politesch Institutioune ginn op dem Vollek seng Wënsch an, a reduzéieren de staarken Afloss, deen d'Ziichter all déi Jore virdrun haten.
D'Zäit vum Goldrausch
[änneren | Quelltext änneren]De Goldrausch aus de 50er Jore vum 19. Joerhonnert bréngt eng staark Zounam vun der Populatioun mat sech. 1861 huet Australien bal 1.2 Milliounen Awunner, 3 mol méi wéi 1850. Déi meescht Immigrante kommen aus Groussbritannien, den USA oder Kanada.
All net wäissen Awanderer gëtt net akzeptéiert. Déi Politik ass esou populär, datt déi nei Regierung s'als eng vun den Nationalen Devisen am Joer 1901 unhëlt. Em 1860 sinn d'Goldoderen awer scho bal all um Enn, an obschonn Australie seng ekonomesch Situatioun an der Riicht halen kann, haaptsächlech wéinst dem nach ëmmer ganz grousse Wollexport, geet et mat dem Land biergof. D'Leit hannerfroen dann och der Regierung hir Politik, well deen zum Beispill nach ëmmer un der Eisebunn queesch duerch de Kontinent festhält, an där hire Bau vill Suen brauch.
An den Joren tëscht 1870 an 1880, a d'Gesellschaft gedeelt; déi eng sinn Unhänger vum Protektionismus déi aner vum fräien Handel. D'Zeitungen an d'Politiker sinn dann och an engem Dilemma wat fir enger vun den zwou Gruppe se Recht solle ginn. All dat, wéi och d'Jalousien zwëschent de verschiddenen australesche Staaten, verhënnert e gutt Zesummeschaffe bis ongeféier an d'Joer 1890
D'Behandlung vun den Urawunner
[änneren | Quelltext änneren]Ignoranz a puere Rassismus vu Säit vun der Bevëlkerung si fir vill Urawunner en Deel vum Alldag. Zwar hunn d'Aboriginies déi selwecht Rechter wéi all déi aner Australier vun enger anerer Ofstamung, mä dat gëllt allerdéngs nëmmen um Pabeier. Duerch d'Medie bedéngt gesi vill Australier d'Aboriginies als eng Aart Schandfleck, am Géigesaz zu den Touristen déi dacks an Australie kommen, fir eng vun deenen eelste Kulture kennen ze léieren. D'australesch Regierung gëtt zwar Milliarde vun Dollar fir d'Ënnerstëtzung vun den Aboriginies aus, mä fir e Kontrakt auszehandelen, wéi dat an anere Länner mat de selwechte Problemer besteet, ass si net bereet. No laangem streiden an de Gerichter, iwwert dee verluerenen Buedem vun den Uraustralier, hunn d'Riichter schlussendlech unerkannt, natierlech ënnert bestëmmte Bedéngungen, datt déi éischt Australier en Urusprooch ob Grond a Buedem kéinten hunn. Tëscht 1910 an 1970 huet de Begrëff geklaut Generatioun d'Ronn gemaach. Domat sinn d'Mischlingskanner gemengt, déi hiren Elteren ewechgeholl goufen an an Heemer koumen. Vill Aboriginies leiden nach haut ënner Aarbechtslosegkeet, Alkoholproblemer an Zivilisatiounskrankheeten.
Gesellschaft a Kultur am 19. Joerhonnert
[änneren | Quelltext änneren]De séiere Wuesstem vun der Bevëlkerung an de Joren tëschent 1830 an 1860 dréit besonnesch zum Wuesstem vun de sechs Haaptstied bäi. D'Kolonien urbaniséiere sech ëmmer méi ronderëm d'Punkte vun deenen aus e puer Joerzéngter méi fréi d'Kolonisatioun ugefaangen huet.
Mam Ofhuele vun dem Goldofbau am Victoria souwéi an New South Wales, an den 1860'er Joren, gi vill "Prospekteren" an d'Stied hiert Gléck probéieren. Zum Schluss vum Joerhonnert si Sydney a Melbourne ënnert de gréisste Stied vun der Welt, och wann Australien weiderhin nëmme ganz schwaach bewunnt ass.
All déi aner Kolonië ginn als direkt Konkurrente gesinn, an nëmmen de Lien mat Groussbritannien ass vu gréisserer Wichtegkeet.
