Grenzerkierch Esch-Uelzecht

Vu Wikipedia
Kierch Esch-Grenz
Banneraum vun der Grenzerkierch (2022)

Banneraum vun der Grenzerkierch (2022)
Banneraum vun der Grenzerkierch (2022)
Uertschaft / Plaz Esch-Uelzecht
Par Esch-Uelzecht
Sainte-Famille
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Sacré-Cœur
Konsekratioun 1932
Architekt(en) Jean Deitz
Christian Scholl
Baujoer 1931
Koordinaten 49° 29’ 27.1’’ N
      05° 58’ 37.9’’ O
Kierchen - Kapellen
Fréier italieenesch Kapell zu Esch-Uelzecht (gebaut 1903)

D'Grenzerkierch vun Esch ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Esch-Uelzecht Sainte-Famille an zu der Gemeng Esch-Uelzecht gehéiert.

D'Kierch ass dem Häerz Jesu geweit.

Se steet an der rue Zénon Bernard op der Kräizung mat der rue Pierre Claude.

Den 23. Oktober 2020 gouf d'Kierch als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Well d'Awunner vum Escher Quartier Grenz Ufank den 1900er Jore stänneg zougeholl hunn, war schonn 1911 e Kierchebauveräi gegrënnt gi fir de Bau vun enger zousätzlecher Kierch ze preparéieren. Bis dohi gouf et do nëmmen eng Kapell vun der italieenescher Missioun, déi 1903[2] gebaut gouf a vill ze kleng war. Am Dezember 1913 haten se eng ausféierlech Demande mat Virschléi un den Escher Gemengerot geriicht, fir de Bau vun enger neier Kierch ze erreechen.[3]

Mä aus dem Bau gouf deemools nach näischt an eréischt Mëtt den 1920er Jore koum et eng zweete Kéier zur Grënnung vun engem Kierchebauveräin. D'Plaz, déi fir den Neibau gewielt gouf, war awer praktesch déi selwecht wéi se schonn 1913 proposéiert gi war, nämlech direkt nieft der aler Kapell. Am Ufank vun den 1930er Jore gouf dunn déi haiteg Grenzerkierch no Pläng vun den Architekten Jean Deitz a Christian Scholl am Art Deco-Stil do gebaut. D'Konsekratioun war den 10. Juli 1932 a Presenz vum Bëschof Pierre Nommesch.[4] Déi al italieenesch Missiounskapell gouf kuerz no der Aweiung vun der neier Kierch ofgerappt.

Am Fong vum Chouer gesäit een eng Häerz-Jesu Duerstellung mat de griichesche Buschtawen A a Ω an zwéin Engelen.

An der Kierch gouf nom Zweete Weltkrich eng Chapelle Notre-Dame de la résistance ageriicht.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel an der Grenzerkierch staamt aus dem Joer 1935 a gouf vun der Uergelmanufaktur Georges Haupt vu Lëntgen ursprénglech fir d'Weltausstellung zu Bréissel gebaut, éier se an d'Grenzerkierch koum. 1947 gouf se vun der selwechter Firma vergréissert.

2011 ass d'Uergel vun der Uergelmanufaktur Thomas Gaida vu Wemmetsweiler am Saarland komplett restauréiert ginn.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

D'Grenzerkierch huet dräi Klacken am Tuerm hänken, déi vun der Klackegéisserei Mabilon vu Saarburg gegoss goufen. D'Klacke goufen de 26. Juni 1932 a Presenz vum Bëschof Nommesch dem hellegen Häerz Jesu, der Tréischterin am Leed an der helleger Barbara geweit.[5] Se lauden am Toun g' e' an c'.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Grenzerkierch Esch-Uelzecht – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. 100 Joer Esch 1906-2006 S. 205 (Bild mat Datum)
  3. Die Kirchenbaufrage auf der Grenz in Esch-Alzette am Luxemburger Wort vum 18. Dezember 1913
  4. Konsekratioun vun der Kierch am Luxemburger Wort vum 11. Juli 1932
  5. Klackewei am Luxemburger Wort vum 28. Juni 1932