Kierch Lëtzebuerg-Gare

Vu Wikipedia
Garer Kierch
D'Kierch Sacré-Coeur (2007)

D'Kierch Sacré-Coeur (2007)
D'Kierch Sacré-Coeur (2007)
Uertschaft / Plaz Garer Quartier
Par Lëtzebuerg
Notre-Dame
Dekanat Lëtzebuerg
Konsekratioun 30.4.1936
Architekt(en) Nicolas Petit
Koordinaten 49° 36’ 16’’ N
      06° 07’ 52.9’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch vu Lëtzebuerg-Gare ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg gehéiert.

D'Kierch ass dem Häerz Jesu (Sacré Coeur) geweit.

D'Kierch steet an der Stad Lëtzebuerg um Plateau Bourbon op der Kräizung vun der rue Dicks an der rue du Fort Elisabeth mat dem boulevard de la Pétrusse, der N2. Et ass d'Parkierch vum Garer Quartier.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Kierch gouf no de Pläng vum Nicolas Petit, Architekt vun der Stad Lëtzebuerg, gebaut. De Léon Lommel, spéidere Bëschof vu Lëtzebuerg, war maassgebend un hirer Konzeptioun bedeelegt. De Grondstee gouf de 6. Juni 1930 vum Bëschof Pierre Nommesch geluecht. D'Bannenariichtung ass haaptsächlech d'Wierk vum däitsche Professer Otto Linnemann. Den 30. Abrëll 1936 gouf se vum Bëschof Joseph Laurent Philippe feierlech ageweit, mä de Mathias Erasmy, Deche vu Lëtzebuerg-Stad, hat se schonn de 24. Dezember 1932 ageseeent. Spéider ass den Dechen Erasmy an der Garer Kierch agezunn. Dofir war d'Kierch bis 1992 gläichzäiteg Dekanatskierch vu Lëtzebuerg Stad.

"Series pastorum" vun der Par[änneren | Quelltext änneren]

Mgr Mathias Erasmy Paschtouer an Dechen 31.06.1934 bis 15. 02. 1961
Mgr Marcel Ripp Paschtouer an Dechen 16. 04. 1961 bis 1961
Mgr Jean Heinisch Paschtouer an Dechen 1961 bis 7. 7. 1992
Pierre Hencks beigeuerdn. Paschtouer 1980 bis 7. 7. 1992
?? ?? zanter 8. 7. 1992

Fresken[änneren | Quelltext änneren]

D'Freske si vum däitsche Kënschtler Otto Linnemann. Vun Abrëll 2008 bis 2010 goufe se vum Lëtzebuerger Joseph Heisbourg restauréiert.

D'monumental Fresk vum Haaptchouer weist Jesus Christus als Kinnek (um Troun) an Erléiser (rout Häerz als Zeeche vu senger Léift).

Am lénkse Säiteschëff, op der selwechter Säit wéi de Muttergottesaltor, gesäit een d'Kréinung vu Maria, der Muttergottes.

Am rietse Säiteschëff ass de Stammbam vum Jesus, sou wéi am Matthäusevangelium beschriwwen, mat Biller duergestallt.

Duerch d'ganz Kierch verschéinere Medaillonen d'Wänn. Si stellen d'Torturinstrumenter duer, duerch déi d'Apostelen ëm d'Liewe koumen. Ënner de Medaillonen ass de Credo op laténgesch a Kapitale geschriwwen.

Uergel[änneren | Quelltext änneren]

D'Uergel gouf vun der lëtzebuergescher Firma Haupt vu Lëntgen gebaut. Déi sinfonesch Uergel ass eng vun deenen am bescht erhalenen Uergele vum Uergelbauer Haupt aus där Zäit. Si gouf 1998 vum Uergelbauer Romanus Seifert vu Kevelaer revidéiert.

Dispositioun[änneren | Quelltext änneren]

