Djuna Bernard

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Djuna Bernard
Gebuer 15. Juni 1992
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit vun Heidelberg,
Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Scout
Partei déi gréng


D'Djuna Bernard, gebuer de 15. Juni 1992[1] zu [2] , ass eng lëtzebuergesch Aktivistin, Politikerin a Conseillère de direction am soziale Beräich.

Formatioun a Carrière

D'Djuna Bernard war vun 2011 bis 2014 op der Uni Lëtzebuerg wou si hire Bachelor an Europäescher Geschicht gemaacht huet. Am Kader vum Erasmus-Programm war si 2013 fir en Auslandssemester op der FU zu Berlin. Vun 2015 bis 2017 huet si op der Uni zu Heidelberg e Master an Non-Profit Management and Governance gemaacht[3].

Si war Chargée de cours am LJBM, Benevole a Chargée de Mission beim Roude Kräiz an duerno bei Elisabeth - am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg[3].

Politesch Mandater

D'Djuna Bernard war vu Mäerz 2016 bis Mäerz 2018 Presidentin vun der Conférence Générale de la Jeunesse.

Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war si fir déi éischt Kéier Kandidatin am Bezierk Zentrum. Si gouf net direkt gewielt, ass awer fir d'Sam Tanson nogeréckelt wéi déi an d'Regierung genannt gouf. D'Djuna Bernard ass de 6. Dezember 2018 als Deputéiert vereedegt ginn[4].

Als Deputéiert wëll si sech haaptsächlech ëm d'Sujete ronderëm d'Jugend, sief et wat d'Betreiungsstrukturen, d'Educatioun oder d'Sozialpolitik ugeet, këmmeren[5].

Um Spaweck

Referenzen an Notten

  1. D'Djuna Bernard iwwert Jugend an Demokratie op fgfc.lu, fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 20187
  2. [ XY, Fiche signalétique] op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 2018
  3. 3,0 3,1 D'Djuna Bernard op hirem Konto bei linkedin.com
  4. «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018
  5. Mit neuem Schwung ins Parlament op wort.lu de 6. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 31. Dezember 2018