Raymond Hagen

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer den Zweete Weltkrich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Raymond Hagen
Gebuer 2. November 1920
Ettelbréck
Gestuerwen 30. Juni 1992
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Enseignant, Resistenzler

De Raymond Hagen, gebuer den 2. November 1920 zu Ettelbréck[1], a gestuerwen den 30. Juni 1992 an der Stad Lëtzebuerg zu Eech, war Schoulmeeschter, Scout a lëtzebuergesche Resistenzler am Zweete Weltkrich.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Als Chef bei der Scoutssektioun "Notre-Dame" vu Lëtzebuerg (Stad) huet hien, wéi d'Nazitruppen d'Lëtzebuerger Land den 10. Mee 1940 iwwerfall hunn, bei der Evakuatioun vun der Bevëlkerung aus dem Minett gehollef. Dee Misär, deen hien do gesinn huet, huet net dozou bäigedroen den Okkupant méi sympathesch erschéngen ze loossen. Wéi dunn déi däitsch "Zivilverwaltung" ugefaangen huet mat hirer "Heim ins Reich"-Beweegung d'Lëtzebuerger ze schikanéieren, huet hie sech der Resistenzorganisatioun vun de Letzeburger Scouten, ugeschloss.

An der Normalschoul (haut ISERP) gouf de Raymond Hagen vu sengem Klassekomerod Aloyse Raths am Wanter 1940 / 41 ugesprach fir an der Resistenzgrupp Letzeburger Legio'n (LL), deen am Hierscht 1940 zu Biissen entstane war, matzeschaffen. Hien ass den 21. Januar 1941 der "LL" bäigetrueden a war du gläichzäiteg Member an deenen zwou Resistenzorganisatiounen, "LS" an "LL". Op säi Virschlag hin an duerch seng Vermëttlung hunn dës zwou Gruppen de 4. Juni 1941 fusionéiert an sech den Numm Letzeburger Vollekslegio'n (LVL) ginn.

Am September gouf hie vun den Nazien op Udelfangen bei Tréier als Schoulmeeschter "dienstverpflichtet". Hie koum awer reegelméisseg op Lëtzebuerg fir seng AKtivitéite bei der "LVL" weiderzeféieren.

Hie gouf den 21. Januar 1942 vun der Gestapo verhaft a 6 Deeg zu Tréier an de Prisong gespaart. Vun do aus gouf en op Hinzert deportéiert, wou hie mat Nazimethode verhéiert gouf. Hie konnt sech awer konsequent aus allem erausrieden a konnt no 4 Méint zeréck op Udelfangen goen. Trotz Hinzert huet hie sech, méi wéi jee, an der Resistenz engagéiert.

Am Fréijoer 1943 gouf de Raymond Hagen an de "Legiounsrot", deen ieweschte Gremium vun der "LVL", ernannt, wou en am Oktober 1943 zum Vertrieder vum Lucien Dury, deemools Chef vun der "LVL", avancéiert ass.

Wéi hien am September 1943 de "Stellungsbefehl" vun der Wehrmacht krut, huet hien decidéiert an den Ënnergrond ze goen a vun do aus seng Resistenzaktivitéite virunzeféieren.

Am Summer 1943 war et zu enger Spléckung bannent der "LVL" komm. De Raymond Hagen huet d'Initiative ergraff an am Februar 1944 eng Reunioun mam Aloyse Raths zu Bëschdref am Haus Houtmann arrangéiert, wou déi zwou Parteie sech schliisslech erëm gëeenegt hunn.

Hie war déi dreiwent Kraaft bei der Fusioun vun den dräi gréisseren Organisatiounen, "LVL", "LPL" an "LRL", déi sech den 23. Mäerz 1944 mat der "LFB" zesummegedoen hunn. De Raymond gouf zum Generalsekretär vun der neier Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen, kuerz "Unio'n", ernannt. Eng vun deenen zwou Fusiounsversammlunge war a sengem Elterenhaus an der Avenue du Bois um Lampertsbierg.

Nom Krich gouf hie Schoulmeeschter zu Conter a vun 1948 un zu Bruch bei Miersch, wou e nach laang an de lokale Veräiner matgeschafft huet.

Hien huet sech agesat fir datt de Resistenzler hir Affer net an de Vergiess solle geroden an huet dofir aktiv an der Vereenegung "Letzebuerger Scouten an der Resistenz" matgeschafft.

De Raymond Hagen krut fir seng Verdéngschter vill Auszeechnungen, wat him awer net an de Kapp geschloen ass. Hien huet säi Beruff als Schoulmeeschter ausgefouert an d'Charge als Chef vu senger Scoutstrupp erëm iwwerholl.

De Raymond Hagen war mat der Anne Weimerskirch bestuet an hat 2 Kanner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Weber, Paul: Geschichte Luxemburgs im Zweiten Weltkrieg, Luxemburg, Victor Buck, 1948, 159 S.
  • Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, 158 S.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hoffmann, Serge: Le mouvement de résistance LVL au Luxembourg, Archives nationales, 2004, S. 106