Bommenzinnes
Bommenzinnes | |
---|---|
Dem Johann Brokoff seng Statu vum Jang vun Nepomuk op der Karlsbréck zu Prag | |
Titel | |
Biographie | |
Gebuertsnumm | Johannes Welflin, Johannes Wolfflin |
Gebuer |
1340 jul. Nepomuk |
Gestuerwen |
20. Mäerz 1393 Prag |
Doudesursaach | Erdrénken |
Graf | Väitsdoum |
Nationalitéit | Kinnekräich Béimen |
Papp | Velflín |
Aktivitéit | Kathoulesche Priister |
Aner Informatiounen | |
Statut | Helleg |
Gedenkdag | 20. Mäerz |
De Bommenzinnes ass an der Lëtzebuerger Ëmgangssprooch den Numm vum Jang vun Nepomuk[1], deen am Joerzéngt 1340-1349 als Jan Welflin oder Wolfflin zu Pomuk[2] bei Pilsen a Béimen op d'Welt koum, an den 20. Mäerz 1393 zu Prag gestuerwen ass. Hie war e béimesche Geeschtlechen.
De lëtzebuergeschen Numm setzt sech aus „Bommen“ fir Béimen an „Zinnes“ fir Sankt oder Sint zesummen (an deem Zesummenhang sief och op den Zinniklos verwisen)[3].
Legend
[änneren | Quelltext änneren]De Bommenzinnes war, der Legend no, e béimesche Rechtsgeléierten, deen am 14. Joerhonnert zu Prag Generalvikar war. Ënner der Herrschaft vum Wenzel II. gouf en den 20. Mäerz 1393 zu Prag vun der Karlsbréck erof an d'Moldau gehäit, well e beim Kinnek an Ongnod gefall war. Op der Bréck steet haut nach seng Statu. Hien ass am Väitsdoum zu Prag begruewen.
Veréierung
[änneren | Quelltext änneren]Dem hellege Jang vun Nepomuk säi Gedenkdag ass traditionell den 20. Mäerz, den Dag vu sengem Doud. Zanter 1969 gëtt dësen Dag net méi am Festkalenner vun der réimesch-kathoulescher Kierch gefouert, well dem Bommenzinnes seng Liewensgeschicht, op där d'Kanonisatioun baséiert, net historesch ass.
Patréiner
[änneren | Quelltext änneren]Den 19. Mäerz 1728 gouf hie vum Poopst Benedikt XIII. helleggesprach. an hie gëllt zanterhier als Patréiner géint Waasserschied a
De Bommenzinnes ass ë. a. de Patréiner vum Beichtgeheimnis, vun de Bréckebauer an de Brécken, vun de Priisteren, de Floossleit an de Mëller.
Seng Hëllef gëtt gefrot bei Waasser- a Reesgeforen, bei Problemer mat der Zong, géint Diffamatiounen an als Hëllef fir d'Diskretioun.
Statuen a Biller
[änneren | Quelltext änneren]Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- Aasselbuer: Nieft der Bréck op der Aasselbuerer Millen
- Hiefenech: op der Kartusch iwwer engem Beichtstull an der Kierch
- Rouderssen: Bréck op der Dörnauelsmillen
- Stad Lëtzebuerg:
- Kathedral: op engem Beichtstull an der Sakristei. D'Statu war fréier emol an der Nikloskierch.
- Méchelskierch: e Bild op deem hien, dem Wenzel seng Fra a säin Doud an der Moldau ze gesi sinn.
- Rouscht: um Ilôt du Rost hanner dem Palais am Haff vum Café Art' Scène steet zanter dem 10. Oktober 1995 eng Kopie vun der Bommenzinnes-Statu, déi nach ëmmer do stoung. Den Original steet an der Strocke-Kapell.[4]
- Strocke-Kapell op der Tréierer-Strooss
- Veianen: Statu an der Mëtt vun der Bréck. Der So no dréit de Bommenzinnes sech dräimol ëm, wann et Hallefnuecht schléit.
- Wolz: Statu um Maartkräiz
Not Ausland
[änneren | Quelltext änneren]Illustratiounen
[änneren | Quelltext änneren]-
De Bommenzinnes um Rouscht an der Stad Lëtzebuerg.
-
Landshut, Däitschland.
-
D'Statu bei der Aasselbuerer Millen.
-
D'Statu op der Bréck op der Dörnauelsmillen.
-
Iwwer dem Beichtstull zu Hiefenech.
-
De Bommenzinnes op der Bréck zu Irrsen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Friedrich, Evy, 1985. Kalennerblieder. Virwuert vum Directeur Général vu Radio-Lëtzebuerg Gust Graas. - Luxembourg: Verlag J. P. Krippler-Muller. 397 p. [Bommenzinnes: S. 85]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Bommenzinnes – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Jang vun Nepomuk am Lexikon vun den Hellegen (de)
- „De Bommenzinnes ass erëm um Rouscht“, 1995 Ons stad 50: 29
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ De.: Johannes Nepomuk, Johannes von Nepomuk; Fr.: Jean Népomucène; Cz.: Jan Nepomucký, Jan z Pomuku oder Jan z Nepomuku.
- ↑ Haut: Nepomuk.
- ↑ (de)STADT LUXEMBURG. In: Luxemburger Wort, 119. Jg., n° 136, p. 7. (16.05.1966). Gekuckt de(n) 07.09.2024.
- ↑ De Bommenzinnes ass zeréck. Luxemburger Wort vum 11. Oktober 1995. Cf. och: Chronik vor 15 Jahren: De Bommenzinnes ass zeréck, Luxemburger Wort vum 11. Oktober 2010, S. 35.