Cuno Hoffmeister

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
De Cuno Hoffmeister

De Cuno Hoffmeister, gebuer den 2. Februar 1892 zu Sonneberg a gestuerwen den 2. Januar 1968 och do, war en däitschen Astronom a Geophysiker.

Fuerschungsgebitt[änneren | Quelltext änneren]

Säi wichtegst Fuerschungsgebitt waren déi verännerlech Stären, vun deenen den Hoffmeister der ongeféier 10.000 entdeckt an zesumme mat senge Mataarbechter erfuerscht hat; dat ass bal e Véierel vun deene bis 2010 bekannte Stäre mat Hellegkeetsschwankungen. Dozou hat hie Mëtt vun den 1920er Joren den Observatoire Sonneberg gegrënnt an hat d'Laangzäit-Fuerschungsprogrammer Sonneberger Felderplan (Field patrol) entwéckelt an d'Sonneberger Himmelsüberwachung (Sky patrol) fir d'Observatioun an d'fotografesch Iwwerwaachung an d'Erfuerschung vun de verännerleche Stären, Meteoren an extragalakteschen Objeten. Ënner senger Leedung gouf den Observatoire zu Sonneberg bis Enn vun de 1960er Joer zum weltwäit féierenden Institut op dësem Spezialgebitt vun der Astronomie.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Cuno Hoffmeister gouf zu Sonneberg am Herzogtum Sachsen-Meiningen als Jong vun engem Spillsaachefabrikant gebuer. Schon als Kand war hie faszinéiert vun de Stären a wéi hie mat 13 Joer en Optescht Teleskop geschenkt krut, huet hien ugfaangen d'Virgäng um Nuetshimmel méi genee z'observéieren. Hie konnt keen Abitur a keen naturwëssenschaftleche Studium maachen, well hie mat enger Beruffsausbildung d'Fabréck vu sengem Papp iwwerhuele sollt. Trotzdeem war hie mat de visuellen Himmelsobservatiounen als Autodidakt weidergefuer a krut 1914 eng Unerkennung wéinst sengen Entdeckungen um Gebitt vun de verännerleche Stären. Wéi während dem Éischte Weltkrich d'Poppefabrikatioun zougemaach gouf, krut hie vun 1915 bis 1918 d'Méiglechkeet, als Hëllefsassistent um Remeis-Observatoire zu Bamberg ze schaffen. 1920 huet hien dunn nieft der wëssenschaftlecher Aarbecht, den Abitur nogeholl. Bis Mëtt vun den 20er Joren huet hien Astronomie, Mathematik a Physik op der Universitéit zu Jena studéiert an huet ugefaange mat eegene Fotoe fir säi Projet Sonneberger Felderplan fir de Studium vun de verännerleche Stäre vun der nërdlecher Mëllechstrooss. Gläichzäiteg huet hie mat Ënnerstëtzung vu senger Heemechtstad den Observatoire Sonneberg um Erbisbühl am Staddeel Neufang operiicht. 1926 gouf hie Leeder vum Observatoire. De Cuno Hoffmeister huet mam Konzept vun der Sonneberger Himmelsiwwerwaachung eng Ureegung vum Paul Guthnick ugeholl, deen Ufank vun den 1920er Joren um Universitéitsobservatoire Berlin-Babelsberg d'Ariichtung vun enger systematescher fotographescher Himmelsiwwerwaachung zur Diskussioun bruecht hat. Seng Aarbecht als Naturwëssenschaftler hat an der Fachwelt besonnesch Unerkennung fonnt, wéi säi Schreiwes iwwer d'Bezéiungen tëscht Koméiten a Stäreschnäizen aus dem Joer 1922 an d'Enzyklopedie vun de mathematesche Wëssenschaften opgeholl gouf.

1930 an 1933 huet de Cuno Hoffmeister zwou laang Fuerschungsreesen an d'Karibescht Mier gemaach. Wéi d'Stad Sonneberg duerch d'Weltwirtschaftskris insolvent gi war, gouf den Observatoire Sonneberg aus finanzielle Grënn vun 1930 un de preisesche Staat verpacht an 1931 ganz vum Staat iwwerholl an domat dem Universitéitsobservatoire Berlin-Babelsberg als baussenzeg Plaz ugegliddert. Tëscht 1937 an 1960 huet sech de Cuno Hoffmeister fir d'Fuerschung vum südlechen Himmel méi dacks a Südafrika an a Namibia opgehalen, wou haut dee vun der Hobbyastronomin Sonja Itting-Enke gestëften "Cuno Hoffmeister Memorial Observatory" an der Géigend vu Windhoek un hien erënnert. 1936 gouf hie Member vun der Deutschen Akademie der Naturforscher (Leopoldina). Wéinst den nationalsozialisteschen Aflëss déi ëmmer méi grouss goufen, an der Gefor, seng Plaz ze verléieren, war hien am Joer 1937 Member vun der NSDAP ginn.[1] Doduerch krut hien ë. a. genuch Handlungsfräiheet, fir dem Paul Ahnert Sécherheet viru weiderer Verfolgung ze bidden. D'Friedrich-Schiller-Universitéit Jena huet him 1943 de Professertitel iwwerreecht. Duerch seng erfollegräich Aarbecht gouf den Observatoire Sonneberg 1946 als selbstännegt Institut vun der Däitscher Akademie vun de Wëssenschafte zu Berlin (haut Berlin-Brandenburgesch Akademie vun de Wëssenschaften) iwwerholl an de Cuno Hoffmeister zum Leeder, a spéider zum Direkter vun där Fuerschungsariichtung ernannt. 1951 krut hien den Nationalpräis vun der DDR a gouf 1960 Member vun derSächsescher Akademie vun de Wëssenschaften.

