Giorgio Abetti

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Giorgio Abetti, gebuer de 5. Oktober 1882 zu Padua an Italien, a gestuerwen de 24. August 1982 zu Florenz, war en italieneschen Astronom.

Den Giorgio Abetti war de Jong vum Astronom Antonio Abetti, den deemolegen Direkter vum Observatoire Arcetri bei Florenz. Den Giorgio huet zu Roum an zu Padua studéiert an huet 1904 do promovéiert. Den Abetti huet am Ufank als Assistent zu Heidelberg geschafft, a vun 1908 un zu Chicago um Mount-Wilson-Observatoire, 1909 zu Neapel a vun 1910 am Observatoire vum Collegio Romano zu Roum.

1921 huet hie no sengem Papp den Direkterposten vun Arcetri, bis 1953, iwwerholl. Tëschent 1921 an 1957 war hien och nach Professer op der Universitéit Florenz. Weider huet hien zwou Expeditiounen fir d'Observatioun vun de Sonnendäischterte, 1936 a Sibirien an 1952 am Sudan, geleet.

Den Giorgio Abetti huet besonnesch iwwert d'Sonn gefuerscht an huet bedeitend Aarbechte zu der Struktur vun der Chromosphär an der Stréimung vu Gasmassen am Kär vu Sonneflecke publizéiert.

An de Joren 1948 a 1949 war hie Gaaschtprofesser zu Kairo an Egypten an 1950 an den USA.

Den Giorgio Abetti war Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU). Fir seng Aarbechte krut hie vill Auszeechnungen.

Zu Éiere vu Papp a Jong Abetti goufen zwéi Moundkrateren an een Asteroid (2646) Abetti no hinne genannt.