Op den Inhalt sprangen

Mesopotamien

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mam Zweestroumland tëscht Euphrat an Tigris. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Mesopotamia

Mesopotamien (gr. fir „tëscht de Flëss, Aramäesch Beth Nahrin = „Zweeflossland“, arab. بلاد مابين النهرين, Bilad ma bayn Al-Nahrayn oder بلاد الرافدين, Bilad ِAl-Rafidayn), och Zweestroumland, bezeechent geographesch d'Gebitt ronderëm d'Flëss Euphrat an Tigris a Südost-Anatolien (Tierkei), Syrien an am Irak. Dat fruchtbart Land tëscht dësen zwéi Flëss gëtt och dacks Wéi vun der Zivilisatioun genannt. E politesche Staat Mesopotamien huet et awer ni ginn, an och d'Grenze waren ni kloer definéiert. Den Numm gouf aus Kamouditéit vu griichesche Geographen erfonnt, fir dës Regioun ze benennen.

Eng Kaart vu Mesopotamien mat de wichtegste Stied
Eng Dattelpalm

Am Norde fänkt d'Landschaft mat den Taurusbierger un a si geet bis op de Persesche Golf. Am Oste grenzen d'Bierger vum Iran an am Westen d'arabesch Wüst an den Héichplateau vu Syrien u Mesopotamien.

D'Klima am Norden ass rau mat kale Wanteren. Am Süden dogéint ass de Wanter méi mëll an de Summer immens waarm.

D'Baueren hu gréisstendeels Geescht a Weess ugeplanzt. De Reefeldbau am Norden an d'ëmfaassend kënschtlech Bewässerung am Süden hunn zu gudde Rekolte gefouert. D'Felder goufen nëmmen all zwee Joer ageséit, fir de Buedem ze schounen. D'Rekolte ware bemierkenswäert. Schonn am 3. Joerdausend viru Christus konnt dat drëssegfacht vun deem wat ausgeséit gi war, erageholl ginn. Am Laf vun de Joerdausende sinn d'Rekolten zeréckgaangen, well de Buedem duerch d'Bewässerung ëmmer méi salzeg ginn ass. Trotzdeem konnt nach bis zum 10fache vun deem wat ausgeséit gi war, rekoltéiert ginn. D'Bauere vum anticke Griicheland a vu Roum hate bei wäitem méi schlecht Resultater op hire Felder zu där Zäit.

Et goufen och Dattelpalmen, Figen a Granatäppel kultivéiert.

Obschonn et a Mesopotamien Laf- an Dännebëscher gouf, goufen an der Eisenzäit, fir Gebaier, Zederen aus dem Libanon importéiert.

Ausserdeem goufe Schof, Geessen a Ranner gehalen, a sumerescher Zäit och Schwäin.

De Groussdeel vun der bekannter Geschicht vu Mesopotamien ass duerch d'Awandere vu verschiddene Vëlker markéiert. Meeschtens ass d'Regioun a vill Stadtstaaten zerfall, änlech wéi am ale Griicheland. Dës Stadtstaaten hate meeschtens e Kinnek un hirer Spëtzt an zäitweileg koum et och zu bewaffenten Ausernanersetzungen. Weiderhi gouf et Phasen, déi vu Groussräicher dominéiert goufen, an an deenen d'Nopeschregiounen Eruewerungsfeldzich gefouert hunn.

Dat fruchtbart Mesopotamien huet am Laf vun der Geschicht vill Vëlker ugelackelt. Am Géigesaz zu Egypten konnte sech d'Awunner vu Mesopotamien, wéinst de laangen oppene Grenzen eigentlich ni géint nei Awanderer wéi d'Araber, Perser, Tierken, Parther, Achämeniden a Meder ofschotten.

