Ginkgo op der Eecher Plaz
Ausgesinn
Ginkgo op der Eecher Plaz | |
---|---|
De Bam vun der Strooss aus gesinn (August 2008) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Plaz | Eech |
Adress | 8, Place François-Joseph Dargent |
Koordinaten | 49°37'38,26"N, 6°7'49,10"O |
Bamaart | Ginkgo |
Héicht | 23,1 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,46 m (2023) |
Ëmfang | 4,59 m (2023) |
De Ginkgo op der Eecher Plaz (Place Dargent) steet zu Eech an der Stad Lëtzebuerg, am Park vun der fréierer Villa vum Nottär Fritz Weber.
Well dëse Ginkgo deen imposantste vu senger Aart am Land ass, gehéiert en zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. Den Alter vum Bam ass net bekannt.
2002 gouf hie fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl. Ëm 2000 goufe follgend Moosse geholl: Ëmfang vum Stamm op Broschthéicht: 3,67 m, bei enger Gréisst vu 24 m. 2023 gouf en Ëmfang vu 4,59 m an eng Héicht vun 23,1 m festgehalen.
Fotoen
[änneren | Quelltext änneren]-
De Bam vum Parking laanscht d'Strooss aus gesinn
-
Vum Parking hanner der Villa aus gekuckt. Riets d'Strooss déi vun der Place Dargent an d'Millebaach féiert
-
De Ginkgo am Wanter (2008)
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Aner bemierkenswäert Beem an der Stad Lëtzebuerg:
- Hobuch op der Kinnekswiss
- Bam vum Prënz Jean (Käschtebam am Pescatore-Park)
- Sequoiaen am Amaliepark
- Bluttbuch bei der Méchelskierch
- Bluttbuch am Haff vum Geschichtsmusée
- Buch am Péitrussdall, Bastioun Beck
- Käschtebam um Square Robert Brasseur
- Nëssert am Konviktsgaart
- Biergahornen op der Corniche (déi zwéi Beem goufen 2009 ewechgeholl)
Quellen
[änneren | Quelltext änneren]- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 202-203, Text a Foto).
- Murat, Danièle et al. ''Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg''. [3<sup>e</sup> parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 162-163, Text a Foto).
- Welter, A., J. Turk & J. Trossen, 2008. Les arbres introduits au Luxembourg. Inventaire des essences arborescentes non indigènes de pleine terre présentes sur le territoire du Grand-Duché de Luxembourg. Ferrantia 53. Cf. S. 26..
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ginkgo op der Eecher Plaz – Biller, Videoen oder Audiodateien |