Josy Linkels

Vu Wikipedia
Josy Linkels
De Josy Linkels
Pseudonym Joli
Gebuer 24. September 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

De Joseph ("Josy") Linkels, Pseudonym: Joli, gebuer de 24. September 1943 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Moler.

No der Première am Stater Jongelycée an dem Cours supérieurs huet de Josy Linkels op der Universitéit vu Stroossbuerg Naturwëssenschafte studéiert, dës Studien awer ofgebrach, well him d'Kreéieren an d'Molerei méi no louchen. Dem Professer Dr. Erwin Bruno Siegwart Rupp vun der Sektioun Bildende Künste op der Universitéit vun Heidelberg seng kreativ Lousheeten hunn dem Joli alleguer seng Konschtspëtzfënnegkeeten nach méi aktivéiert a verstäerkt. Hien huet op der Lëtzebuerger Eisebunn geschafft an a senge fräie Stonne seng artistesch, kulturell, sozial an humanistesch Aktivitéiten ausgeübt an zwar a ganz Europa an souguer driwwer eraus.

Hien ass ambidexter a schaaft all Zorte vu Molerei, Assemblagen a Collagë mat Gebrauch vun allen technesche Medien op all Genre vu Fongen an alle Gréissten. Hien ass bestuet an huet keng Kanner.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

De belsche Kinnek Albert II. huet hie mat den Insignie vum Officier de l'Ordre de la Couronne du Royaume de Belgique a vum Officier de l'Ordre de Léopold II ausgezeechent an hien ass och vum Lëtzebuerger Staat mat den Insignie vum Chevalier de l'Ordre de la Couronne de Chêne a mat den Insignie vum Chevalier de l'Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg geéiert ginn.

Hien huet zwéin Éierendoktertitelen: Dr rer. art. h.c. an Doctor of fine arts h.c.(honoris causa).

Hie krut déi grouss gëlle Medail vun der Courtoisie française, d'Spezialmedail vun der Académie Internationale de Lutèce/A.I.L. als laangjäregen europäeschen Delegéierten, déi grouss gëlle Medail vun der Société d'Encouragement-L'Élite de France, d'Goldmedail vun der Association académique Arts-Sciences-Lettres de France, d'gëlle Kräiz vum Mérite et dévouement français, d'Spezialmedail "CONNAITRE ET RECONNAITRE" an déi "FRATERNITE ENTRE LES NATIONS" genannt vun der Haute Académie Littéraire et Artistique de France/H.A.L.A.F. an d'Insignie vun engem Officier de l'Ordre International vun der H.A.L.A.F., d'Insignie vun engem Grand Officier du Mérite Hispanique an d'Sëlwermedail vum Mérite européen, fir der nëmmen e puer zu nennen. Hien ass als Member vun der Légion Violette, och als Member vun der Association des membres de l'ordre des palmes académiques, kuerz A.M.O.P.A., ugeholl ginn. Hien ass och Member vun der Association des médaillés de la Fondation du Mérite Européen.

Hommage à l'introduction de la valeur monétaire commune européenne.

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

De Joli huet eng Hellewull vu perséinlechen a Gruppenaussstellungen organiséiert a sech och dru bedeelegt. 1990 huet hien als eenzege Lëtzebuerger um Salon d'automne am Grand Palais des Champs Elysées zu Paräis deelgeholl. Hien huet och bei der Triennale Latine France-Espagne-Portugal 1993 um Puy a Frankräich deen éischte Präis kritt grad sou wéi zu Marseille, zu Aix-en-Provence, zu Arles an zu Châteauneuf-du-Pape bei den internationale Salone vun der Associatioun ARTS-INTER c/o "Seigneurs de l'Art", déi grouss Coupe vum Valéry Giscard d'Estaing, d'Sëlwermedail vu Vittel, d'Bronzemedail vun Nanzeg an d'Bronzemedail vu Metz c/o Promotions des Arts de France an de Prix du Conseil Général vu VIANO DO CASTELO/PORTUGAL c/o Académie Littéraire et Artistique de HAUTE-LOIRE. Op Grond vu sengem Palmarès a senge sëllegen Auszeechnunge gouf de Josy europäëschen Delegéierte vun der Académie Internationale de Lutèce zu Paräis a fondé de pouvoir vun der Société d'Encouragement-L'Élite de France och mat Sëtz zu Paräis. An der Belsch ass et an der Académie Wallonne des Arts an an der Académie Européenne des Arts wou hie sech dacks behaapt huet. Zu Lëtzebuerg si seng verschidde Participatiounen am CAL (Cercle artistique de Luxembourg) net ze vergiessen. Dës Indikatioune betreffen nëmmen eng kleng Auswiel. 1994 huet déi lëtzebuergesch Post eng Tëleekaart vum Joli sengem Tableau Module variation a erausginn (d'Bild selwer hänkt am Postmusée. Hien huet 2011 an 2012 zesumme mam Office des Timbres vun der Lëtzebuerger Post jeeweils e personaliséierten Timber an eng Postkaart vu sengen Tableaue Luxembourg:Entité européenne an Hommage à l'Euro genannt realiséiert,. Hies ass och als technesche Beroder, als Jurysmember an/oder als Éiereninvité an d'Ausland geruff ginn.

Billeralbum[änneren | Quelltext änneren]

Vegetatioun
Thilleschgaass
Exultatioun
Intuitioun
Hafen
Fréimueres
Um Heemwee
Ee Bouquet Blumme fir d'Wiki

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Josy Linkels – Biller, Videoen oder Audiodateien