Kid Colling

Vu Wikipedia
Kid Colling
Gebuertsnumm Stephan Colling
Gebuer 18. November 1984
Bogotá
Nationalitéit Lëtzebuerg, Kolumbien
Aktivitéit Liddermécher, Gittarist, Bluesmuseker, Rockmuseker, Jazzmuseker

De Stephan Colling, mam Kënschtlernumm Kid Colling, an der Blues-Zeen einfach Kid oder Steph genannt, gebuer den 18. November 1984 zu Bogota (Kolumbien), ass e kolumbianesch-lëtzebuergesche Blues-, Rock- a Jazz-Museker, Gittarist a Sänger.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Kid Colling gouf als Weesekand vu lëtzebuergeschen Elteren adoptéiert an ass zu Klierf am Éislek opgewuess. Vu Klengem un ass hie vun de Kläng vum Blues, vum Rock 'n Roll a vun der Big-Band-Musek faszinéiert.

2009 goung hien op Paräis op d'American School of Modern Music an op de Paris College of Music (IMEP), eng Partnerschoul vun der berüümter Berklee College of Music Musek studéieren. Do huet hien den Jazz entdeckt an huet bei bekannte Museker wéi z. B. dem Peter Giron, dem Rick Margitza, dem Manuel Rocheman an dem Christopher Culpo geléiert.

Zu Paräis huet hien déi dräi Museker begéint, mat deenen hien 2012 seng Band Kid Colling Cartel gegrënnt huet, genannt no senge kolumbianesche Wuerzelen. Am selwechte Joer huet seng Musekscarrière ugefaangen.

2014 koum seng éischt EP "Tomorrow's Far Away" eraus. 2014 huet de Kid déi amerikanesch Folk-Blues-Sängerin Ilene Barnes op hirer akustescher Tournée begleet. Am selwechte Joer krut hien de SoBlues-Präis vun Europajazz um Festival "Les Rendez-vous de l'Erdre" zu Nantes (F) (28.-31. August 2014).

De 6. August 2016 war hie Gewënner vum « 1er tremplin Bagnols Blues Festival » zu Bagnols-sur-Cèze (F)[1].

2016 huet hien dee vum Blues-Club Lëtzebuerg organiséierte lëtzebuergesche Blues-Contest gewonnen an huet doropshin 2017 Lëtzebuerg beim European Blues Challenge zu Horsens an Dänemark vertrueden.

De Kid Colling huet zënterhier méi wéi 50 Concerten zu Lëtzebuerg, a Frankräich, an der Belsch, an Däitschland an a Litauen ginn, an huet am Virprogramm vun de Blues-Gréissten John Mayall, Aynsley Lister a Larry Carlton gespillt.

Dem Kid Colling säi Museksstil verkierpert dat, wat hautdesdaags mat Modern Blues-Rock bezeechent gëtt, Blues-Rock, dee mat Jazz-Harmonien a mat groovege Rhythmen ugeräichert ass. De Kid Colling gouf ë. a. vu follgende Blues-Museker beaflosst: B. B. King, Stevie Ray Vaughan, Larry Carlton oder Robben Ford.

Museksformatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Bruls, Julia, 2013. Mitreißender Blues aus der Region. Konzert: "The Kid Colling Cartel" gastierte im voll besetzten Café Trottinette. Grenzecho, 22. Januar 2013.
  • Chimienti, Pablo, 2017. On voulait quelque chose de spécial, neuf! Remo Cavallini meets Kid Colling. Le Quotidien, 31. Juli 2017
  • Hervé, 2018. Gueule de blues : Kid Colling – du baume au cœur. woxx(internet), 2018-05-08
  • Hervé, 2018. Kid Colling: Devilish delight. woxx(internet), 2018-05-28 (en)
  • Molinaro, Claude, 2017. Sie haben den Blues. Albumveröffentlichung "In the Devil's Court" vom Kid Colling Cartel. Tageblatt, 9. Januar 2007.
  • Pleimling, Nico, 2014. Den Blues im Blut. Stephan Colling studiert Musik in Paris und zeigt sein Können heute im Goodbye Monopol 2. Lëtzebuerger Journal, 17. Januar 2014.
  • Schock, Pol, 2017. The New Kid On The Block. Warum das "Kid Colling Cartel" die neue Blues-Hoffnung Luxemburgs ist. Luxemburger Wort, 5. Januar 2017.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. http://bluesfreeway.eklablog.com/bagnols-blues-festival-5-et-6-aout-2016-c25153414: KID COLLING (Quartet) (LU) / « Scène BAYOU ». Vainqueur ex aequo du « 1er tremplin Bagnols Blues Festival », le 26 mars 2016. C'est avec ingéniosité, passion et une énergie contagieuse à la fois puissante et délicate que THE KID COLLING CARTEL incarne l'univers du « Modern Blues ». Le groupe joue principalement les compositions créatives et groovy de Colling. Avec ses mélodies accrocheuses ils osent expérimenter un mélange de Blues classique agrémenté de Rock, Funk, Pop et d'une note Jazzy qui apporte une touche de légèreté. Steph Colling exprime le « Roots » par la chaleur et la générosité de son son et de son jeu de guitare.