Kanal Bréissel-Charleroi

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
De Kanal
De Kanal zu Anderlecht (Haaptstadregioun Bréissel)

De Kanal Bréissel-Charleroi ass e ronn 75 km laange Schëffskanal an der Belsch. En ass zougelooss fir d'Schëffsklass IV bis 1.350 Tonnen a stellt de südlechen Deel vun der ABC-Verbindung duer. Et ass e Scheetkanal deen de Baseng vun der Schelde mat deem vun der Sambre verbënnt.

Dat wichtegst Bauwierk um Kanal ass de Plan incliné vu Ronquières.

Zwéin historesch Reschter vun de Virgänger vum haitegen 1.350 to. Kanal sinn déi zwéi längst Kanaltunnellen déi an der Belsch gebaut goufen, an zwar um éischte 70 Tonne-Kanal den Tunnel vun der Bête-Refaite mat 1.268 Meter, an um méi spéiden 300 Tonne-Kanal den Tunnel vu Godarville mat 1.050 Meter.

Inhaltsverzeechnes

Geschichtleche Kontext [änneren]

De Bau vum Kanal Bréissel-Charleroi am Kader vun der A-B-C Verbindung, ass déi logesch Suite vum Bau vum Kanal vu Willebroek dee 1561 fäerdeg gouf. Sou koum de Kanal fir d'éischt 1570 an d'Gespréich. Zu Charleroi ,déizäit nach Charleroy, an zu Jumet goufen du schonns Kuelen a grousse Quantitéiten exploitéiert, där hiren Transport op Bréissel, Malines, Léiwen an Antwerpen iwwer relativ schlecht Stroossen, onkammoud an deier war. Dee Kanal sollt gréisstendeels laanscht d'Senne féieren. Et sollt awer bis zum Abrëll 1656 daueren bis datt eng Etude fir de Bau gefrot gouf.[1]

Éischte Projet [änneren]

Nodeems verschidden Demandë fir e Kanal ze bauen ëmmer nees an d'Eidelt gelaf waren, krut schliisslech de 6. Abrëll 1656 de Conseil vum Hainaut, deemools États du Hainaut genannt, d'Autorisatioun fir e Projet auszeschaffen. De Canal sollt vun der Sambre fortgoen, laanscht de Piéton erop op Nivelles féieren, an da laanscht d'Dodaine an den Dall vun der Senne kommen, fir mat där bis op Bréissel ze kommen.

De 14. Mäerz 1660 huet de Magistrat vu Bréissel eng visite des lieux gemaach an d'Ingenieuren H. Janssens, J. Vanwreede, Cornelis Peeters a P. Mercx kruten den Opdrag e Plang auszeschaffen. An deem Plang war virgesinn fir d'Niveausënnescheeder mat 19 Schleisen (géint 55 Stéck beim éischte 70-Tonne Kanal) auszegläichen, a fir de Scheedbaseng sollt eng 45 Meter déif Tranchée ugeluecht ginn (géint zwéin Tunnelen an de spéidere Realisatiounen). Dat Ganzt sollt 2.800.000 Florin kaschten.

De 25. August 1660 gouf déi Etude presentéiert, awer aus dem Projet gouf näischt.

Zweeten Ulaf [änneren]

Déi Bréisseler hu sech awer net ginn an hunn 1669 nees eng Kéier nogekroopt. Den 18. Januar dat Joer hunn d'Neuf nations an d'Schëffsleit vu Bréissel beim Generalgouverneur eng Ufro fir de Bau vun neie Kanäl an d'Verbesserung vune den ale gemaach. Doropshi gouf an de Wisen tëscht dem Vieux-Marché an der Paart vun Anderlecht ugefaangen e Baseng auszegruewen. Déi Aktioun huet net dat gewënschtent Resultat bruecht an de Projet gouf als net ausféierbar deklaréiert.

Um Enn vum 17. Joerhonnert gouf déi spuenesch Regierung op de Kanalbau opmierksam gemaach, mä et war alt erëm ëmsoss.

Projet Vionnois [änneren]

Wéi no der franséischer Revolutioun d'Fransousen Här a Meeschter waren hunn de Bréisseler Handel an d'Minièresbesëtzer vu Charleroi d'Demande fir eng Schëffsverbindung tëscht den zwou Stied ze kréien, erëm frësch lancéiert. Sou koum et datt 1801 de Consulat de Chefingenieur Philippe Vionnois chargéiert huet en neie Projet auszeschaffen. Hie krut dofir den 23. Prairial vum Joer X vum Emmanuel Crétet, Generaldirekter vun de Ponts-et-Chaussées speziell Instruktiounen iwwer den Tracé, mat der Missioun eng definitiv Etude ze maachen. Nodeems hie seng Levéeë gemaach hat, an d'Waasserverhältnesser fir de Kanal ze fidderen, studéiert hat, huet hie säi Projet de 4. Germinal vum Joer XI ofginn.

An dësem Projet gouf fir d'éischt d'Plaz vum Scheedbaseng prezis définéiert, wéi se bei de speidere Projete beibehale gouf, a wou en haut och nach ass an zwar op der Schwell vun der Bête-Refaite. An all de Projete virdrun war ni un déi Plaz geduecht ginn, obschonns do Waasserhältnesser méi gënschteg ware wéi an der Géigend vun Nivelles.

Den Tracé sollt um Kapp vum Kanal vu Bréissel op d'Rupel ufänken an da flossop den Däller vun der Senne an der Samme nolafen iwwer Halle, Tubize, Ronquières, Arquennes a Seneffe bis op de Suedel tëscht Bellecourt a Godarville wou entweder eng grouss Tranchée sollt ugeluecht ginn, oder en Tunnel. Op der Säit vun der Sambre sollt et dem Dall vum Piéton no biergof goen, laanscht Pont-à-Celles a Roux bis op Charleroi.

Am Projet hat de Vionnois e Käschtepunkt vu 6.516.137 Frang virgesinn. Den 29. Thermidor vum Joer XII huet de Generalinspekter Gauthey dem Conseil vu de Ponts et Chaussées de Projet presentéiert. An deem waren och fir d'éischt d'Moosse vun de Schleisen an de Gabarit vum Kanal festghale ginn. Sou sollt d'Breet um ieweschte Wasserniveau 21 Fouss (6,82 m) sinn, an den Déifgank 7,5 Fouss (2,44 m). D'Schleise sollten 3,90 × 27,03 Meter hunn an d'Breet fir den Tunnel war op 5,85 m festgeluecht.

Um Spaweck [änneren]

Commons: Kanal Bréissel-Charleroi – Biller, Videoen oder Audiodateien


Schëffskanäl a kanaliséiert Flëss an der Belsch

ABC-Kanal · Albertkanal · Bergues · Bocholt-Heerentals · Boudewijnkanaal · Bréissel-Charleroi · Briedgen-Neerharen · Centre · Damse Vaart · Escaut · Gent-Ostende · Lanaye · Leie · Louvain-Dijle · Meuse · Meuse-Musel-Kanal · Nimy-Blaton-Péronnes· Pommerœul-Condé · Pommerœul-Antoing· Rupel · Sambre · Visé

Referenzen [änneren]