Australesch Federatioun
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Vun dem enge Krich bei den nächsten
[änneren | Quelltext änneren]Den Éischte Weltkrich ass den ausschlaggebende Punkt fir déi "richteg" Unificatioun vun de 6 australesche Staaten zu engem grousse Staat dee sech senger Kraaft an Identitéit bewosst ass. Australien äntwert dem Opruff vun den Alliéierten a schéckt méi wéi 330.000 Zaldoten an de Krich. Méi wéi 60.000 Doudeger an 165.000 Blesséierter sinn déi markant Zuelen.
1915 gëtt de William Morris Huges Premier a Chef vun der Labour Party. Hien ass dann och op der Friddenskonferenz vun 1919, a kritt et hin datt Nei-Guinea wat bis dohin zu Däitschland gehéiert huet, ënner australescht Mandat gestallt gëtt.
D'Pouvoiren déi der federaler Regierung per Constitutioun zougetraut ginn, erlaben et eng staark, zentral Féierung ze hunn. Vun engem finanzielle Standpunkt aus gesinn, zitt Australien e Virdeel aus dem Éischte Weltkrich. Besonnesch d'Textil-, d'Automobilsindustrie an d'Siderurgie profitéieren. Doduerch verstäerkt sech och d'Positioun vun den australesche Produkter wéi zum Beispill der Woll, dem Weess, dem Kalleffleesch an dem Schofsfleesch op dem brittesche Marché.
E Konflikt an der nationalistescher Partei, déi vum William Morris Huges gegrënnt gi war, forcéiert en dann 1923 d'Muechtpositioun ze verloossen. De Stanley Melbourne Bruce, Chef vum konservative Fligel, gëtt neie Premier, mat Hëllef vun enger Koalitioun, mat als eenzegem seriéise Géigner, der Labor Party. Fir en änlechen Wuesstem wéi wärend dem Krich oprechtzeerhalen, probéiert d'Regierung Basisindustrien z'entwéckelen, mä déi grouss ekonomesch Depressioun vun den 30er Jore mécht hinnen e Stréch duerch d'Rechnung. D'Konsequenz vum Schwaarzen Donneschdeg huet dann och an Australie seng Affer gefuerdert, well d'ëffentlech an d'perséinlech Scholden zu enger Zäit méi grouss goufen an där de Chômage scho relativ héich war.
1929 kënnt d'Aarbechterpartei erëm un d'Muecht. D'ekonomesch Reprise ass chaotesch, an nëmme schwéier erëmzeginn. Verschidden Desaccorde bannent der Partei féieren alt erëm eng Kéier zu enger Opspléckung vun der Partei an d'Partei verléiert 1931 d'Majoritéi an der Regierung a bis zum Enn vun den 30er Joren ass d'United Australian Party, dei aus Ex-Membere vun der nationalistescher an der Arbechterartei zesummegesat aas, um Pouvoir. De Premier ass an där Zäit den Joseph A. Lyons.
1939 wei de Krich an Europa erëm ugefaangen huet, schéckt Australien erëm Zaldoten, haaptsächlech fir d'englesch Inselen ze beschützen. Wei de Krich am Pazifik 1941, tëscht den USA a Japan ugefaangen huet, a Groussbritannien net an der Lag war fir genuch Zaldoten fir de Schutz vun Australien ze schécken, beschléisst d'Regierung vum John Curtin sech mat den USA zesummenzedoen.
Bis zu der Liberatioun vun de Philippinneschen Inselen, benotzen d'alliéiert Truppen, ënner dem amerikanesche Generol MacArthur, Australien als Operatiounsbase. Obwuel d'Perte wesentlech manner schlëmm ware wéi wärend dem Éischte Weltkrich, waren d'Australier psychologesch méi ugeschloen, well zu all Moment eng Japanesch Invasioun gefaart gouf.
Mat der Victoire vun den Alliéirten am Korallemier am Joer 1942, gëtt déi Invasioun allerdéngs onméiglech. Eng weider Kéier adaptéiert sech d'australesch Ekonomie op déi Saachen déi vum Krich gefuerdert ginn. D'Industrie verwandelt sech an eng Transformatiouns-Industrie.
Den Curtin stierft am Joer 1945, an déi nei Regierung déi vum Joseph Benedict Chifley geleet gëtt, verbessert d'Relatiounen tëschent Australien an den USA mam ANZUS-Traité a mat Neiséiland als drëtte Partner.
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Geschicht vun Australien – Biller, Videoen oder Audiodateien |