Kaiserschmarrn

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Kaiserschmarrn mat Äppelkompott

E Kaiserschmarrn oder Kaiserschmarren ass e séisse Plat aus der éisträichescher Kichen, deen een och an Ungarn, Slowenien, Süddäitschland an Nordkroatien fënnt. Et handelt sech ëm eng Aart lëftege Paangech a Stécker. De Kaiserschmarrn kann entweder als Dessert oder als Haaptplat zerwéiert ginn.

Säin Numm leet sech vum Keeser Franz Joseph I. of. Op Slowenesch heescht de Kaiserschmarrn "cesarski praženec" oder "šmorn", op Ungaresch "császármorzsa" an op Tschechesch "trhanec" oder " kajzršmorn".

Zoubereedung[änneren | Quelltext änneren]

E Kaiserschmarrn ass e lëftege, karameliséierte Paangech dee vun enger séisser Deegmëschung aus Miel, Eeër, Zocker, Salz a Mëllech gemaach an a Botter gebak gëtt. Et gi verschidde Methoden, de Plat ze maachen. Generell gëtt d'Eewäiss vum Eegiel getrennt an et gëtt Eeërschnéi domat gemaach; duerno ginn d'Miel an d'Eegiel mam Zocker verréiert an déi aner Ingredienten dobäigemaach. Dem Originalrezept no sinn dat Korënten, déi a Rum ageluecht goufen. Jee no Preferenz vum Kach ginn déi awer duerch aner Elementer ersat, zum Beispill duerch Nëss, Kiischten, Prommen oder Quetschen, kleng Äppelstécker, oder Stécker Mandelen.

De Paangech gëtt da während dem Baken a Stécker gedeelt a meeschtens mat Pudderzocker bestreet, an da waarm mat Kompott oder Gebeess (Äppel, Quetschen, Rout Molbieren, Äerdbier...) zerwéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Commons: Schmarrn – Biller, Videoen oder Audiodateien