Georges Goedert

Vu Wikipedia
Georges Goedert
Gebuer 1. September 1936
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Philosoph

De Georges Goedert, gebuer den 1. September 1936 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Auteur vun Essayen a Chroniken iwwer philosophesch, literaresch a reliéis Theemen. Hie schreift haaptsächlech op Franséisch, zum Deel och op Däitsch.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première am Joer 1955 am Stater Kolléisch, huet de Georges Goedert Philosophie, Alphilologie a Germanistik op de Cours supérieurs zu Lëtzebuerg an duerno op der Sorbonne an zu München studéiert.

Vun 1961 bis zu senger Pensioun war hie Professer am Kolléisch. 1974 huet hien op der Universitéit zu Nanzeg en Doktorat iwwer den Nietzsche ofgeschloss. Vun 1963 un bis zu senger Pensioun huet hie Philosophie um Institut pédagogique enseignéiert, vun 1968 un och um Centre universitaire zu Lëtzebuerg, an, als Gaaschtprofesser, op den Universitéiten zu Metz a Salzburg.

Vun 1953 un huet hien Artikelen an Ons Équipe, an Theater- a Musekskritiken am Lëtzebuerger Land geschriwwen. 1961 gouf hie reegelméissege Mataarbechter am Luxemburger Wort, mat philosopheschen, literareschen a kulturellen Artikelen, déi ënner de Rubricken Carnets (vun 1962 un) a Parallèles (vun 1978 un) eraus koumen.

Zanter 1995 ass de Georges Goedert President vum Redaktiounscomité vun nos cahiers.

De Georges Goedert versteet sech als kathouleschen Intellektuellen, dee mat sengen Texter déi chrëschtlech Wäerter an der Gesellschaft vertrëtt.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Henri Bergson et l'éloge de l'effort; in Hommage à l'Athénée, Bd. IV vun de Festschrëfte 400 Joer Kolléisch; Lëtzebuerg (Saint-Paul), 2003; Ss. 97-102.
  • Nietzsche und die Kultur - ein Beitrag zu Europa? ; 2002, ISBN 978-3487116907
  • Nietzsche der Überwinder Schopenhauers und des Mitleids ; 1988, ISBN 978-9051830354
  • Parallèles - Chroniques 1978-1984 ; Lëtzebuerg (Sankt-Paulus), 1988.
  • Albert Camus et la question du bonheur ; Lëtzebuerg (edi-centre/Krippler-Müller), 1969; 120 Säiten.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]