Heeschbrecher Bildchen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
D'Heeschbrecher Bildchen vun der Strooss aus gesinn
D'Statu an der Eech. D'Original ass an der Kierch op der Schanz
Plackett op der Eech

D'Heeschbrecher Bildchen ass e Madonnepilgeruert zu Heeschbrech, fir déi et an der Zäit eng Rei weider Nimm gouf, déi awer haut net méi geleefeg sinn: Maria Hilf im Walde; Maria Hilfe in der Not; Maria im Walde; Bildchenskuescht; Kuescht.

Kuescht oder Kues ass eng al lëtzebuergesch Bezeechnung fir e Bam, meeschtens eng Eech.

D'Kombinatioun Marienhellegtum – Eech ass zimlech verbreet. D'Pilgeruertschaft Montaigu (Scherpenheuvel) an der Belsch geet op e Mariebild an enger Eech zréck. Och d'Bildche vu Veianen huet am Ufank tëscht den Äscht vun enger Eech gestanen. A Frankräich gëtt e Chêne de la Vierge am Staatsbësch vun Tannières no bei den Uertschafte La Baffe an Archettes.

Urspronk vun der Pilgerplaz[änneren | Quelltext änneren]

Wann am Laf vun der Geschicht d'Leit aus der Géigend dës Fro gestallt kruten, hu si ëmmer geäntwert, datt déi Marieneech nach ëmmer do stoung. De Professer Jean Engling mengt 1859, datt d'Bildchen op en heednesche Kult zréckgeet. Deemools gouf et d'Bestriewen, d'Urspréng ganz fréi ze datéieren, fir d'Wichtegkeet z'ënnersträichen. Dëse Kult wir dann ersat ginn duerch chrëschtlech Aflëss, d. h.en Hellegebild ass an d'Plaz vum Gëtzebild komm.

Fir dës Theorie schwätzt Folgendes:

  1. Bam-Nischen un heedneschen “hellege Beem” – v.a. un Eechen - waren net rar, et ware Plaze wou Affere gemaach goufen.
  2. 300 m vun der Eech ewech goufe vill Tounstatuette vun der Fruchtbarkeetsgëttin Nehalienna, an och Mënze fonnt.

Trotzdeem gëtt dës Theorie vun engem heedneschen Urspronk haut net méi vertrueden. Méiglecherweis geet déi haiteg Marieveréierung zréck op en Ereegnes vum 30. Mee 1731. Vun dräi Bridder ginn der zwéi vum Blëtz erschloen. Als Merci fir seng Rettung léisst deen drëtten, de Bernard Mathias Deitz, dat bekannt Bild an der Eech opstellen. Obwuel dat Ganzt no Legend kléngt, gëtt et eng historesch Grondlag, well am Joer 1895 huet de Paschtouer Christian Beck am Douderegëster eng Inscriptioun fonnt, déi beleet datt effektiv den 30. Mee 1731 de Johann an de Bernhard Deitz ënner enger Eech vum Blëtz erschlo goufen. Net auszeschléissen ass awer, datt d'Maria schonn am 17. Joerhonnert bei der Heeschbrecher Eech veréiert gouf.[1]

Et si virun allem Fraen dohi gepilgert - Fraen, déi e Kand erwaart hunn, a Fraen, deenen hir Männer am Krich waren. Op d'mannst säit 1936 geet de 15. August, op Léiffrawëschdag, owes eng Liichterprëssioun vun der Schanzer Kierch, ugefouert vun der Becher Musek, bei d'Eech, wou en Altor an eng schéi faarweg Dekoratioun (vill Luuchten asw.) ubruecht sinn, a wou dann eng Mass mat Priedegt gefeiert gëtt.

D'Statu[änneren | Quelltext änneren]

Den Original vun der Statu steet an der Kierch op der Schanz, a gëtt fir d'Prëssessioun op Léiffrawëschdag do erausgeholl. Bis den Hierscht 2006 stoung am Bam eng gipse Statu, déi vum Service des sites et monuments nationaux dunn endlech duerch eng Kopie vum Original ersat gouf.