Weiblech Figur aus Alabaster, ongeféier 6000 viru Christus (Louvre)

Éischt mënschlech Spueren a Virasie stamen aus dem 70. Joerdausend viru Christus, Neanderthaler hunn hei als Nomade gelieft. Éischt fest Siidlunge wéi Göbekli Tepe an Nevali Cori si géint Enn vum 9. Joerdausend an Nordmesopotamien am sougenannte PPN A entstanen. Zu där Zäit waren domestizéiert Déieren a Planzen nach onbekannt. D'Besiidlung vum südleche Mesopotamie fänkt mat der Obed-Zäit un. Baueren hu sech am Land tëscht Babylon an dem Persesche Golf néiergelooss, an eng éischt Landwirtschaft bedriwwen. Tëscht 5000 a 4000 v. Chr. huet sech d'Ubaid-Kultur erausgebilt. Aarbechtsdeelung ass entstanen, an d'Dréischeif fir d'Aulebäcker gouf erfonnt. Tempelen aus Leemzille goufe gebaut. Zanter der Uruk-Zäit (4000 v. Chr. - 3100 v. Chr.) ginn éischt Stied gebaut, an et kënnt zu den Ufäng vun der Schrëft, déi sech aus engem System vu Piktogrammen zu der sumerescher Käilschrëft entwéckele sollt.

Déi éischt Schrëftzeien a Südmesopotamie sinn a sumerescher Sprooch geschriwwen. Verschidde Sproochfuerscher vermudden, datt d'sumeresch Sprooch mam Mongoleschen, dem Finneschen oder dem Ungaresche Famill kéint sinn, a leeden doraus eng Awanderung vun de Sumerer an d'Zweestroumland vum Osten hier of, wou si d'Wuerzele vun dëse Sprooche vermudden. Archeologesch gëtt et fir sou eng Zouwanderung keng Beleeër. D'Theorie, datt dat südlecht Mesopotamien am Neolithikum nach ënner dem Mieresspigel louch, léisst sech an der Tëschenzäit net méi halen, och wann et duerch d'Erosioun an der Folleg vum Akerbau am Taurus an am Zargros zu engem staarken Ofdroe vum Buedem komm ass.

Um Enn vum 4. Joerdausend v. Chr. goufen Technologië fir eng méi effektiv Bewässerung vun de Felder entwéckelt an agefouert, soudatt sech fir d'éischt och gréisser Stied bilde konnten. De Kanalsystem gouf vum sougegannte "Paschtouerfürst" organiséiert an zesumme gebaut ("Tempelwirtschaft").

Sumeresch Käilschrëft, ongeféier 2600 v. Chr. (Louvre)

Handwierk an Handel kruten eng ëmmer méi grouss Bedeitung an d'Stied goufen ëmmer méi räich. All Stad war politesch eegestänneg.

D'Ufuerderungen un d'Organisatioun an och un d'Tempelwirtschaft sinn an d'Luucht gaangen, an hunn d'Entwécklung vun enger Schrëft begënschtegt. Am Ufank war si just fir d'Comptabilitéit geduecht.

Déi wichtegst Stad vun de Sumerer war Uruk, an hiren Herrscher war de Gilgamesch. Den Eepos vun dësem Held gëllt als dat eelst literarescht Dokument vun der Mënschheet, wat nach erhalen ass. 2700 v. Chr. gouf d'Käilschrëft an hire Méiglechkeeten zur Vollendung gefouert. Vgl. dozou, ë. a., Jean-Pierre Grégoire!

Zanter 3000 v. Chr. waren Nomaden aus dem Norden an dat südlecht Mesopotamien agewandert. D'sumeresch Kinnekslëscht, déi och vun enger Sintflut erzielt, dokumentéiert dës Wanderungen duerch d'Opdauche vu semiteschen Nimm. D'Historiker bezeechnen dës Epoch als Fréidynastesch Period, déi am 23. Joerhonnert v. Chr. op en Enn gaangen ass.

An där Epoch ass d'Eenheet vu geeschtlecher a weltlecher Muecht zerbrach. Palaisë goufe fir d'Kinneke gebaut, déi net nëmme representativ Zwecker haten. D'Kinneke vun där Zäit goufe lugal genannt (= „grousse Mënsch“). Hire Muechtusproch hunn des Herrscher och duerch hir Griewer gewisen, andeems si sech mat hire Follegleit hu begruewe loossen. Sou Kinneksgriewer goufen an der Géigend vun Ur.

Weider Erfindungen, déi fir d'Wirtschaft eng entscheedend Bedeitung haten, waren d'Rad an d'Töpferscheif (Spéit Uruk-Zäit).

