Kapell Giischterklaus

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Giischterklaus (Kapell))
Kapell Giischterklaus
D'Kapell Giischterklaus mam ale Kierfecht (2021)

D'Kapell Giischterklaus mam ale Kierfecht (2021)
D'Kapell Giischterklaus mam ale Kierfecht (2021)
Uertschaft / Plaz Giischterklaus
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Proprietär Gemeng Rouspert[1]
Koordinaten 49° 47’ 3.2’’ N
      06° 29’ 53.6’’ O
Vue op den Haaptaltor

Vue op den Haaptaltor
Vue op den Haaptaltor
Kierchen - Kapellen

D'Kapell op der Giischterklaus ass eng kathoulesch Kierch, déi zur neier Par St. Willibrord Regioun Iechternach, zur fréierer Par Rouspert, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Rouspert-Mompech gehéiert. Et ass eng Pilgerkapell vun der Muttergottes vun der Hieselterheck. D'Gnodebild, aus dem Iwwergang vun der Romanik op d'Gotik gëtt op déi zweet Hallschent vum 13. Joerhonnert datéiert.

D'Kapell ass der Mariä Himmelfaart geweit. Deen zënter dem Mëttelalter dokumentéierte grousse Pilgerdag ass de Sonndeg nom 15. August. Dann ass eng feierlech Houmass mat engem besonnesche Gaascht als Zelebrant a Priedeger an duerno geet eng grouss Sakraments- a Muttergottespressioun iwwer Feld a Flouer. Zanter ausgaangs der 1990er Jore gëtt déi ganz Woch ronderëm Léiffrawëschdag als Muttergotteswoch gefeiert.

D'Niewepatréiner sinn den hellege Jousef an den hellege Lukas. Och hir Fester sinn traditionel Pilgerterminer.

D'Kapell steet ganz am Weste vun der klenger Uertschaft. Ronderëm läit den ale Kierfecht.

Wéi d'Wuert Klaus seet, war do eng Einsiidlerei. De leschte Klausner ass 1938 gestuerwen a gouf an der Kapellchen um Kierfecht begruewen.

Zur fréierer Par Rouspert gehéieren ausser der Kapell op der Giischterklaus och nach d'Ex-Parkierch vu Rouspert an d'Filialkierch zu Dickweiler. Zënter dem 7. Mee 2017 ass d'Iechternacher Basilika d'Parkierch vum ganze Streech.

D'Legend vun der Kapell[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1270 ass de Ritter Elbert vu Klierf mat an de Kräizzuch gezunn. Wéi hien aus dem Kräizzuch zeréckkoum, ass säi Schëff an e Stuerm geroden. Wéi en op der afrikanescher Küst gelant ass, gouf e gefaange geholl an als Sklav verkaaft. Zum Krëppel geschloen huet en zur Muttergottes gebiet a versprach, wann hien erëm gesond heem kéim, géif hien hir op sengem Land zu Giischt eng Kapell opriichten. Den anere Mueren, wéi hien erwächt ass, louch hie bei engem Hieselter, an deem eng Muttergottesstatu stoung, zu Giischt op senge Lännereien. Op där Plaz huet hien dunn aus Dankbarkeet eng Kapell fir d'Muttergottesstatu opriichte gelooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Ritter Elbert vu Klierf ass net an de Bicher ze fannen. Och haten d'Ritter vu Klierf keng Lännereien zu Rouspert. Den Tuerm vun der Kapell ass dem Baustil no warscheinlech zu der Zäit vun de Kräizritter gebaut ginn. Ma d'Fro stellt sech op net schonn e réimescht Hellegtum op där Plaz stoung, dat spéider vun Iechternach oder Tréier aus christianiséiert gouf. Schrëftlech gëtt d'Kapell fir d'éischt de 27. Februar 1329 am Testament vum Iechternacher Geeschtlechen Heinrich Prichel ernimmt.

D'Kapell steet zanter dem 20. Januar 1939 als Nationaalt Monument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[2]

An der Kapell[änneren | Quelltext änneren]

Lénkse Säitenaltor
Molereien um Plaffong
Rietse Säitenaltor
Net-datéiert al Foto vun der Kapell

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Schmitt, Michel, 2007. Das Marienheiligtum der Girsterklaus bei Rosport. Schnell & Steiner Verlag, Regensburg, 1. Oplo 2007, Kleine Kunstführer Nummer 2657. 20 S. mat 14 Fotoen.
  • Steinmetz, Aloyse (ouni Publikatiounsdatum). Die Girsterklaus, alter luxemburgischer Marienwallfahrtsort an der Untersauer. Pillgerbüchlein zur "Muttergottes vun der Hieselterheck". Erausgi vum Syndicat d'initiative et de tourisme Rosport. 67 S. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. (Well d'Broschür dem Michel Schmitt seng Broschür zitéiert, muss een unhuelen, datt se no 2007 erauskomm ass).
  • Aloyse Steinmetz (2007). "Hier kann man Glauben erleben" - die "Muttergottes von der Hieselterheck" im Laufe der Geschichte : Die Girsterklaus, älteste Marienwallfahrtsstätte der Geschichte. Die Warte, Die Warte. - Luxembourg Année 59 (2007), n° 7 = n° 2177 (1. März), p. 10-11, ill.
  • Evy Friedrich 1949 Eine legendäre Pilgerstätte die Girsterklaus. Revue 30. Abrëll 1949 Nr18 Säite 352-353 mat 5 Fotoen

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Giischterklaus – Biller, Videoen oder Audiodateien


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen - Heeschbreger Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Foy-Notre-Dame - Moresnet-Chapelle - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette - Schwaarz Muttergottes vu Rocamadour
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).