Op den Inhalt sprangen

Loretokapell Klierf

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Lorettokapell Klierf)
Loretokapell
D'Loretokapell zu Klierf (Abrëll 2010)

D'Loretokapell zu Klierf (Abrëll 2010)
D'Loretokapell zu Klierf (Abrëll 2010)
Uertschaft / Plaz Klierf
Par Klierf
Saint-Benoît
Dekanat Norden
Koordinaten 50° 03’ 34.9’’ N
      06° 01’ 30.8’’ O
D'Kapell vu bannen (2012)

D'Kapell vu bannen (2012)
D'Kapell vu bannen (2012)
Kierchen - Kapellen

D'Loretokapell (oder och Lorettokapell[1]) zu Klierf, offiziell Chapelle Notre-Dame de Lorette, steet op engem Hiwwel am Park vu Klierf iwwer der Klierf, net wäit ewech vun der Klierfer Gare.

D'Kapell gouf 1762 vun der deemoleger Grofefamill vu Klierf, dem Albert-Eugène de Lannoy a senger Fra, zu Éiere vun der Notre-Dame de Lorette (Italien) am Barockstil baue gelooss. Si ass haut a Staatsbesëtz. 2011 goufen déi lescht Restauratiounsaarbechten ofgeschloss.

D'Loretokapell zu Klierf an den Terrain ronderëm stinn zanter dem 28. Januar 1982 als Nationalmonument op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter.[2]

Iwwer dem Agank ass de Familljewope vun de Lannoy-de Wignacourt ze gesinn. An enger Nisch driwwer steet d'Statu vun der Notre-Dame de Lorette, déi als Salut des infirmes ugebiet gëtt. All d'Skulpture sinn aus Bloem Stee vu Recht.[3]

D'Schëff vun der Kapell huet de Grondrëss vun engem an d'Längt gezunnen Aachteck. De verwëllefte Plaffong ass mat Stuck dekoréiert.

An der Mëtt vum Altor stoung fréier eng Seidemolerei mam Bild vun der Madonna vu Loretto. Enger Iwwerliwwerung no wier dësen Tableau vum Charles de Lannoy (ëm 1487-1527), Vizekinnek vun Neapel, aus Italien op Klierf bruecht ginn. Stilistesch Detailer awer weisen, datt et aus dem 18. Joerhonnert staamt.[3]

Iwwer den zwéi Säitenaltär hänkt jee en Tableau vum Lécker Moler François Walschartz (1595-1675). Béid Biller stamen aus dem Franziskanerklouschter vu Bolland an der Belsch. De Grof Félix-Balthasar-Adrien de Lannoy huet se wärend der Franséischer Revolutioun op Klierf bruecht. Si gehéieren haut der Kierchefabréck.[3]

Zwéi Grafsteng aus Bloem Steen a wäissem Marber erënneren un d'Grofen Albert-Eugène († 1697) an Adrien-Gérard de Lannoy († 1730) an hir Fraen. Si goufen an der Franziskanerkierch zu Klierf begruewen, d'Grafsteng goufe wärend der Franséischer Revolutioun an d'Loretokapell transferéiert.[3]

Ëm 1680 hunn de Grof Albert-Eugène de Lannoy a seng Fra Jeanne-Thérèse-Claire de Bocholtz am Wëldpark vum Klierfer Schlass eng Kapell baue gelooss, déi am Laf vun de Joren zu enger Pilgerplaz gouf, ëm déi sech en Eremit gekëmmert huet.[3]

1762 gouf déi haiteg Kapell vum Grof Adrien-Jean-Baptiste a senger Fra, der Constance de Wignacourt, am Barockstil op der Plaz vun der aler Kapell opgeriicht.[3] Den 28. Juni 1769 gouf d'Kapell vum Weihbëschof vu Léck, dem Karl-Alexander vun Arberg a Vallengin konsekréiert, een Dag nodeem en d'Kierch vu Kauneref konsekréiert hat.

Den Tuerm vun der Kapell huet ursprénglech als Eremittewunneng gedéngt.

2011 konnten d'Restauratiounsaarbechte bannen a baussen, déi 15 Joer gedauert haten[4], ofgeschloss ginn.

  • Lamberty, J., 2011. Gelungene Denkmalschutzarbeiten im Ardennerstädtchen Clerf. Luxemburger Wort vum 13. August 2011, S. 27.
  • Langini, A., 2012. Les de Lannoy à Clervaux. Fondation du sanctuaire de Notre-Dame de Lorette vers 1680.. Die Warte 20|2370 vum 21. Juni 2012, S. 2.
Commons: Loretokapell Klierf – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. J. Lamberty 2011
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).
  3. 3,0 3,1 3,2 3,3 3,4 3,5 Langini, A., 2012, cf. Literatur.
  4. J. Lamberty, 2011