Eenegung a Bléi ënner Akkad

[änneren | Quelltext änneren]
Akkadesch Victoiressail, ongeféier 2300 v. Chr. (Louvre)

Mam Sargon vun Akkad, engem Stadstaatekinnek vun de Sumerer, ass eng nei Epoch ugaangen (ëm 2235-2094 v. Chr.) Hien huet dat éischt grousst virasiatescht Räich geschaf, andeems hien déi vill Stadstaate vereenegt huet, soudatt hien haut och als Sargon I. ernimmt gëtt. Zu sengem Muechtberäich huet ganz Mesopotamie gehéiert, souwéi och Deeler vu Syrien, dem Iran a Klengasien. D'Stad Akkad, vun der nach ëmmer keng Iwwerreschter fonnt goufen, gouf zu sengem Regierungssëtz. D'akkadesch Sprooch huet dat Sumerescht op d'Säit gedréckt.

D'Eruewerunge vum Sargon hunn zu wirtschaftlechen a kulturelle Verknäppunge mat den ënnerworfene Vëlker an den neien Nopere gefouert. Den Zougang zum Persesche Golf huet e Séihandel erméiglecht, dee floréiert huet.

Kulturell gouf d'Liewen am Räich vum Sargon I. besonnesch vun der egyptescher Kultur beaflosst. Dat weist sech souwuel an de bildlechen Duerstellunge wéi och an der Veréierung vum Herrscher als Gott respektiv als Stellvertrieder vun engem Gott.

D'Räich vun Akkad hat awer et laang Bestand. Vill Opstänn a besonnesch d'Biergvollek vun de Gutäer wat agewandert ass, waren d'Enn vun dëser Epoch.

Dëst éischt grousst Räich ass an de Mythe vun der Regioun lieweg bliwwen. Sou schwätze souguer d'Assyrer, déi eréischt méi spéit do waren, an hirer Historie vum Sargon.

Neisumerescht Räich vun der Ur III Dynastie

[änneren | Quelltext änneren]

No knapps 100 Joer goufen d'Gutäer verdriwwen, an d'sumeresch Stadstaaten hunn hir al Muecht a Gréisst nees erëmfonnt. D'Stad Ur gouf op en Neits zum Zentrum. Sumeresch gouf zu der Verwaltungssprooch an déi éischt Zikkurater sinn entstanen.

Dës Zäit zeechent sech duerch eng straff Administratioun aus an duerch d'Festleeung vu Rechtsveruerdnungen (Codex Urnammu). Et ass déi lescht Epoch, déi vun de Sumerer geprägt ass. Hiren Néiergang ass duerch e Verschwanne vun der Muecht vun de Stied bemierkbar, wouduerch e weidert Nomadevollek seng Chance zum Opstig bekomme sollt. Déi sougenanntn Ur III-Dynastie huet vun 2047 - 1939 v. Chr. gedauert.

Babylonescht Zäitalter

[änneren | Quelltext änneren]

Et ass net bekannt, wéini d'Stad Babylon gegrënnt ginn ass. Eréischt ënner dem Kinnek Hammurapi an der albabylonescher Period (2000 - 1595 v. Chr.), koum d'Stad an de Mëttelpunkt a gouf sou bedeitend fir d'Regioun, datt d'Griichen déi ganz Regioun Mesopotamien Babylonien genannt hunn.

De Kodex Hammurapi

Den Hammurapi ass besonnesch bekannt, well hien eng vun den éischten iwwerliwwerte Gesetzessammlunge verfaasst huet, de sougenannte Kodex Hammurapi. An 280 Paragraphen huet dëst Wierk d'Aspekter vum biergleche Recht, d'Strof- an d'Verwaltungsrecht gereegelt. Et huet eng grouss Partie Eenzelfällentscheedungen definéiert, déi sech dacks duerch eng grouss Häert ausgezeechent hunn. D'Historiker sinn sech net sécher, wéi dauerhaft dës Gesetzessammlung och beuecht gouf.

D'Räich vum Hammurapi ass an den nächste Joerhonnerten zerfall. D'Hethiter sinn am Westen ëmmer méi staark ginn, a hu 1595 v. Chr. iwwerfall. D'Kassiten, en Nomadevollek wou net sécher ass wou si hierkommen, sinn agewandert. Si hunn d'akkadesch an d'sumeresch Käilschrëft vereenegt. Eréischt zanter dem 15. Joerhonnert v. Chr. huet Babylon nees eng grouss Bedeitung erreecht. Besonnesch mat Egypten gouf et enk Bezéiungen, well vill babylonesch Prinzessinne mat Egypter bestuet goufen.

