Op den Inhalt sprangen

Jan Hendrik Oort

Vu Wikipedia
Jan Hendrik Oort
Gebuer 28. Abrëll 1900
Franeker
Gestuerwen 5. November 1992
Leiden
Nationalitéit Holland
Educatioun Universitéit Groningen
Aktivitéit Astronom, Physiker, Professer, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, International Astronomesch Unioun, National Academy of Sciences, Koninklijke Vlaamse Academie van België voor Wetenschappen en Kunsten
D'Gedenktafel um Gebuertshaus vum Oort zu Franeker

De Jan Hendrik Oort, gebuer den 28. Abrëll 1900 zu Franeker, a gestuerwen de 5. November 1992 zu Leiden, war en hollänneschen Astronom.

Den Oort hat op der Universitéit Groningen studéiert. Do war hie Student vum Jacobus Kapteyn. Vun 1924 un huet hien dunn am Observatoire zu Leiden geschafft. Vun 1945 bis 1970 war hie Professer op der Universitéit Leiden. Déiselwecht Zäit war hien och Direkter vum Observatoire vu Leiden.

1927 hunn den Oort a seng Kolleege mat de Rotatiounsformelen d'Hypothes vum Bertil Lindblad iwwer d'Rotatioun vun der Mëllechstrooss konfirméiert, déi fir d'éischt de Kant am Joer 1755 virgeschloen hat. Den Oort hat de Mëllechstroossenzentrum 30.000 Liichtjoer vun der Äerd ewech am Stärebild Sagittarius lokaliséiert. Hien hat bewisen, datt d'Mëllechstrooss eng Mass vun 100 Milliarde Sonnemassen huet.

An den 1950er-Joren hat den Oort d'Oort-Wollek am Beräich vum Rand vum Sonnesystem virausgesot, aus där d'Koméite stamen. Seng Theorien dozou sinn ni confirméiert ginn, ginn awer allgemeng unerkannt.

Den Oort hat och Polariséierung vun der Stralung vum Krabbniwwel nogewisen an hat s'als Synchrotronstralung erkannt.

Vun 1958 bis 1961 war den Oort President vun der I.A.U..