Johann Friedrich Julius Schmidt

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Julius Schmidt)
Johann Friedrich Julius Schmidt
Gebuer 26. Oktober 1825
Gestuerwen 7. Februar 1884
Athen
Aktivitéit Astronom
Member vun American Academy of Arts and Sciences
D'Gebuertshaus vum Johann Friedrich Julius Schmidt zu Eutin
Erënnerungstafel um Gebuertshaus zu Eutin

De Johann Friedrich Julius Schmidt (meeschtens kuerz J. F. Julius Schmidt oder Julius Schmidt), gebuer de 26. Oktober 1825 zu Eutin a gestuerwen de 7. Februar 1884 zu Athen a Griicheland war en däitschen Astronom a Geolog.

Hien hat eng vollstänneg Moundkaart gemaach a publizéiert. Et war déi geneest Kaart, déi am 19. Joerhonnert verfaasst gouf. Weider war säin Intressi op de Gebidder vum Zodiakalliicht, de Verännerleche Stären, de Koméiten an de Meteoren.

Als Geolog huet sech de Schmidt mam Vulkanismus, dem Äerdbiewen a mat der Geographie vu Griicheland beschäftegt.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Eutin[änneren | Quelltext änneren]

De Johann Friedrich Julius Schmidt gouf 1825 zu Eutin als Jong vun engem Glasmécher gebuer. Schonn als Student huet hie sech fir astronomesch Theemen intresséiert, woubäi och säin Talent fir ze zeechnen opgefall ass. Duerch Vermëttlung vum Christoph Friedrich Hellwag konnt hien op d'Eutiner Héichschoul goen, wou hien Zougank zu engem Teleskop kritt hat.

Hamburg an Altona[änneren | Quelltext änneren]

Wärend senger Kolléischszäit huet hie bei Famill zu Hamburg gewunnt. Do koum hie mat 14 Joer an de Besëtz vum Buch Selenotopographische Fragmente vum Johann Hieronymus Schröter. Dat huet säin Interessi um Äerdmound aktivéiert. Hie konnt säi Wëssen zousätzlech am Observatoire Altona verdéiwen. Hie krut och do Zougank zu der Moundkaart déi vum Wilhelm Beer a vum Johann Heinrich Mädler verfaasst gi war.

Hien hat seng Schoul virum Abitur ofgebrach an zanter 1842 um Observatoire Hamburg am Millerntor beim Karl Rümker geschafft. Do huet hien d'Grondlage vun der Astronomie kennegeléiert, huet en neie Koméit entdeckt a seng Bunn berechent, wourop hin d'Fachwelt op hien opmierksam gouf.

Düsseldorf[änneren | Quelltext änneren]

1845 gouf hien Assistent beim Johann Friedrich Benzenberg um Observatoire Düsseldorf zu Bilk no bei Düsseldorf.

Bonn[änneren | Quelltext änneren]

Den Observatoire zu Bonn (Foto vun 1893)

Nom Doud vum Johann Friedrich Benzenberg ass de Schmidt 1846 op den Observatoire Bonn bei de Friedrich Wilhelm August Argelander gewiesselt. Hei gouf do 1844 Member vun der Burschenschaft Fridericia Bonn.[1] a war 1845 Matgrënner vun der Bonner Burschenschaft Frankonia.[2]

Olmütz[änneren | Quelltext änneren]

1853 gouf hien Direkter vum privaten Observatoire vum Propst Ritter Eduard von Unkrechtsberg zu Olmütz a Mieren. Duerch seng Aarbechten huet hien dem Gustav Tschermak säin Intressi fir d'Geologie staark beaflosst.[3]

Athen[änneren | Quelltext änneren]

1858 krut hien d'Direkteschplaz um Observatoire zu Athen, finanzéiert vum griichesche Banquier Simon von Sina. De Schmidt ass bis zu sengem Liewensenn zu Athen bliwwen. Do huet hie méi wéi 70.000 Observatioune vu verännerleche Stäre gemaach, huet Koméiten a Meteore studéiert an huet zwou Supernovaen entdeckt.