Duerch d'fotografesch Himmelsiwwerwaachung am Kader vum Sonneberger Felderplang ass Sonneberg zu engem Begrëff an der Astronomie ginn. Seng Heemechtstad Sonneberg huet him dofir 1964 d'Éierebiergerschaft zougesprach an eng Strooss no him genannt. Dëser Éierung duerch d'Stad stoungen allerdéngs zouhuelend Behënnerunge a Schwieregkeete op staatspoliteschem Plang géigeniwwer, déi d'Existenz vum Observatoire an domat och en Deel vu sengem Liewenswierk bedreet hunn. Zanter dem 13. August 1961 louch d'Stad Sonneberg am DDR-Grenzspäergebitt. Den Observatoire war dofir fir auswäerteg Gäscht souzesoen net z'erreechen a vum SED-Regim am internationale Fuerschungsbetrib net méi virzeweisen. Mat senger Autoritéit als international unerkannte Wëssenschaftler konnt sech de Cuno Hoffmeister den Demande fir d'Verlagerung vu sengem Fuerschungsinstitut vu Sonneberg an aner Uertschafte en etlech Joer erfollegräich widderstoen. De Konflikt war bei enger Akademiereform am Summer 1967 eskaléiert, wou him déi wëssenschaftlech Leedung vum Observatoire entzu gouf. A Suerg ëm d'Zukunft vum Observatoire Sonneberg ass de Cuno Hoffmeister ee Mount viru sengem 76. Gebuertsdag zu Sonneberg gestuerwen. Zu senger Erënnerung huet 1970 d'International Astronomesch Unioun dem Moundkrater mat de Koordinaten "15° 12' N / 136° 54' O" den Numm Hoffmeister ginn.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Meteore, ihre kosmischen und irdischen Beziehungen. Akademische Verlagsgesellschaft m.b.H., Leipzig (1937)
  • Die veränderlichen Sterne der nördlichen Milchstraße. T.4. (Aarbecht vum C. Hoffmeister an P. Ahnert) Publikatioune vum Observatoire Sonneberg (1947)
  • Zur Photometrie der Milchstraße. Akademie-Verlag, Berlin (1947)
  • Meteorströme. Johann Ambrosius Barth Verlag, Leipzig (1948)
  • Die Sterne. Zäitschrëft fir all Gebidder vun der Himmelsfuerschung. (Editeur C. Hoffmeister 1951-1967) J. A. Barth Verlag, Leipzig - Heidelberg - Berlin
  • Die veränderlichen Sterne der nördlichen Milchstraße. T.6. (beaarbecht vum C. Hoffmeister a. a.) Akademie-Verlag, Berlin (1951)
  • Die veränderlichen Sterne der nördlichen Milchstraße. T.7. (beaarbecht vum C. Hoffmeister a. a.) Akademie-Verlag, Berlin (1954)
  • Sterne über der Steppe. VEB F. A. Brockhaus Verlag, Leipzig (1954)
  • Zählungen der Meteore in Südwestafrika 1937-1938. Akademie-Verlag, Berlin (1955)
  • Messungen zur atmosphärischen Optik in Südwest-Afrika. Akademie-Verlag, Berlin (1956) u. (1966)
  • Photographische Aufnahmen von Kometen. Akademie-Verlag, Berlin (1956)
  • Bearbeitung des Lichtwechsels von 75 kurzperiodischen veränderlichen Sternen zwischen 25° und 90° südlicher Deklination. Akademie-Verlag, Berlin (1956)
  • Die veränderlichen Sterne der nördlichen Milchstraße. T.9. (beaarbecht vum C. Hoffmeister an W. Götz, H. Huth) Akademie-Verlag, Berlin (1957)
  • Über das Verhalten von drei typischen und sechs atypischen RW Aurigae-Stäre. Akademie-Verlag, Berlin (1958)
  • Beobachtungen hochatmosphärischer Erhellungen des Nachthimmels in Südwestafrika 1952-1953. Akademie-Verlag, Berlin (1958)
  • Beobachtungen des verstärkten Nachthimmelleuchtens in den Jahren 1946-1957. Akademie-Verlag, Berlin (1959)
  • Die veränderlichen Sterne der nördlichen Milchstraße. T.11. (beaarbecht vum C. Hoffmeister) Akademie-Verlag, Berlin (1960)
  • Veränderliche Sterne am Südhimmel. Akademie-Verlag, Berlin (1963)
  • Astronomische Abhandlungen. (zesumme mam P. Ahnert) J. A. Barth Verlag, Leipzig (1965)
  • Analyse der Lichtkurven von vier RW Aurigae-Sternen. Akademie-Verlag, Berlin (1965)
  • Der Aufbau der Galaxis. Akademie-Verlag, Berlin (1966)
  • Veränderliche Sterne. (zesumme mat G. Richter an W. Wenzel) J. A. Barth Verlag, Leipzig (1990), ISBN 3-335-00224-5

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Cuno Hoffmeister – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Harry Waibel: Diener vieler Herren : Ehemalige NS-Funktionäre in der SBZ/DDR. Lang, Frankfurt am Main 2011 ISBN 978-3-631-63542-1 S. 143