Jean Mich

Vu Wikipedia
Jean Mich
Gebuer 13. September 1871
Meechtem
Gestuerwen 26. August 1932
Arcueil
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École nationale supérieure des beaux-arts,
Akademie der Bildenden Künste München
Aktivitéit Sculpteur
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Portal vum Spuerkeessegebai op der Metzerplaz an der Stad Lëtzebuerg. D'Statue vum Merkur (lénks) an der Ceres (riets) op de Säite vun der Entrée si vum Jean Mich.

De Jean (Pierre) Mich, gebuer den 13. September 1871 zu Meechtem a gestuerwen de 26. August 1932 zu Arcueil[1] bei Paräis, war e lëtzebuergesche Sculpteur an Zeechner.

Hie war Member vum Cercle artistique luxembourgeois[2] a gouf 1902 den éischte Laureat vum Konschtpräis Prix Grand-Duc Adolphe. En zielt zu de bemierkenswäertste Lëtzebuerger Sculpteuren aus der Belle Époque.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Jean Mich seng Eltere waren den Nicolas Mich vu Roscheid am Äifelkrees Béibreg-Prüm an d'Anna Weydert vu Meechtem. Hie war den zweetjéngste vu siwe Kanner[3].

1893 ass hien op Paräis gaangen a war vun 1895 u Student vum Gabriel-Jules Thomas op der École nationale des beaux-arts. Hie war och op der Akademie der Bildenden Künste zu München[2].

Wéi en nach Konschtstudent zu München war, huet de Jean Mich den éischte Präis gewonne beim Concours fir den Entworf vun der Fënster an der Éierentrap vum Cercle municipal, bei senger Renovatioun am éischte Joerzéngt vum 20. Joerhonnert. Wéinst Meenungsverschiddenheete mat der Jury huet e säi Wierk nees zeréckgezunn[2]. Den zweete Präis krut e fir säin Entworf vun engem Fassadendekor, deen een haut um Portal vun enger Jugendstilvilla an der Biederstrooss zu Munneref gesi kann[4].

1910 krut de Jean Mich d'Bestellung fir e Grafmonument zu Éiere vum verstuerwene Vizekinnek vun Hanyang a China z'entwerfen. Den Zhang Zhi-Dong war de Grënner vum Stolwierk an der chineesescher Provënz Hubei. De lëtzebuergeschen Ingenieur Eugène Ruppert, deen d'Stolwierk opgeriicht huet[5], huet de Jean Mich dat nämmlecht Joer a China komme gelooss, fir d'Monument ze realiséieren. Wéinst der chineesescher Revolutioun am Oktober 1911 gouf d'Monument net fäerdeg, nëmmen de méi wéi liewensgrousse Kapp aus Marber war fäerdeg ginn. De Mich ass du mam Ruppert op Lëtzebuerg zeréckkomm.

Wärend senger chineesescher Zäit huet de Jean Mich eng Rei vun Terrakotta-Skulpture geschaf: ënner anerem eng Büst vum Ruppert sengem Kach, dem Chih-Fan[6], eng Grupp vun dräi Chinesen, wou een de Mond zouhält, den zweeten d'Oueren an den drëtten d'Aen. E puer vun hinne ginn haut nach als reduzéiert Repliken um Konschtmaart zu Paräis gehandelt.

De 14. Februar 1920 ass vun der Nationaler Denkmalkommissioun e Concours fir e Monument ausgeschriwwe ginn, dat un déi Lëtzebuerger Zaldoten, déi op franséischer Säit am Éischte Weltkrich gestuerwe sinn, sollt erënneren. Ënner den 18 Projeten, déi agereecht goufen, gouf d'Friddenskinnigin (sou den Numm vum Entworf vun der haiteger Gëlle Fra) vum Claus Cito zeréckgehalen. De Jean Mich huet mat sengem Projet den zweete Präis gemaach an doropshi verbattert d'Lëtzebuerger Land verlooss[7].

De Rescht vu sengem Liewen huet hien an der Géigend vu Paräis gewunnt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

ënner anerem:

Vum 18. Oktober 2018 bis den 31.Mäerz 2019 huet den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht eng Ausstellung ënner dem Titel « Jean Mich - un sculpteur luxembourgeois à Paris » zu Éiere vum Kënschtler organiséiert.[18]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Varia[änneren | Quelltext änneren]