De Moundkrater Linné

Bei sengen Observatiounen hat hien 1866 – anscheinend – festgestallt, datt de Moundkrater Linné verschwonne wier. De Bericht iwwer déi Entdeckung hat zu enger intensiver Moundfuerschung gefouert, well dat ë. a. als Indiz fir eng geologesch Aktivitéit vum Mound gesi gouf. Doriwwer gouf bis an d'Mëtt vum 20. Joerhonnert diskutéiert; spéider gouf déi falsch Observatioun op d'Opléisungsgrenz vun den deemolegen Teleskopen zeréckgefouert.

Am Joer 1868 gouf hien Éierendokter vun der Universitéit Bonn.

De Johann Friedrich Julius Schmidt ass 1884 gestuerwen.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1877 déi vum Wilhelm Gotthelf Lohrmann ugefaangen an nëmmen deelweis publizéiert Moundkaart – ënner dem Lohrmann sengem Numm. D'Kaart faasst 7.100 Krateren[4].
  • 1878 déi vun him verfaasst Moundkaart, vu bal zwéi Meter Duerchmiesser, déi aus 25 Blieder besteet an op där ongeféier 33.000 Moundkratere verzeechent sinn[4], woumat dat déi geneest Kaart ass, déi am 19. Joerhonnert gemaach gouf.
  • Beobachtungen über Saturn und dessen Ring im Jahre 1848 An: Astronomische Nachrichten. Altona 1848
  • Resultate aus zehnjährigen Beobachtungen über Sternschnuppen. Berlin 1852
  • Beobachtung der totalen Sonnenfinsternis vom 28. Juli 1851 zu Rastenburg in Ostpreußen
  • Das Zodiakallicht. Braunschweig 1856
  • Der Mond. Leipzig 1856
  • Die Eruption des Vesuv im Mai 1855. Wien, Olmütz 1856
  • Über Rillen auf dem Mond. Leipzig 1866
  • Über Feuermeteore 1842 bis 1867. Wien 1967
  • Vulkanstudien. Leipzig 1874.
  • Studien über Erdbeben. Leipzig 1875.
  • Über Variabilis Cygni. An: Astronomische Nachrichten. Altona 1866
  • (Editeur): Wilhelm Gotthelf Lohrmann – Mondcharte in 25 Sectionen, Berlin 1877
  • Charte der Gebirge des Mondes. Berlin 1878

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Todes-Anzeige. In: Astronomische Nachrichten. Bd. 108 (1884), Sp. 129 f. (Digitalisat).
  • Gustav Peters: Astronom Julius Schmidt. In: Blätter für Heimatkunde – Eutin. Eutin 1956, S. 65.
  • Otto Rönnpag: Erste Mondkarte eines Eutiners um 1850. In: Jahrbuch für Heimatkunde (Heimatverband Eutin). Eutin 1998, S. 40–43.
  • Jürgen Vogler: Ein berühmter, aber vergessener Sohn Eutins – Astronom und Geograf Julius Schmidt In: Ders.: Ostholstein gestern: 100 Geschichten über Land und Leute. Boyens Medien, Heide 2007, S. 184 ff.
  • Gudrun Wolfschmidt: Mondtopographie und Längengrad. In: Erhard Anthes, Armin Hüttermann (Hrsg.): Tobias-Mayer-Symposium anläßlich des 250. Todestages von Tobias Mayer (= Acta Historica Astronomiae. Band 48). Akademische Verlagsanstalt, Leipzig 2013, S. 161–210.
  • Schmidt, Julius. In: Biographisches Lexikon für Schleswig-Holstein und Lübeck. Band 4, Neumünster 1976, S. 204.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Johann Friedrich Julius Schmidt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Franz Richarz: Mitgliederverzeichnis der Burschenschaft Fridericia zu Bonn (18. Februar 1843 bis Herbst 1847) sowie der Burschenschaft Arminia zu Bonn (1847 bis 1849) und der burschenschaftlichen Verbindung Germania zu Bonn (1843 bis 1849). Bonn 1894, S. 15.
  2. Verzeichnis der Alten Herren der Bonner Burschenschaft "Frankonia". vum 1. September 1901, S. 1.
  3. Mineralogie und Kultur im Wien der Donaumonarchie – Zu Leben und Werk Gustav TSCHERMAKS (PDF; 421 kB) gekuckt den 23. Januar 2012
  4. 4,0 4,1 Archive copy Gearchiveerd op 2011-07-09. Gekuckt de(n) 2015-08-11.
  5. Archive copy Gearchiveerd op 2015-11-19. Gekuckt de(n) 2015-08-11.