Gilles Hoffmann
Ausgesinn
Gilles Hoffmann | |
---|---|
Gebuer | 26. Januar 1953 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
De Gilles Hoffmann, gebuer de 26. Januar 1953 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
No Studien am ISERP zu Walfer ass de Gilles Hoffmann zanter 1976 Schoulmeeschter, Beruff deen hien a follgend Uertschaften ausgeübt huet: Waasserbëlleg, Izeg, Stroossen, Branebuerg, Baastenduerf, Duerscht, Housen an Tandel. Zanter dem Joer 2009 schafft de Gilles Hoffmann am Unterrechtsministère.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]Nieft Schoulbicher, onverëffentlecht Gedichter a méi kleng Schoultheaterstécker huet de Gilles Hoffmann zwee gréisser Theaterstécker geschriwwen, déi zu Housen opgefouert goufen:
- Zwerg Nase, 1996, eng Adaptatioun vun engem Mäerche vum Wilhelm Hauff;
- D'Geheimnis vum Schlass, 1999, eng Adaptatioun vu sengem eegene Wierk mat dem selwechten Titel, eng Abenteuergeschicht fir Kanner. Dëst Theaterstéck gouf 1999 an Zesummenaarbecht mam Roland Meyer zu Housen opgefouert an de 14. Juli 2007 um 9. Branebuerger Maart als Fräiliichttheater an Zesummenaarbecht mat dem Ronny Mergen an dem Ensemble Park Percussion gespillt.
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Adam, Monique, Christian Arend, Luc Dengler, Simone Heinen, Gilles Hoffmann, Jeanne Letsch, André Mach, Fernand Melan, Marcel Obertin, Dominique Portante, Pierre Reding & Jeanne Schmitz, 1993. Français 4: 4e année d'études. Conception graphique et mise en p.: Guig Jost, Walter Zingpom, Danielle Grosbusch. 197 p. Éd. provisoire. Ministère de l'éducation nationale, Luxembourg. G. Kieffer, Howald.
- Hoffmann, Gilles, 1998. D'Geheimnis vum Schlass. Biller vum Carlo Muller. 31 S. Syndicat national des enseignants, Lëtzebuerg. ISBN 2-87992-542-8.
- Hoffmann, Gilles, 2002-2003. Vernetzte Texte: Deutsch im 5. Themen, Texte - warum und wieso? Syndicat national des enseignants, Luxemburg. [6 Bände mit follgenden Themen: 1. Lesen, 2. Feuer, 3. Kinderalltag, 4. Kinder in anderen Ländern, 5. Gute Reise, 6. Tiere.]
- Hoffmann, Gilles, 2003-2006. Vernetzte Texte: Deutsch im 6. Themen, Texte - warum und wieso? Syndicat national des enseignants, Luxemburg. [4 Bände mit follgenden Themen: 1. Erforschen, entdecken, erfinden. 2. Erinnerungen. 3. Freundschaft und Feindschaft. 4. Kleider.]
- Hoffmann, Gilles, 2010 [am Drock]. D'Geheimnis vum Stollen. Historesche Roman.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Goetzinger, Germaine & Claude D. Conter, zesumme mat Gast Mannes, Pierre Marson, Roger Muller, Nicole Sahl, Sandra Schmit a Frank Wilhelm, 2007. Luxemburger Autorenlexikon. 687 S. Publications nationales du Ministère de la culture. Centre national de littérature, Mersch. ISBN 978-2-919903-06-1. [Artikel vum Nicole Sahl iwwer de Gilles Hoffmann: S. 271]
- Hauff, Wilhelm, 1827. Der Zwerg Nase. In: Märchen-Almanach auf das Jahr 1827 für Söhne und Töchter gebildeter Stände. [1]