Pierre Federspiel
Ausgesinn
Pierre Federspiel | |
---|---|
Gebuer |
20. September 1864 Clausen |
Gestuerwen |
19. Abrëll 1924 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
De Pierre Federspiel, gebuer den 20. September 1864 a Clausen,[1] gestuerwen den 19. Abrëll 1924 an der Stad Lëtzebuerg,[2] war e lëtzebuergesche Sculpteur a Medailleur.
No der Primärschoul huet hie säin Handwierk beim Grafmécher Mergen um Lampertsbierg geléiert. Dank sengem kënschtlereschen Talent krut hien ee Subsid vum Staat fir e Studium op der Akademie der Bildenden Künste[3] zu München, beim Professer Wilhelm von Rümann, ze maachen. Duerno goung hien nach op Paräis a Berlin, ier hien 1907 Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul gouf.
D'Rue Pierre Federspiel, déi deels um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an deels um Territoire vun der Gemeng Stroossen läit, krut dem Sculpteur säin Numm.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Skulpturaarbechte vum Relief am Steen "D'Ermesinde iwwerreecht Lëtzebuerg de Fräiheetsbréif" op der viischter Fassad vum Cercle Municipal an der Stad Lëtzebuerg (no engem Entworf vum Pierre Blanc)[4];
- Skulpturaarbechten am Stee vum Monument Dicks-Lentz um Square Jan Palach an der Stad Lëtzebuerg;
- Skulpturaarbechten um Gebai vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg;
- mat Portraitë vu follgende Perséinlechkeeten:
- - Ermesinde
- - Jang de Blannen
- - Sigismund
- - Prënz Henri
- - Henri VII
- - Wenzel IV
- - Karel IV
- - Joseph Junck
- Medaillon vum Dokter Martin Klein am Kurpark vum Thermalbad zu Munneref;
- Buste vum Hippolyte Trotyanne.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Pierre Federspiel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Gebuertsschäin 1864, n° 313; "Pierre Federspiel", Luxemburger Illustrierte, 14. Januar 1927.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort Nr 110&111 vum 19./20. Abrëll 1924, S. 4 (Link)
- ↑ Ënner dem Numm Peter Federspiel ass en zu München den 23. November 1883 ageschriwwe ginn, cf. Matrikelbuch 1841-1884 vun der Akademie der Bildenden Künste München, Matrikel-Nr. 04491.
- ↑ Koltz, Jean-Pierre, 1970. Baugeschichte der Stad und Festung Luxemburg, 1. Band, 2. Oplo, S. 74.