I Haaptwierk C-g′′′
Principal 16′
Bordun 16′
Principal 8′
Flaut Major 8′
Fugara 8′
Gedackt 8′
Dulciana 8′
Prestant 4′
Rohrflöte 4′
Gemshornquinte 2⅔′
Bachflöte 2′
Mixtur 4-5fach
Cornettino 2-3fach
Bombarde 16′
Trompete 8′
Clarine 4′
II Positiv (Schwellwierk)
Quintatön 16′
Principal amabile 8′
Rohrgedackt 8′
Dolce 8′
Nachthorn 4′
Quinte 2⅔′
´Piccolo 2′
Terz 13/5
Larigot 1⅓′
Septime 11/7
Fernmixtur 3fach
Vox humana 8′
Clarinette 8′
Tremulant
III Récit (Schwellwierk)
Bordun 16′
Principal 8′
Offenflöte 8′
Gamba 8′
Vox coelestis 8′
Salicional 8′
Flûte céleste 8′*
Octav 4′
Octavflöte 4′
Blockflöte 2′
Larigot 2⅔′
Cornet 3-4fach
Rankett 16′
Trompette harmonique 8′
Oboe (franz. Bauart) 8′
Cor anglais 4′
Auxiliarwierk*
Tuba (Héichdrock) 8′
French Horn 8′
Pedall C-f′
Principalbaß 16′
Violonbaß 16′
Subbaß 16′
Bordun (Tr III) 16′
Quinte 10⅔′
Octavbaß 8′
Cello 8′
Großgedackt 8′
Flöte (Tr III) 8′
Prestant 4′
Mixtur 3 fach
Bombarde 32′*
Bombarde (ext. vum 32′) 16′*
Posaune 16′
Trompete 8′
Clairon 4′

Auxiliar zum I, II, III a Pedall schaltbar mat Super- a Subkoppele vum respektive Manual Super- a Subkoppelen II an III zu allen anere Wierker an zu sech selwer

Nei säit 1998: Setzerkombinatiounen (1024) a Gruppe schaltbar

* nei säit 1998 vun der Firma Seifert vun Kevelaer

Kräizwee[änneren | Quelltext änneren]

De Kräizwee besteet aus 14 Statiounen am Email, déi vum Marc Gimat realiséiert goufen.

Fënsteren[änneren | Quelltext änneren]

D'Fënstere si vum Otto Linnemann entworf a vum Thomas Schock zesummegesat ginn. Si stelle verschidden Zeenen aus den Evangelien duer, awer och d'Entstoe vun der Häerz-Jesu Veréierung:

  1. D'Visitatioun (zwéin Deeler) iwwer dem lénkse Säitenaltor, deen der Muttergottes geweit ass.
  2. De Jesus als jonken Zammermann mam hellege Jousef (zwéin Deeler) iwwer dem rietse Säitenaltor, deen dem hellege Jousef geweit ass.
  3. De Jesus mam räiche Jüngling.
  4. De Jesus wäscht dem Péitrus d'Féiss.
  5. De Jesus mam Johannes bei der leschter Owesmoolzecht.
  6. D'Häerz vum Jesus gëtt vum de Longinus mat enger Lanz duerchstach.
  7. De Jesus mam Thomas
  8. De Jesus seent d'Kanner.
  9. Jesus, Maria a Martha.
  10. De Jesus seent d'Koppel vu Kana.
  11. De Jesus um Kräiz mat Maria.
  12. De Jesus gëtt bei der Operstéiung vum Maria Magdalena erkannt.
  13. D'Marie Alacoque (net fräi ze gesinn).
  14. De Jesus iwwergëtt dem Péitrus d'Schlësselgewalt (net fräi ze gesinn).

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

Déi dräi Klacke goufe vun der Firma Mabillon (Saarburg) gegoss an den 3. Abrëll 1933 ageweit.

Déi déck Klack nennt sech Häerz Jesu. Si laut an Do Dièse. Baussen drop ass e Bild vum Häerz Jesu mat der laténgescher Widmung Kommt all zu mir, déi dir traureg sidd a schwéier Laaschten ze droen hutt, ech ginn Iech nei Kraaft, Kommt, a loosst ons de Jesus Christus veréieren, de Kinnek vun de Kinneken. Um Bord banne steet: AM Joer 1932 sinn ech gegoss gi mat de Sue vun de Gleewegen an ech gouf geweit zur Éier vum Häerz Jesu. Pätter a Giedel waren den Dr. Joseph Molitor an d'Mme Dupong-Schroeder. D'Klack weit 2.302 kg an ass 1,52 m grouss.

Déi zweet Klack laut am Mi. Si heescht Maria an ass der Muttergottes, der Tréischterin am Leed, geweit. D'Widmung ronderëm ass: All Dag sangen, éieren a bedanken ech mech bei der Kinnigin vum Himmel. Pätter a Giedel waren den Emile Retter an d'Mme Devas-Kluge. D'Klack weit 1.299 kg an ass 1,28 m grouss.

Déi drëtt Klack ass dem hellege Jousef geweit. D'Widmung ass Hellege Jousef, Peiler vun der Famill, Patréiner vun de Stierwenden, biet fir ons!. Pätter a Giedel waren de Pierre Müller-Pierret an d'Mme Nicolas Margue-Moes. Si weit 972 kg, huet eng Gréisst vun 1,14 m a laut am Fa Dièse.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Lëtzebuerg-Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien