Luxembourg Song Contest 2024
De Luxembourg Song Contest 2024 war déi éischt Editioun vun deem Museksconcours, mat deem de lëtzebuergesche Bäitrag fir de Eurovision Song Contest 2024 gewielt gouf.
D'Lidd Fighter vun der Sängerin Tali huet d'Kompetitioun gewonnen. Et gouf vun der Ana Zimmer, dem Dario Faini, der Manon Romiti an dem Silvio Lisbonne geschriwwen.
Matmaach-Konditiounen a Selektioun vun de Finalisten
[änneren | Quelltext änneren]Den 3. Juli 2023 hat RTL en Opruff fir interesséiert Kënschtler a Songwriter lancéiert. Si konnte sech an enger oder méi vun dräi Kategorien bewerben: déi éischt war fir Interprete mat engem eegene Lidd, déi zweet war fir Interpreten ouni Lidd, an déi drëtt war fir Songwriter. D'Kandidate hunn entweder mussen d'Lëtzebuerger Nationalitéit besëtzen, dräi Joer laang ouni Ënnerbriechung zu Lëtzebuerg gewunnt hunn, oder e staarke Bezuch zur Lëtzebuerger Kultur- a Musekszeen hunn. Si konnte bis zu dräi Bäiträg areechen. Bei de Songwriter huet d'Nationalitéit keng Roll gespillt. D'Kandidaten an der zweeter Kategorie hunn och keng professionell Sänger musse sinn, a si hu musse bis de 16. Juli 2023 e Virstellungsvideo aschécken, an deem si iergendee Lidd virdroen. D'Frist fir déi drëtt Kategorie ass Mëtt August 2023 op en Enn komm, wärend d'Date limite fir déi éischt Kategorie den 1. Oktober 2023 war.[1],[2],[3],[4]
Enn Juli 2023 waren an der Rockhal zu Esch-Uelzecht "Auditions" mat ronn 100 Kënschtler, déi sech fir déi zweet Kategorie gemellt haten.[5],[6],[7] Eng Jury huet e puer Interpreten ausgewielt, déi mat Songwriteren, déi sech fir déi drëtt Kategorie gemellt haten, un hire Lidder fir de Concours zesummeschaffe sollten. An där Jury souzen d'Sandra Bintz, Cheffin vum Site rtl.lu, d'Jenny Fischbach, Kulturcheffin vun RTL, den Eric Lehmann, de Chef vun der lëtzebuergescher Eurovisiounsdelegatioun, den Audioexpert Jules Serrig, den Dave Gloesener, Chef vun RTL Radio, an de Radiomoderator Samuel Steen.[5],[8] Bis zum Enn vun der Frist fir déi éischt Kategorie sinn am Ganze 459 Bäiträg agaangen, vun deenen der 70 vun RTL an déi méi enk Auswiel geholl goufen.[8][9] Tëscht dem 22. an dem 24. November 2023 war an der Rockhal déi lescht Casting-Ronn, bei där eng international Jury d'Lidder bewäert huet.[9] Dobäi goufen aacht Finalisten ausgewielt. Si kruten d'Méiglechkeet, aus den aneren agereechte Bäiträg direkt e Lidd vun hirem Choix ze wielen.[7],[10] An der internationaler Jury souzen déi israeelesch Fernseeproduzentin Tali Eshkoli, de schweedesche Fernseeproduzent a Moderator Christer Björkman, dee säi Land 1992 an der Eurovision vertrueden huet, den tschechesch Fernseeproduzent Jan Bors, den éisträichesche Sänger Cesár Sampson, dee säi Land 2018 an der Kompetitioun vertrueden huet, an den zypriotesche Sänger Alex Panayi, deen de Jurypresident war an Zypern 1995 an 2000 bei der Eurovision vertrueden huet.[9],[11]
Déi aacht Finalisten goufen den 11. Dezember 2023 bekannt gemaach, wärend hir Lidder den 9. Januar 2024 verëffentlecht goufen.[12],[13],[14] E puer vun de Finalisten hate virdru scho bei aneren Talentshowe matgemaach: d'Krick an der 7. Staffel an de Joel Marques Cunha an der 13. Staffel vun The Voice of Germany, d'Naomi Ayé bei The Voice Kids France, d'Angy bei The Voice Belgique an d'Rafa Ela bei Luxembourg's Next Popstar an Top Voice Luxembourg.[15],[16] Virun der Finale hunn all d'Sänger a Sängerinnen mat de Gesangsproffe Susanne Georgi, déi Andorra 2009 bei der Eurovision vertrueden huet, a Francesca Aaen zesummegeschafft, fir sech op d'Live-Optrëtter virzebereeden.[17]
Déi aacht Finalisten waren:
Artist | Song | Songwriter(s) |
---|---|---|
Angy and Rafa Ela | "Drop" |
|
Chaild | "Hold On" |
|
Edsun | "Finally Alive" |
|
Joel Marques Cunha | "Believer" |
|
Krick | "Drowning in the Rain" |
|
Naomi Ayé | "Paumée sur terre" |
|
One Last Time | "Devil in the Detail" |
|
Tali | "Fighter" |
|
D'Finall
[änneren | Quelltext änneren]D'Finall war de 27. Januar 2024 an der Rockhal zu Esch-Uelzecht a gouf vun der Désirée Nosbusch, der Melody Funck, dem Raoul Roos an dem Loïc Juchem moderéiert. D'Désirée Nosbusch hat schonn 1984 an der Stad Lëtzebuerg de Eurovision Song Contest moderéiert. D'Emissioun gouf live op RTL Télé Lëtzebuerg, op RTL Radio Lëtzebuerg an och op Today Radio ausgestraalt, genee wéi och online op RTL Infos, RTL Play und der Websäit rtl.lu. D'Melissa Dalton an d'Sarah Tapp hunn d'Sendung an englescher Sprooch bei Today Radio kommentéiert, wärend de Jérôme Didelot an d'Violetta Caldarelli d'Sendung a franséischer Sprooch bei RTL Infos an RTL Play kommentéiert hunn.[18],[19],[20]
D'Gewënnerin gouf an zwou Ofstëmmungsronnen ermëttelt. An der éischter Ronn goufen déi dräi bescht Bäiträg fir déi zweet Ronn ausgewielt, déi sougenannte "Superfinall". Gewielt gouf duerch eng 50/50-Kombinatioun aus de Stëmme vun den aacht internationale Juryen an der ëffentlecher Online-Ofstëmmung op der RTL-Websäit, bei där och weltwäit konnt ofgestëmmt ginn.[21] Déi aacht Juryen hu follgend Länner vertrueden: Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Portugal, Schweden, Slowenien, Zypern. An der Superfinall gouf d'Lidd "Fighter" vun der Sängerin Tali vun der d'Jury an der Ëffentlechkeet als Gewënnerin ausgewielt.
D'Zuschauer an d'Juryen hunn insgesamt 336 Punkten an der éischter Ronn an 240 Punkten an der Superfinall verginn, woubäi all Jurygrupp 2, 4, 6, 8, 10 an 12 Punkte an der éischter Ronn an 8, 10 an 12 Punkten an der Superfinall verdeelt huet. De Vott vum Public gouf proportionell verdeelt, baséiert op dem Prozentsaz u Votten, deen all Lidd krut. Wann e Lidd an der éischter Ronn beispillsweis 10% vun de Stëmmt vum Public krut, dat krut dee Bäitrag 10% vun den 336 Stëmmen, opgeronnt op déi nächst ganz Zuel: 34 Punkten. Wéinst dem Opronne vun de Stëmme gouf et eng kleng Diskrepanz tëscht der Gesamtzuel u Stëmmen vun dem Public a vun der Jury, well de Public eng Stëmm manner hat wéi d'Jury.[22] Déi ëffentlech Stëmme goufe vun den Zuschauer aus 60 Länner ofginn, woubäi iwwer 76% vun de Stëmmen aus Lëtzebuerg koumen.[23]
Nieft den Optrëtter vun de Participanten sinn och aner Kënschtler opgetrueden. D'Vicky Leandros an d'Anne-Marie David, Eurovisiounsgewënnerinne fir Lëtzebuerg an de Joren 1972, respektiv 1973, hunn d'Show mat Extraite vun hire jeeweilege Gewënnerlidder "Après toi" an "Tu te reconnaîtras" opgemaach. Duerno gouf et eng Performance vun der France Gall hirem Titel "Poupée de cire, poupée de son", dem Gewënnerbäitrag vun 1965 fir Lëtzebuerg, gesonge vun allen aachte Finaliste. An der Paus vun der Show sinn d'Band Schëppe Siwen an déi fréier Eurovisiounsgewënner Katrina Leskanich (1997 fir Groussbritannien als Deel vun der Formatioun Katrina and the Waves), Charlotte Perrelli (1999 fir Schweden), Ruslana (2004 fir d'Ukrain) an den Alexander Rybak (2009 fir Norwegen) mat hire Gewënnertitelen opgetrueden. D'Vicky Leandros huet och hiren Eurovisionsbäitrag "L'amour est bleu" vun 1967 zesumme mam Alexander Rybak gesongen.[24],[25]
Detailléiert Resultater
[änneren | Quelltext änneren]Nummer | Kënschtler | Lidd | Jury | Vott vum Public | Total | Plaz |
---|---|---|---|---|---|---|
1 | Joel Marques Cunha | "Believer" | 44 | 59 | 103 | 3 |
2 | Edsun | "Finally Alive" | 16 | 17 | 33 | 7 |
3 | Naomi Ayé | "Paumée sur terre" | 58 | 19 | 77 | 4 |
4 | Angy and Rafa Ela | "Drop" | 30 | 22 | 52 | 5 |
5 | One Last Time | "Devil in the Detail" | 18 | 29 | 47 | 6 |
6 | Krick | "Drowning in the Rain" | 74 | 74 | 148 | 2 |
7 | Chaild | "Hold On" | 2 | 27 | 29 | 8 |
8 | Tali | "Fighter" | 94 | 88 | 182 | 1 |
Këschtler | Lidd | Jury | Vott vum Public | Total | Plaz |
---|---|---|---|---|---|
Joel Marques Cunha | "Believer" | 66 | 70 | 136 | 3 |
Krick | "Drowning in the Rain" | 80 | 85 | 165 | 2 |
Tali | "Fighter" | 94 | 84 | 178 | 1 |
Song | Vereenegt Kinnekräich | Zypern | Belsch | Slowenien | Däitschland | Portugal | Frankräich | Schweden | Total |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
"Believer" | 8 | 8 | 10 | 8 | 8 | 8 | 8 | 8 | 66 |
"Drowning in the Rain" | 10 | 10 | 8 | 10 | 12 | 10 | 10 | 10 | 80 |
"Fighter" | 12 | 12 | 12 | 12 | 10 | 12 | 12 | 12 | 94 |
Jury-Memberen
[änneren | Quelltext änneren]Land | Jury-Memberen |
---|---|
Belsch |
|
Zypern |
|
Frankräich |
|
Däitschland |
|
Portugal |
|
El Salvador |
|
Schweden |
|
Vereenegt Kinnekräich |
|
Duerno
[änneren | Quelltext änneren]Fir hir Participatioun um Eurovision Song Contest zu Malmö ze promoten ass d'Tali de 7. Abrëll 2024 op der "London Eurovision Party" an den 13. Abrëll um "Eurovision in Concert" zu Amsterdam opgetrueden. Donieft huet d'Sängerin bekannt ginn, datt hire Bäitrag virum Concours nach eng Kéier géif iwwerschafft ginn. Déi nei Versioun gouf den 29. Mäerz verëffentlecht. [27],[28],[29]
Beim ESC koum Fighter an d'Finall an huet et do op déi 13. Plaz vu 25. gepackt.
An den lëtzebuergeschen Charts huet d'Lidd et an de "Luxembourg Songs", déi vun der US-amerikanescher Firma Billboard berechent ginn, op déi véiert Plaz gepackt.[30]
A Griichenland stoung d'Lidd op der 39. Plaz vun den offiziellen internationale Singlecharts, a Litauen op der 27. Plaz.[31],[32]
A Schwede stoung d'Lidd net an den Offiziellen Top 100, mee op der aachter Plaz vun den "Heatseekers", de Lidder direct baussent den Top 100.[33]
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ eurovisionworld.com: Luxembourg 2024: National selection on 27 January vum Rasmus Petersen (3. Juli 2023)
- ↑ eurovision.tv: Luxembourg sets January date for televised national final (3. Juli 2023)
- ↑ delano.lu: Eurovision 2024: Call for Luxembourg participants vum Neel Chrillesen (11. Juli 2023)
- ↑ eurovision.lu: National Preselektioun vu Lëtzebuerg (Archivversioun vum 9. August 2023)
- ↑ 5,0 5,1 eurovoix.com: Luxembourg: 100 Singers Participate in Auditions for Eurovision 2024 Selection vum Anthony Granger (23. Juli 2023)
- ↑ rtl.lu: Pre-Selektioun fir den Eurovision Song Contest huet ugefaangen (24. Januar 2024)
- ↑ 7,0 7,1 ogaegreece.com: ΛΟΥΞΕΜΒΟΥΡΓΟ: Εκατό καλλιτέχνες πέρασαν τις auditions για μια θέση στο Μάλμε! (15. August 2023)
- ↑ 8,0 8,1 thateurovisionsite.com: 459 entries submitted to Luxembourgish national selection vum Rory Gannon (2. Oktober 2023)
- ↑ 9,0 9,1 9,2 eurovision.rtl.lu: Preselection nears climax as international jury takes charge vum Sandy Schmit (net datéiert)
- ↑ eurovision.rtl.lu: Last auditions held this week before the big Luxembourg final (net datéiert)
- ↑ eurovisionfun.com: Luxembourg: Alex Panayi will be the president of the jury of the country’s national final for Eurovision 2024! vum Spyros Koronakis (22. November 2023)
- ↑ today.rtl.lu: Luxembourg at the 2024 Eurovision Song Contest (net datéiert)
- ↑ eurovision.tv: Luxembourg 2024: RTL releases 8 songs for Malmö (9. Januar 2024)
- ↑ eurovision.rt.lu: Se si bekannt, d'Lidder vun den aacht Finaliste vum Luxembourg Song Contest vum Sandy Schmit a Tim Morizet (20. Januar 2024)
- ↑ eurovision.rtl.lu: These 8 finalists have made it to the Luxembourg Song Contest (18. Januar 2024)
- ↑ eurovision.tv: RTL Luxembourg reveals its 8 hopefuls for Malmö 2024 (11. Dezember 2023)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Susanne Georgi Preparing Artists for the Luxembourg Song Contest 2024 (22. Dezember 2023)
- ↑ eurovision.rtl.lu: Désirée Nosbusch, Melody Funck, Raoul Roos a Loïc Juchem sinn d'Moderatoren vum Sandy Schmit (24. Januar 2024)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Public Will Have a Say in New National Final (11. Juli 2023)
- ↑ eurovision.rtl.lu: Luxembourg Song Contest (27. Januar 2024)
- ↑ eurovision.rtl.lu: Wéi leeft de Vott of a wéi kann ech iwwerhaapt matvoten? vum Sandy Schmit, Bob Konsbrück a Eric Lehmann (24. Januar 2024)
- ↑ 22,0 22,1 22,2 22,3 22,4 eurovision.rtl.lu: Voting: Wéi gouf um Luxembourg Song Contest ofgestëmmt? (29. Januar 2024)
- ↑ eurovision.rtl.lu: Detailer zum Voting: Vu wou huet de Public ofgestëmmt? (2. Februar 2024)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Eurovision Winner Vicky Leandros to Perform at Luxembourg Song Contest? vum Franciska van Waarden (22. Januar 2024)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Alexander Rybak to Perform at the Luxembourg Song Contest 2024 vum Anthony Granger (26. Januar 2024)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Luxembourg Song Contest 2024 Full Results Released vum Anthony Granger (29. Januar 2024)
- ↑ eurovoix.com: United Kingdom: Five More Artists Join The Line-Up for London Eurovision Party 2024 vum Emily Grace (27. Februar 2024)
- ↑ eurovoix.com: Eurovision in Concert: Eighteen Acts Confirmed So Far vum Sem Anne Van Dijk (7. Mäerz 2024)
- ↑ eurovoix.com: Luxembourg: Revamped “Fighter” to be Released on March 29 vum Anthony Granger (25. Mäerz 2024)
- ↑ Luxembourg Songs op billboard.com (25. Mee 2024)
- ↑ ifpi.gr: Official IFPI Charts - Digital Singles Chart (International)
- ↑ agata.lt: 2024 20-os savaitės klausomiausi (TOP 100) (17. Mee 2024)
- ↑ sverigetopplistan.se: Veckolista Heatseeker, vecka 20, 2024