Ava Gardner
Ava Gardner | |
---|---|
Gebuertsnumm | Ava Lavinia Gardner |
Gebuer | 24. Dezember 1922 |
Gestuerwen |
25. Januar 1990 Westminster |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Schauspiller, Mannequin, Autobiograph, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller |
Famill | |
Bestuet mat | Mickey Rooney, Artie Shaw, Frank Sinatra |
Ava Lavinia Gardner, gebuer de 24. Dezember 1922 zu Grabtown, North Carolina a gestuerwen de 25. Januar 1990 zu London, war eng US-amerikanesch Filmschauspillerin, déi besonnesch an den 1950er Jore groussen internationale Succès hat.
Hiren Duerchbroch hat si 1946 als verféieresch Femme fatale, nieft dem Burt Lancaster am Robert Siodmak sengem Film noir-Klassiker The Killers. Si huet weider a Filmer matgespillt wéi The Hucksters (1947), Show Boat (1951), The Snows of Kilimanjaro (1952), The Barefoot Contessa (1954), Bhowani Junction (1956), On the Beach (1959), Seven Days in May (1964), The Night of the Iguana (1964), The Life and Times of Judge Roy Bean (1972), Earthquake (1974), an The Cassandra Crossing (1976). Bis 1986 huet si nach FIlmer gedréint, ass dann 1990 un de Suitë vun engem Schlag gestuerwen.
Si war dräimol bestuet: mam Mickey Rooney, du mam Artie Shaw, an duerno mam Frank Sinatra.
Filmographie
[änneren | Quelltext änneren]- 1943: Ghosts on the Loose, vum William Beaudine mam Bela Lugosi
- 1944: 3 Men in White, vum Willis Goldbeck mam Lionel Barrymore a Van Johnson
- 1944: Maisie Goes to Reno, vum Harry Beaumont mam Ann Sothern an John Hodiak
- 1945: She Went to the Races, vum Willis Goldbeck mam James Craig
- 1946: Whistle Stop, vum Léonide Moguy mam George Raft a Victor McLaglen
- 1946: The Killers, vum Robert Siodmak mam Burt Lancaster an Edmond O'Brien
- 1947: The Hucksters, vum Jack Conway mam Clark Gable an Deborah Kerr
- 1947: Singapore, vum John Brahm mam Fred MacMurray
- 1947: One Touch of Venus, vum William A. Seiter mam Robert Walker
- 1948: The Great Sinner, vum Robert Siodmak mam Gregory Peck a Melvyn Douglas
- 1949: The Bribe, vum Robert Z. Leonard mam Robert Taylor an Charles Laughton
- 1949: East Side, West Side, vum Mervyn LeRoy mam Barbara Stanwyck an James Mason
- 1951: My Forbidden Past, vum Robert Stevenson mam Robert Mitchum a Melvyn Douglas
- 1951: Pandora and the Flying Dutchman, vum Albert Lewin mam James Mason
- 1951: Show Boat, vum George Sidney mam Kathryn Grayson an Howard Keel
- 1952: Lone Star, vum Vincent Sherman mam Clark Gable a Lionel Barrymore
- 1952: The Snows of Kilimanjaro, vum Henry King mam Gregory Peck a Susan Hayward
- 1953: Knights of the Round Table, vum Richard Thorpe mam Robert Taylor a Mel Ferrer
- 1953: Ride, Vaquero!, vum John Farrow mam Robert Taylor an Anthony Quinn
- 1953: Mogambo, vum John Ford mam Clark Gable a Grace Kelly
- 1954: The Barefoot Contessa, vum Joseph L. Mankiewicz mam Humphrey Bogart an Edmond O'Brien
- 1956: Bhowani Junction, vum George Cukor mam Stewart Granger
- 1957: The Little Hut, vum Mark Robson mam Stewart Granger an David Niven
- 1957: The Sun Also Rises, vum Henry King mam Tyrone Power an Errol Flynn
- 1958: The Naked Maja, vum Henry Koster mam Anthony Franciosa an Amedeo Nazzari
- 1959: On the Beach, vum Stanley Kramer mam Gregory Peck an Anthony Perkins
- 1959: The Angel Wore Red, vum Nunnally Johnson mam Dirk Bogarde an Joseph Cotten
- 1962: 55 Days at Peking, vum Nicholas Ray mam Charlton Heston an David Niven
- 1963: The Night of the Iguana, vum John Huston mam Richard Burton an Deborah Kerr
- 1963: Seven Days in May, vum John Frankenheimer mam Burt Lancaster a Kirk Douglas
- 1965: The Bible: In the Beginning, vum John Huston mam Richard Harris an George C. Scott
- 1968: Mayerling , vum Terence Young mam Omar Sharif a Catherine Deneuve
- 1970: The Ballad of Tam-Lin, vum Roddy McDowall mam Ian McShane a Cyril Cusack
- 1972: The Life and Times of Judge Roy Bean, vum John Huston mam Paul Newman an Anthony Perkins
- 1974: Earthquake, vum Mark Robson mam Charlton Heston a Geneviève Bujold
- 1975: Permission to Kill, vum Cyril Frankel mam Dirk Bogarde an Timothy Dalton
- 1976: The Blue Bird, vum George Cukor mam Elizabeth Taylor an Jane Fonda
- 1976: The Cassandra Crossing, vum George P. Cosmatos mam Sophia Loren a Burt Lancaster
- 1977: The Sentinel, vum Michael Winner mam Chris Sarandon an John Carradine
- 1979: City on Fire, vum Alvin Rakoff mam Henry Fonda a Shelley Winters
- 1980: The Kidnapping of the President, vum George Mendeluk mam William Shatner a Van Johnson
- 1981: Priest of Love, vum Christopher Miles mam Ian McKellen
- 1982: Regina Roma, vum Jean-Yves Prate mam Anthony Quinn an Anna Karina
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ava Gardner – Biller, Videoen oder Audiodateien |