D'Eech[änneren | Quelltext änneren]

Den exakten Alter vun der Eech ass net bekannt. Et gëtt ugeholl si hätt ongeféier 500 Joer. De Forstinspekter Paul Modert bezeechent se an den 1960er Joren als déi stäerkst Eech an deen déckste Bam aus dem Land. Eng Eech ka bis zu 800 Joer al ginn, allerdéngs ass d'Heeschbrecher Eech krank. D'Nisch an der Eech staamt aus dem Joer 1817. 1911 war si duerch Käerze bal verbrannt. D'Statu war verkuelt, konnt awer zu Tréier gefléckt ginn. 1929 gouf dunn den Huelraum ausbetonnéiert. D'Eech gehéiert zanter 1938 dem Staat an ass zanter 2004 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert [2].

Den Ëmfank op Broschthéicht huet sech folgendermoossen entwéckelt: 5,74 m (1893) - 6,87 m(1958) - 8,30 m (1980). Ëm 2000 gouf en Duerchmiesser op Broschthéicht vun 2,36 m notéiert, wat engem Ëmfank vu 7,41 m entsprécht.

Hanner der Eech geet et an eng Griecht erof mat Fielse mat Schläifrillen aus der Steenzäit[Source?]. Do goufen neolithesch Steebëllen an där Saache fonnt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 12-13, Text a Foto).
  • Engling, Johann (Jean), 1861. Unsere Marienbäume - einst Sitz der Abgötterei und des Aberglaubens. Ein Beitrag zur Geschichte des Christentums im Luxemburger Lande. Publications de la section historique XVI, S. 96-118.
  • Faber, Ernest, 1893. Alte Bäume. St. Paulus-Gesellschaft, 36 S. (Cf. S. 13-14).
  • Faber, Ernest, 1920. Die Baumriesen des Grossherzogtums Luxemburg in Wort und Bild mit Erwähnung hervorragender ausländischer Riesenbäume. - Franz Faber, Miersch, 95 S. Text a 24 Fotosäiten.
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. Imprimerie centrale S.A. (Cf S. 48-49, Text a Foto).
  • Vgl.: Massard, J.A., 1998. Historisch-naturwissenschaftlicher Streifzug durch den Kanton Echternach. In: nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur, Joer 19 (2-3): 363-393 ( Cf. S. 381-385).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. J. Hess: Die Marieneiche von Hersberg. In: An der Ucht, 20(1966). Cf. Massard 1998, S. 384.
  2. Arrêté du conseil de gouvernement, séance du 7 mai 2004: Art. 1er. - Est classé monument national le chêne pédonculé connu sous l'appellation « Bildchenkuescht op der Schanz », sis à Altrier-Hesberg, inscrit au cadastre de la commune de Bech, section E d'Altrier, sous le no 385/1744, appartenant au Domaine de l'État. Le terrain de la parcelle cadastrale sera compris dans le classement en qualité de périmètre de protection.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eech zu Heeschbrech – Biller, Videoen oder Audiodateien
right

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]


Kathoulesch Muttergottes-Pilgerplazen an Europa
Lëtzebuerg: Lëtzebuerg - Stadgronn - Wolz - Léiffrächen - Giischterklaus - Veianer Bildchen- Heeschbrecher Bildchen
Belsch: Banneux - Beauraing - Werpin
Frankräich: Lourdes - Avioth - Bonne-Fontaine - Monléon-Magnoac - Notre Dame du Puy Rachat - Notre-Dame de La Salette
International: Fátima - Einsiedeln - Montserrat - Altötting - Kevelaer - Loreto - Mariazell - Tschenstochau - Covadonga
Pilgerplaze fir Sportler: Notre-Dame des Cyclistes (F) - Notre-Dame de la Course Landaise (F) - Notre-Dame-du-Rugby (F) - Chèvremont (B) - Nuestra Señora de Dorleta (Es) - Madonna del Ghisallo (It)