Op den Inhalt sprangen

Jeannot Bewing

Vu Wikipedia
Jeannot Bewing
Gebuer 28. Mäerz 1931
Gestuerwen 4. Juni 2005
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur

De Jeannot Bewing, gebuer den 28. Mäerz 1931 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 4. Juni 2005, war e lëtzebuergesche Sculpteur.

Eng Skulptur vum Jeannot Bewing

De Jeannot Bewing war e Schmelzaarbechter deen 1968 éischt Kontakter mat der Konscht krut. An deem Joer huet hien och zu Paräis um Salon de la jeune sculpture ausgestallt. 1975 war hien an der Cité internationale des arts zu Paräis. 1986 huet hien um Internationalen Bildhauer-Symposium zu Merzig (D) deelgeholl.

Nodeem hie mat 57 an d'Pensioun gaange war, konnt hie sech ganz sengem kënschtleresche Schafen dediéieren.

De Roger Manderscheid huet säi Roman kasch. e genie verschwënnt an der landschaft dem Jeannot Bewing dediéiert.

Säi Liewen

Als Jong vum Schmelzaarbechter Léon Bewing an der Anne Grünewald gouf de Jeannot Bewing den 28. Mäerz 1931 zu Esch-Uelzecht gebuer.

1954 gouf hie mat der Mim Biltgen bestuet. 1955 koum säin eenzegt Meedchen Eliane op d'Welt.

2004 stierft dem Jeannot Bewing seng Fra Mim.

An der Nuecht vum 3. Juni op de 4. Juni 2005 stierft de Jeannot Bewing onerwaart am Alter vu 74 Joer a sengem Haus zu Esch-Uelzecht.

Säi Wierk

De Jeannot Bewing huet haaptsächlech Skulpturen aus eisene a stolene Schrottdeeler gemaach. Hien huet awer och verschidde Sklupturen am Holz an am Stee realiséiert. Donieft huet hien och gezeechent a gemoolt.

Dot (1993), Wierk vum Jeannot Bewing bei der Uni Lëtzebuerg um Lampertsbierg

Monumentalrealisatiounen

Ëffentlech Kollektiounen

  • Spuerkeess, Lëtzebuerg
  • Banque générale, Esch-Uelzecht
  • Nationalbibliothéik, Lëtzebuerg
  • Cour de Justice, Lëtzebuerg
  • Groussherzoglechen Haff, Lëtzebuerg
  • Rout Kräiz, Esch-Uelzecht
  • Minerais SA, Lëtzebuerg
  • Kulturministère, Lëtzebuerg
  • Ausseministère, Lëtzebuerg
  • Nationale Geschichts- a Konschtmusée, Lëtzebuerg
  • Republik China, Lëtzebuerg
  • Stad Esch-Uelzecht

Perséinlech Expositiounen

  • 1970 Galerie Horn, Lëtzebuerg
  • 1971 Galerie 66, Hofheim/Taunus
  • 1972 Galerie d'Art Municipale, Esch-Uelzecht
  • 1977 Galerie La Cité, Lëtzebuerg, Galerie Paul Brück, Lëtzebuerg
  • 1979 Galerie Im Zwinger, St. Wendel, Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1981 Galerie 66, Hofheim/Taunus
  • 1982 Galerie Numaga, Auvernier, Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1983 Maison de la Culture, Namur
  • 1984 Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1985 Galerie Numaga, Auvernier, Galerie N.R.A., Paräis
  • 1987 Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1988 Saarländisches Künstlerhaus, Saarbrécken
  • 1989 Galerie La Cité, Lëtzebuerg, Del Bella Galeria, Toronto
  • 1991 Galerie d'Art Municipale, Esch-Uelzecht
  • 1992 Galerie La Cité, Lëtzebuerg
  • 1993 Galerie Athena, Courtrai
  • 1994 Bibliothèque du Centre Universitaire, Lëtzebuerg, Galerie Schlassgoart, Esch-Uelzecht
  • 1996 Galerie Athena, Courtrai
  • 1998 Galerie d'Art Municipale, Esch-Uelzecht
  • 1999 Galerie Athena, Courtrai, Galerie La Cité, Lëtzebuerg

Kollektiv Expositiounen

Auvernier, Bachte-Maria-Leern/Deinze, Brest, Bréissel, Köln, Consdorf, Courtrai, Dublin, Esch-Uelzecht, Florenz, Frankfurt, Gütersloh, Hofheim/Taunus, Höhr-Grenzhausen, Japan, Madrid, Metz, Namur, Paräis, Saarbrécken, Sevilla, Sonderborg, St. Wendel, Toronto

Gielercher

Literatur

  • Nathalie Becker, 2015. Hommage à Jeannot Becker. L'avatar de Vulcain. Die Warte 17|2474 vum 4. Juni 2015, S. 11.
  • Revue, 11.10.1969 a 25.3.1972
  • Jeannot Bewing. Préface Felix Molitor, photos Guy Wolff. Éditions Saint Paul 2005, ISBN 2-8763-563-2.
  • Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 68 - S. 69

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Jeannot Bewing – Biller, Videoen oder Audiodateien