Op den Inhalt sprangen

Autobunnsraschtplaz

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Autobunnraschtplaz)
Eng Raschtplaz um Bord vun der däitscher Autobunn 13, zu Freienhufen (Brandenburg).

Eng Autobunnsraschtplaz (dacks gekierzt: Raschtplaz) ass eng Serie vun Infrastrukturen déi laanscht den Autobunne sinn, fir datt Chaufferen do raschte kënnen. Se si mat Parkplazen ekipéiert, an hu jee nodeem och Picknicksdëscher, Poubellen, Toiletten, eng Spillplaz fir Kanner, Restauranten, eng Bensinnsstatioun, eng Luetstatioun fir elektresch Gefierer, an een oder méi Butteker.

Situatioun zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]

De Lëtzebuerger Code de la route definéiert eng Raschtplaz ((fr) Aire de service) als eng Plaz déi um Bord vun enger Autobunn oder enger Strooss fir motoriséiert Gefierer amenagéiert ass, déi fir de Public zougänglech ass a wou ee raschten an / oder tanke kann.

Originaltext aus dem Code de la route

[änneren | Quelltext änneren]

Artikel 2 – 1.15[1]« Aire de service: aire de repos et/ou de ravitaillement ouverte à la circulation publique et aménagée en bordure d’une autoroute ou d’une route pour véhicules automoteurs. »

Autobunnsraschtplazen zu Lëtzebuerg

[änneren | Quelltext änneren]
Autobunn Richtung Raschtplaz KP Koordinaten Gemeng Ekipement Pëtrolsfirma Cafeteria /

Restaurant

Aner Servicer
A1 Däitsch Grenz Aire de Wasserbillig 35,50 49° 43’ 37.5’’ N
      06° 29’ 30.8’’ O
Mäertert
TotalEnergies[2] Burger King
Lëtzebuerg 35,50 49° 43’ 42.0’’ N
      06° 29’ 26.9’’ O

TotalEnergies[3] Café Bonjour
A3 Franséisch Grenz Aire de Berchem 5,25 49° 32’ 33.5’’ N
      06° 07’ 03.0’’ O
Réiser
Aral[4] Philéas

L'Arche

Lëtzebuerg 5,25 49° 32’ 29.8’’ N
      06° 07’ 07.8’’ O

Shell[5] Starbucks

McDonald's

A4 Esch-Uelzecht Aire de Pontpierre 8,20 49° 32’ 55.5’’ N
      06° 02’ 41.6’’ O
Monnerech
TotalEnergies[6] Bankomat
Lëtzebuerg 8,70 49° 32’ 39.5’’ N
      06° 02’ 24.5’’ O

Esso[7]
A6 Belsch Grenz Aire de Capellen 16,00 49° 38’ 13.6’’ N
      05° 58’ 18.2’’ O
Mamer
Aral[8] Panos

Street Food Burger & Kebab


Bankomat
Lëtzebuerg 16,00 49° 38’ 06.2’’ N
      05° 58’ 10.5’’ O

BP[9] Dunkin'

Burger King

Commons: Autobunnraschtplazen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (fr)Code de la route - Recueil de législation routière. data.legilux.public (23.11.1955). Gekuckt de(n) 05.08.2024.
  2. (fr)WASSERBILLIG NL004019. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  3. (fr)WASSERBILLIG NL000066. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  4. (fr)Station-service autoroutière de Berchem. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  5. (en)Geo.me, BERCHEM E25 L07569 - Shell. find.shell.com. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  6. (fr)PONTPIERRE NL004016. store.totalenergies.lu. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  7. (fr)A4 Pontpierre direction Luxembourg. Petro-Center. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  8. (fr)Une nouvelle station dans votre réseau Aral Luxembourg !. Gekuckt de(n) 06.08.2024.
  9. (fr)Geo.me, BP CAPELLEN - PKW MP2 - BP. map.bp.com. Gekuckt de(n) 06.08.2024.