Réngelnatter

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Adder)
Réngelnatter
Eng Réngelnatter

Eng Réngelnatter
Eng Réngelnatter
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Reptiller
Uerdnung: Schuppereptiller
Ënneruerdnung: Schlaangen
Famill: Natteren
Gattung: 'Natrix'
Aart: Réngelnatter
Wëssenschaftlechen Numm
Natrix natrix
Laurenti 1768

D'Réngelnatter oder och einfach Adder (Natrix natrix) ass eng Schlaang, déi zu der Famill vun den Natteren (Colubridae) gehéiert. D'Aart deelt sech an e puer Ënneraarten op, déi an deene meeschten Deeler vun Europa, Asien an Nordafrika doheem ass.

D'Réngelnatter ass mat 80 bis 100 cm Längt déi gréisst Schlaang déi zu Lëtzebuerg virkënnt an ass queesch duerch d'Land ze fannen. S'ass net gëfteg.

Der Réngelnatter hir Faarf variéiert vu schifergro bis gréng-brong oder oliv-brong. Seelen trieden och ganz oder deelweis schwaarz Individuen op (Melanismus).

Dem Heng Klees no ass se zu Lëtzebuerg deelweis och ënner de Bezeechnungen Adder, Heckenéil, Heckeschlaang, Onk oder Wisenéil bekannt.

Eng seele schwaarz Variant vun der Réngelnatter
left

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
  • La Fontaine, Alphonse de, 1870. Reptiles. 49 p. Imprimerie V. Bück, Luxembourg.
  • Proess, Roland (Hrsg.), 2007. Verbreitungsatlas der Reptilien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia 52. ISSN: 1682-5519.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Natrix natrix – Biller, Videoen oder Audiodateien