Maurice Pescatore
Maurice Pescatore | |
---|---|
Gebuer |
6. Mäerz 1870 Labarde |
Gestuerwen |
30. Abrëll 1928 Dakar |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Industriellen |
Partei | Liberal Liga |
Famill | |
Bestuet mat | Gabrielle Barbanson |
Mamm | Isabelle Nothomb |
De Maurice Pescatore gebuer de 6. Mäerz 1870 zu Labarde a Frankräich, a gestuerwen den 30. Abrëll 1928 bei Dakar am Senegal war e lëtzebuergeschen Industriellen, Sportsfunktionär, Auteur a Politiker.[1][2][3]
De Maurice Pescatore koum um Wäindomaine Château Giscours bei Margaux als Bouf vum Jean-Pierre Pescatore (1846-1905) an der Isabelle Nothomb (Duechter vum Jean-Baptiste Nothomb) op d'Welt[4].
1896 huet hien d'Gabrielle Barbanson (d'Schwëster vum Gaston Barbanson) bestuet.[5]
Vun 1898 - 1915 war hien Direkter vun der Faiencerie am Rollengergronn, wou hien och 1905 Buergermeeschter gouf. Als Direkter vun der Faiencerie war hie Member vun der Handelskummer.
De Maurice Pescatore war e liberale Politiker a gouf 1908 als Member vun der Liberaler Partei an d'Chamber gewielt, wou en 1912 Rapporteur vum ëmstriddene Schoulgesetz war. 1918 ass hien fir eng Wirtschafts- a Personalunioun ënner dem Kinnek Albert mat der Belsch agetrueden. Wéinst dem Ausgang vum Referendum 1919 zugonschte vun der Groussherzogin Charlotte huet hien 1919 net méi fir d'Chamber kandidéiert.[6]
De Maurice Pescatore war e Frënd vum Baron de Coubertin an zanter 1910 Member vum Olympesche Comité. Hie war 1912 Matgrënner vum Lëtzebuerger Olympesche Comité an 1922-1925 säi President. Vum Rollengergronn ass hien op de Scheedhaff wunne gaangen, wou hien als Gentleman-farmer gelieft huet a vu wou aus e laang Reesen duerch Europa an Afrika gemaach huet. Hie war Proprietär vu Kaffisplantagen an Abessinien (haut Ethiopien).[7]
Um Wee zréck aus Afrika ass hien am Alter vun 58 Joer gestuerwen.
Auszeechnungen[2]
- Officier vum Ordre de Léopold
- Chevalier vun der Légion d'honneur
- Medaille du Roi Albert
Fir un hien z'erënneren gouf am Rollengergronn eng Plaz no him genannt: d'place Maurice Pescatore, um Bord vun der Rollengergrënnescher Strooss (N12).
Kuckt och
Referenzen
- ↑ De Maurice Pescatore an der Biographie nationale du pays de Luxembourg: Fascicule 02 - page 559 et ss.
- ↑ 2,0 2,1 Doudesannonce vum Jean-Maurice Pescatore am Luxemburger Wort vum 17. Juli 1929
- ↑ Maurice Pescatore op autorenlexikon.lu
- ↑ Charles Barthel (2006): Bras de fer 1918-1929, Luxembourg, editions saint-paul. ISBN 978-2-87996-735-6, S. 47.
- ↑ Barthel (2006), S.47.
- ↑ Evy Friedrich (1991): "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" in: ons stad Nr. 36, S.30.
- ↑ E. Friedrich (1991).