Alphonse Munchen
Ausgesinn
Alphonse Munchen | |
---|---|
Gebuer |
3. September 1850 Dikrech |
Gestuerwen |
24. Januar 1917 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Léck |
Aktivitéit | Politiker, Ingenieur |
Partei | Liberal Liga |
Den Alphonse Munchen, gebuer den 3. September 1850 zu Dikrech[1] a gestuerwen de 24. Januar 1917[2] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
Den Alphonse Munchen war Ingenieur op der Schmelz zu Rodange a beim Gaswierk zu Hollerech.
Tëscht 1892 an 1904 war hien am Stater Gemengerot. Vum 24. Juni 1904 bis de 14. Februar 1915 war hie Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg.
1904 gouf hien zum éischte President vun der Liberaler Liga gewielt.
Hie war och Deputéierten an der Chamber[1][3].
Fir un hien z'erënneren ass zu Hollerech eng Strooss no him genannt ginn: d'Rue Alphonse Munchen[4].
Gielchen
- Officier vum ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1909).[5]
Virgänger: Émile Mousel |
Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg 1904 - 1915 |
Nofollger: Léandre Lacroix |
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 Kuerz biographesch Notiz iwwer den Alphonse München am Luxemburger Wort vum 24. Januar 1924
- ↑ Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? - Rue Munchen-Tesch an Ons Stad 28/1988, S. 25
- ↑ Doudesannonce vum Alphonse Munchen am Luxemburger Wort vum 27. Januar 1917
- ↑ Rue Alphonse-Munchen an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg; gekuckt den 13. Abrëll 2020
- ↑ Memorial A n° 22 vun 1909 mat enger Lëscht vu Leit déi an deem Joer am ordre de al couronne de chêne dekoréiert goufen