Claudine Muno
Claudine Muno | |
---|---|
Gebuer |
2. Juli 1979 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Sänger, Journalist |
D'Claudine Muno, gebuer den 2. Juli 1979, ass eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin, Musekerin a Journalistin.
Biographesches
No hirer Première um Fieldgen studéiert d'Claudine Muno Geschicht an Anglistik um Centre universitaire zu Lëtzebuerg an op der Universitéit Stroossbuerg. Si mécht hir Maîtrise iwwer Lëtzebuerger Filmer iwwer den Zweete Weltkrich. Si schafft als fräi Mataarbechterin beim Wort a beim Télécran, an dann als Kulturredaktesch bei der Woxx.
Scho mat 16 Joer huet d'Claudine Muno hiren éischte Roman, The Moon of the Big Winds (op Englesch) geschriwwen. Et koume bis ewell véier Romaner (op Franséisch, Däitsch an déi zwéi lescht op Lëtzebuergesch), an zwee Kannerbicher no.
D'Claudine Muno ass och am Theater aktiv, wou se d'Stéck Speck geschriwwen a komponéiert huet, an huet och Regieassistenz gemaach. Och als Sängerin a Komponistin ass se aktiv. Si huet, meeschtens zesumme mat hirer Band The Lunaboots bis ewell fënnef CDen erausginn. Nodeem Lunaboots sech 2012 opgeléist hunn, spillt si an der Band Monophona.
D'Claudine Muno enseignéiert am Lycée Ermesinde wou se an der Sektioun Musique mat zwee anere Leit aus der Band The Luna Boots mat de Kanner Musek mécht. Si huet eng eege Band mat de Schüler gegrënnt, an där si Gittar spillt.
Auszeechnungen
- Concours littéraire national 2000 (Mentioun fir Crickets)
- Servais-Präis 2004 (fir Frigo)
Bibliographie
- Muno, Claudine, 1996. The Moon of the Big Winds. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Muno, Claudine, 1997. Träume, aus denen man zu spät aufwacht. Illustréiert vun der Pascale Junker. Op der Lay, Esch-Sauer. (2. Oplo 2004)
- Junker, Pascale & Claudine Muno, 1998. Dem Zoe seng Geschichten. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Junker, Pascale & Claudine Muno, 1999. D'Zoe, Draachen a Siweschléifer. Dem Zoe seng Geschichten 2. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Muno, Claudine, 1999. 21. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Muno, Claudine, 2001. Crickets. In: Contes fantastiques. Ed. Phi, Iechternach.
- Muno, Claudine, 2002. De Fleeschkinnek. Op der Lay, Esch-Sauer. (2. Oplo 2005)
- Muno, Claudine, 2003. Frigo. Op der Lay, Esch-Sauer. (Servais-Präis 2004)
- Muno, Claudine, 2005. Koma. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Muno, Claudine, 2006. D'Welt geet ënner, Nils Poulet. E Comic op Lëtzebuergesch. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Muno, Claudine, 2007. Moundkälwer. Roman. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Muno, Claudine, 2009. Dat klengt Buch vun der Doudangscht . Op der Lay, Esch-Sauer. ISBN 978-2-87967-165-9
- Muno, Claudine, 2011. La Mamouthe. Op der Lay, Esch-Sauer. ISBN 978-2-87967-171-0
- Muno, Claudine, 2019. Sou wéi et net war. Roman, Op der Lay, Ehlerange. ISBN 978-2-87967-237-3
Diskographie
- Muno, Claudine, 1998. Fish out of Water. Maxi-CD. Op der Lay, Esch-Sauer.
- Claudine Muno and The Luna Boots, 2004. faith + love + death. Maskénada, Lëtzebuerg.
- Claudine Muno and The Luna Boots, 2006. Monsters. Op der Lay, Esch-Sauer (13 Lidder op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch)
- Claudine Muno and The Luna Boots, 2007. Petites chansons méchantes. Green l.f.ant Records, Bréissel.
- Claudine Muno and The Luna Boots, 2010. Noctambul. Green l.f.ant Records, Bréissel.
- Claudine Muno and The Luna Boots, 2011. Carmagnoles (Compilatioun)
- Monophona, 2012. The Spy
- Monophona, 2015. Black on Black (Album)