  • Op der Fassad vu sengem Heemechtshaus an Hauperts op Nummer 2 an der rue de l'Église zu Meechtem hänkt eng Erënnerungsplack vun där d'Form an d'Opschrëft vum Georges Calteux entworf ass.
  • Zu Réimech an der Maacherstrooss ass d'Résidence Jean-Mich no him genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Friedrich, Evy, 1982: Ein paar Machtumer, S. 165-178 in: Machtum 1982 / Entente des sociétés Machtum. Luxembourg.
  • Lorang, Antoinette, 1988: Plateau Bourbon und Avenue de la Liberté: Späthistoristische Architektur in Luxemburg, Publications de la Section historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg 103: 309. (401 S.)
  • Moia, Nelly, 1995: Mascarons de Luxembourg, Esch-sur-Alzette, Polyprint. (Buch online liesen)
  • Philippart, Robert L., 2010: Les luxembourgeois en chine (1894-1923), Revue technique luxembourgoise 3: 20-21.
  • Philippart, Robert L., 2011: Cercle und Cité: ein neues kulturelles Zentrum, ons stad 96: 4-13.
  • Seil, Gabrielle, 2012. Aus Liebe zum Jugendstil Revue 42: 44-50.
  • Alex Bodry, 2014: Detektivarbeit über ein Künstlerleben D'Lëtzebuerger Land 34, 22. August 2014, 12-13.
  • Alex Bodry, 2015: Luxemburgs einziger Jugendstil-Bildhauer - In Erinnerung an Jean Mich, Die Warte vum 26. Februar 2015, S. 2-4

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean Mich – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Bodry, A., 2014. Nachtrag zu Jean Mich. Detektivarbeit erfolgreich. d'Lëtzebuerger Land, vum 28. November 2014, Nr. 48, S. 12.
  2. 2,0 2,1 2,2 Cf. Philippart 2011: 11 an der Literatur
  3. Cf. Detailer zur Famill ënner http://www.luxembourgamericanfamilies.org/getperson.php?personID=I22830&tree=LuxAmer
  4. Cf. Seil 2012: 46 an der Literatur.
  5. Zu de Lëtzebuerger a China zu där Zäit cf. Philippart 2010 an der Literatur.
  6. Terrakotta-Exemplairë vun dësem Buste sinn ëmmer nees am Antiquariat ze fannen a si vun der Fonderie Susse zu Paräis gestempelt. Cf. http://www.expertissim.com/sculptures/jean-mich-18711919-o12122373.html
  7. Cf. Moia 1995: 201 an der Literatur.
  8. Cf. http://fram.aquitaine.fr/les-collections/recherche-avancee-oeuvres/notice-oeuvre/chinois-rieur-1835/recherche-1.html
  9. Cf. http://www.arcadja.com/auctions/fr/chinois_implorant/artwork/promo/5150146/1450520079/
  10. De Fausto Gardini vun Jacksonville (Florida) publizéiert op sengem Blog follgend Beschreiwung: "Son monument funèbre au cimetière de Notre Dame dans la ville de Luxembourg n'est pas moins impressionnant, comportant un buste d'Ernest, grandeur nature, sur une proue de navire, frontant un obélisque en marbre noir gravé avec un bouclier complété par un aigle américain. L'inscription lit: Ernest Derulle. Agent consulaire américain. 1851-1912."
  11. Foto: http://www.flickr.com/photos/nicoschroeder/373234055/
  12. Dem Robert Philippart no ass et net d'Ceres, mä déi réimesch Glécks- a Schicksalsgëttin Fortuna (Robert Philippart, Bauzeichen verraten Baumeister op robertphilippart.eu, gekuckt de 4. Juni 2018)
  13. Den 10. September 1980 gëtt d'Post zwéin Timberen eraus mat dëse Statue vun der Ceres a vum Merkur. Link op d'Timberen: http://www.luxcentral.com/stamps/LuxStamps1980.html#Nouveau.art
  14. Auszuch vum Text op enger Plack um Monument: "Monument sculpté par l'artiste luxembourgeois Jean Mich (*1871 à Machtum), troisième prix au Salon de Paris en 1912. (...) Monument restauré par la Ville d'Esch-sur-Alzette en août 2009." D'Foto vun der Plack fënnt een op Commons: http://commons.wikimedia.org/wiki/Fichier:Skulptur_Jean_Mich_Esch.JPG.
  15. Beschreiwung beim Nelly Moia an der Literatur (1995: 201): "Elle se trouve à côté de l'allée centrale, peu après l'entrée latérale à droite en allant vers la sortie nord. Il s'agit du bas-relief, sur un obélisque en pierre grise, sans pointe, d'une pleureuse à long voile, entourée de feuilles de lierre. Elle est très fine, cette jeune femme triste, au visage incliné... et les mêmes (?) feuilles semblent se retrouver autour du visage de la Belle Inconnue au coin Grand-rue / avenue de la Gare! Si elle aussi était l'oeuvre de Mich? Vraiment, ce serait trop beau!"
  16. Cf. http://fr.wikipedia.org/wiki/Siot-Decauville
  17. Wann de Student Jean Mich op Lëtzebuerg zeréckkomm ass, huet hie bei sengem Frënd Norbert Bach a senger Famill um Lampertsbierg gewunnt.
  18. MNHA, Jean Mich (1871-1932)
    Frédéric Braun: Jean Mich, sauvé de l'oubli. woxx 2018-10-26, Nr. 1499, S. 12.