Johann Heinrich Mädler

Vu Wikipedia
Johann Heinrich Mädler
Gebuer 29. Mee 1794
Berlin
Gestuerwen 14. Mäerz 1874
Hannover
Nationalitéit Kinnekräich Preisen, Däitscht Keeserräich, Russescht Keeserräich
Educatioun Humboldt-Universitéit Berlin
Aktivitéit Astronom
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

De Johann Heinrich Mädler, zanter 1865 von Mädler, gebuer den 29. Mee 1794 zu Berlin a gestuerwen de 14. Mäerz 1874 bei Hannover war en däitschen Astronom.

De von Mädler hat ënner anerem detailléiert Äerdmoundkaarte gezeechent, déi joerzéngtelaang d'Standardwierk vun der Moundfuerschung waren, d'tropescht Joer hat hien och prezis berechent, 1864 hat hien eng nei Schaltreegel fir de Kalenner virgeschloen.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

De Mädler koum als Jong vun engem Berliner Schneidermeeschter op d'Welt. Bei senger Gebuert war hien allerdéngs sou schwaach, datt se gemengt haten, hie kënnt nëmmen e puer Stonnen iwwerliewen. Am Laf vun de Joren huet sech säin Zoustand verbessert an 1806 koum hien an e Berliner Lycée.

Am Joer 1813 si seng Eltere banne sechs Wochen un Typhus gestuerwen an den 19-järege Johann Mädler huet sech ëm d'Erzéiung vu sengen dräi Schwësteren (14, 11 a 5 Joer) misse këmmeren.

Hien hat ëmmer de Wonsch Mathematik an Astronomie ze studéieren. Duerch de Verloscht vu sengen Eltere war dat awer net méiglech. Déi nächst fënnef Joer huet de Mädler sech a seng Schwësteren duerchbruecht, andeems hien Nohëllefstonne ginn huet. Wärend senger fräier Zäit huet hie sech selwer autodidaktesch ausgebilt.

1818 konnt hien endlech e Studium an der neier Universitéit Berlin ufänken. Do studéiert hie Mathematik ënner dem Georg Simon Ohm an Astronomie ënner der Leedung vum Johann Elert Bode an dem Johann Franz Encke. Spéider huet hien du selwer Virliesungen ofgehalen a krut 1822 eng Plaz als Tutor. Am selwechte Joer huet hie mat meteorologeschen Observatiounen ugefaangen déi reegelméisseg publizéiert goufen.

1830 huet de Mädler eng Aarbecht um kinnekleche Pedagogeseminar zu Berlin ugeholl. 1833 mécht hien am Optrag vun der preisescher Regierung um Kap Arkona, dem nërdlechste Punkt vun der Insel Rügen, exakt Zäitbestëmmungen. Déi goufe fir eng russeschchronometresch Expeditioun“ gebraucht.

1824 mécht de Mädler d'Bekanntschaft vum Wilhelm Beer, engem un der Astronomie intresséierte räiche Berliner Banquier a Brudder vum Komponist Giacomo Meyerbeer. De Beer huet sech vum Mädler an d'Astronomie an an déi héich Mathematik aféiere gelooss. 1829 huet de Beer e privaten Observatoire an der Géigend vu senger Villa baue gelooss, dee mat engem ganz gudden Achromat mat 9,5 cm Ëffnung an 1,5 m Brennwäit vum Fraunhofer ekipéiert gouf. Do hunn de Mädler an de Beer an den nächste Joren Observatioune vum Äerdmound a vun de Planéite gemaach.

Am Joer 1830 hunn déi zwéin de Mars observéiert an hunn éischt genee Kaarte vum Planéit gezeechent. Si hunn och seng Rotatiounsperiod bestëmmt. Dee vun hinne festgestallte Wäert wäicht nëmmen 13 Sekonne vun deem mat haitege Mëttele bestëmmte Wäert of. Ausserdeem hu si den Nullmeridian vum Mars festgeluecht.

