Op den Inhalt sprangen

Jean Fohrmann

Vu Wikipedia
Versioun vum 14:37, 30. Mee 2013 vum Soued031 (Diskussioun | Kontributiounen) (→‎Seng Carrière: clean up, replaced: ëmgesidelt → ëmgesiidelt using AWB).
Fichier:FOHRMANNJean.jpg
Jean (Jängi) Fohrmann

De Jean (Jängi) Fohrmann, gebuer de 5. Juni 1904 zu Diddeleng, a gestuerwen de 17. September 1973 zu Esch-Uelzecht,[1] war e lëtzebuergesche Gewerkschaftler an LSAP-Politiker. Hien ass de Papp vum Marthe Bigelbach-Fohrmann an de Grousspapp vum Alex Bodry.

Seng Carrière

  • Seng Carrière huet de Jean Fohrmann mat fofzéng Joer als Schlässer op der Diddelenger Schmelz ugefaangen, wou hien am LAV militéiert huet. Nodeem hien 1924 an d'Belsch bei d'Forges de Clabecq gewiesselt hat, huet seng Gewerkschaft him d'Studien op der École Ouvrière Supérieure zu Bréissel erméiglecht. Hie gouf duerno Gewerkschaftsekretär a 1935 fir d'éischt an d'Chamber gewielt.
  • Am Zweete Weltkrich war de Jean Fohrmann Resistenzler an hie gouf dowéinst mat senger Famill an Däitschland ëmgesiidelt a koum méi spéit an d' KZ Groß-Rosen.
  • 1946-1965: Buergermeeschter vun der Stad Diddeleng. Säi Virgänger war den Théodore Thiel (1935 - 1946), säin Nofolger de René Hartmann (1965 - 1973)
  • 1935-1940, 1945-1958, 1959-1965 an 1969-1973: Deputéierten
  • 1952-1957 war hie Member a Vizepresident vun der berodender europäescher Versammlung (Assemblée consultative) vun der CECA, déi zu Stroossbuerg zesumme koum
  • 1953-1964: Direkter vum Escher Tageblatt
  • 1965-1967: Member vun der Héijer Autoritéit vun der CECA
  • De Jängi Fohrmann huet och eng Rei vun Theaterstécker geschriwwen.

Gielercher

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 124
  2. Memorial A N°17 vun 1960 mat der Lëscht vun de Leit déi 1960 mam Ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen