Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen
Ausgesinn
De Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen ass den héchsten UNO-Fonctionnaire, representéiert d'Organisatioun an huet de Virsëtz iwwer d'Generalsekretariat.
De Generalsekretär gëtt op Recommandatioun vum Sécherheetsrot vun der Generalversammlung fir eng Amtsperiod vu fënnef Joer gewielt. Seng Ernennung kenn duerch e Veto vun engem vun de permanente Membere vum Sécherheetsrot verhënnert ginn.
Generalsekretären
[änneren | Quelltext änneren]- Sir Gladwyn Jebb (Groussbritannien), Interims-Generalsekretär (1945 - 1946)
- Trygve Lie (Norwegen), Generalsekretär vu Februar 1946 bis zu senger Demissioun am November 1952
- Dag Hammarskjöld (Schweden), Generalsekretär vun Abrëll 1953 bis zu sengem Doud (Fligersaccident) 1961
- U Thant (Myanmar), Generalsekretär vun November 1961 bis Dezember 1971
- Kurt Waldheim (Éisträich), Generalsekretär vu Januar 1972 bis Dezember 1981
- Javier Pérez de Cuéllar (Peru), Generalsekretär vu Januar 1982 bis Dezember 1991
- Boutros Boutros-Ghali (Egypten), Generalsekretär vu Januar 1992 bis Dezember 1996
- Kofi Annan (Ghana), Generalsekretär vu Januar 1997 bis Dezember 2006
- Ban Ki-moon (Südkorea), Generalsekretär vu Januar 2007 bis Dezember 2016
- António Guterres (Portugal), Generalsekretär zënter Januar 2017.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Generalsekretär vun de Vereenten Natiounen – Biller, Videoen oder Audiodateien |