Tëscht 1830 an 1836 huet de Mädler wärend 600 Nuechten Zeechnunge vun der Mounduewerfläch gemaach. Sou ass eng grouss Äerdmoundkaart mat véier Blieder entstanen. Dat éischt Blat koum 1834 eraus, d'Lithographie hat säi Koséng, de Läitnant Vogel, gemaach. Zesumme mat engem Textwierk Allgemeine Selenographie goufen d'Kaarten 1837 an zwéi Bänn publizéiert. D'Käschten dovun hat de Beer iwwerholl. 1838 hu si eng kleng Versioun vun der Moundkaart (33 cm Duerchmiesser) publizéiert. D'Kaarte goufen e Standardwierk fir all Astronom. De Mädler gouf weltberüümt a krut eng Onmass Auszeechnungen. Hie krut en Doktorgrad a gouf zum Professer fir Astronomie ernannt.

Bei sengen Aarbechten iwwer den Äerdmound hat de Mädler och seng spéider Fra kennegeléiert. D'Hofrätin Wilhelmine von Witte (17. November 1777 bis 17. September 1854) vun Hannover, déi och un der Astronomie intresséiert war, huet e Moundglobus no eegenen Observatiounen an nom Mädler sengen Zeechnunge konstruéiert. Wéi si héieren huet, datt de Mädler sech am Hierscht 1839 zu Pyrmont opgehalen huet, ass si a Begleedung vun hirer eelster Duechter Minna (18041891) dohi gereest, fir hien no senger Meenung ze froen. Dem Mädler huet net nëmmen de Moundglobus gefall, mä och d'Dichterin Minna, déi vun hirer Mamm an Astronomie ënnerriicht gi war. Déi béid hu sech am Juni 1840 bestuet a waren iwwer 35 Joer zesummen. De Moundglobus gouf spéider vum Alexander von Humboldt a vum John Herschel gelueft.

1836 hat de Mädler eng Plaz als Observateur am neie Berliner Observatoire ugeholl, den Direkter war säi fréiere Professer Johann Franz Encke. Do huet de Mädler Observatioune mam 24-cm-Lënsenteleskop gemaach.

1840 ware verschidden Direkteschplazen an europäeschen Observatoire fräi – de Mädler hat sech fir den Observatoire Dorpat entscheet, deemools ënner russescher Administratioun, wou de gréisste vum Joseph von Fraunhofer gebaute Refrakter stoung.

De Mädler huet dem Wilhelm Struve seng Observatioune vun Duebelstäre weidergefouert a huet d'Eegebeweegunge vu Fixstären ausgerechent.

Wärend senger Zäit zu Dorpat hat de Mädler am Optrag vun der russescher Regierung zweemol Expeditioune fir d'Observatioun vun totale Sonnendäischterte geleet. Déi éischt, 1860 zu Brest-Litowsk, deemools Russland haut Wäissrussland, konnt opgrond vu schlechtem Wieder net gekuckt ginn. Déi zweet, 1861 zu Vitoria a Spuenien, war erfollegräich.

Ausserdeem berechent de Mädler d'tropescht Joer ganz prezis.

De Mädler war wärend senger ganzer wëssenschaftlecher Tätegkeet en onermiddleche Publizist. Hien huet wëssenschaftlech Dagesfroe an ëffentleche Blieder an Zäitschrëften a verständlecher Aart a Weis behandelt. An engem Bericht iwwer e Referat vum Fotopionéier William Henry Fox Talbot ass hie wäit iwwer déi Talbotsche Matdeelungen eraus gaangen an huet als éischten, nach virun engleschen oder franséische Publikatiounen, an der Vossischen Zeitung vum 25. Februar 1839 de Begrëff Fotografie gebraucht.[1]

1865 ass de Mädler an d'Pensioun gaangen a gouf an de russeschen Adelsstand gehuewen. Duerno goung hien nees zeréck an Däitschland. Aeproblemer haten Observatiounen onméiglech gemaach. No enger erfollegräicher Aenoperatioun zu Wiesbaden huet hie sech sengem Wierk „Geschichte der Himmelskunde“, higinn, dat 1873 publizéiert gouf.

De Mädler ass am Alter vun 79 Joer no enger Krankheet vu 6 Méint zu Hannover gestuerwen.

Zu sengem Gedenke goufen e Krater um Mound (Mädler (Äerdmoundkrater)) an um Mars no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Heinrich Mädler – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Erich Stenger: Der Ursprung des Wortes "Photographie". In: der freie lichtbildner (Offizielles Organ des Arbeiter-Lichtbild-Bundes), Jg. 2, Nr. 2, 15. Februar 1933, S. 14f