Welträich vun den Assyrer

[änneren | Quelltext änneren]

Am 18. Joerhonnert v. Chr. huet de Schamschi-Adad I. zumindest am Norde vu Mesopotamie ganz Assyrien vereenegt, mä schonn an der éischter Hallschent vum 17. Joerhonnert v. Chr. ass d'Räich nees zerfall, woumat d'Alassyrescht Räich beschloss gouf.

Am 14. Jahrhundert v. Chr. koum Assyrien zu neier Muecht. D'Hierkonfts- an Haaptstad Assur louch um ieweschten Tigris. Historiker vermudden, datt d'Stad am Ufank ënner der Herrschaft vun Akkad stoung, wärend déi éischt Assyrer nëmmen Nomade waren.

Un der Spëtzt vun den Assyrer stoung de Kinnek, dee sech och als Stellvertrieder vum Gott Assur ugesinn huet. Donieft hu Kafleit e bedeitende Muechtusproch am Land ausgeübt. Assur, wat geographesch gënschteg u wichtegen Handelsweeër louch, huet mam Iran, Babylon an dem haitegen Anatolien Handel bedriwwen.

Ënner dem Assur-uballit I. (1353-1318 v. Chr.) huet Assyrien säin Afloss zeréckkritt. Vill Eruewerungen hunn zu engem wirtschaftlechen Opschwong gefouert. De Kinnek Tukulti-Ninurta huet sech nees als Stellvertrieder vum Gott Assur ugesinn. Hie selwer huet sech Herrscher vun de véier Äerddeeler genannt, an huet domat säi Muechtusproch däitlech gemaach. Mat sengem Doud ass d'Epoch vum Mëttelassyresche Räich op en Enn gaangen.

E leschten Opschwong krut d'Räich mat sengem Kinnek Assur-dan III. (935-912 v. Chr.), deen eng gutt Partie vun aramäesche Stied eruewere konnt. D'Assyrer hu vun den Aramäer awer lues a lues Schrëft a Sprooch iwwerholl.

Assyresch Skulptur (Louvre)

D'Kinneken Assurnasirpal II. (883-859 v. Chr.) a Salmanassar III. (858-824 v. Chr.) hunn den assyresche Muechtberäich bis a Syrien erweidert. No Réckschléi a Streidereien ass et dem Tiglat-pileser III. (745-727 v. Chr.) gelongen, Phenizien, Palestina an Israel z'erueweren. Babylon ass 689 v. Chr. ass assyresch Hänn gefall. Den Eruewerungsdrang huet säin Héichpunkt mat Egypten duerch den Asarhaddon (681-669 v. Chr.) erreecht. Den Assurbanipal (669-627 v. Chr.) war war de leschte bedeitenden Herrscher. D'griichesch Historiker hunn aus him e Schwächling gemaach. Dat kann aus haiteger Siicht awer net bestätegt ginn. Seng Bibliothéik ass eng wichteg Quell fir d'Geschicht vum Zweestroumland.

Neibabylonescht Räich

[änneren | Quelltext änneren]

Nom Néiergang vun Assyrien konnt sech Babylon nees behaapten. De Kinnek Nabopolassar konnt d'Assyrer schlussendlech klappen. 18 Joer nom Doud vum Assurbanipals hunn d'vereenegt Meder a Babylonier d'Arméie vun Assyrie geschloen (609 v. Chr.). Babylon gouf an der Folleg op en Neits de kulturellen Zentrum vu Mesopotamien. Assur an Ninive goufe komplett zerstéiert an d'Assyrer si schliisslech aus dem Gediechtnis vun de Generatiounen duerno verschwonnen, bis den Numm aus politesch-soziale Grënn am aramäesche Vollek am Osten am 19. Joerhonnert nees op en Neits benotzt gouf.

D'Achämeniden, déi aus dem Zentrum vum Iran komm sinn, hunn den Noen Osten a Klengasien eruewert a Mesopotamie gouf en Deel vum Perserräich.

Den Alexander an d'Seleukiden

[änneren | Quelltext änneren]

331 v. Chr. huet den Alexander Persien eruewert. No sengem Doud huet de Seleukos d'Muecht iwwerholl, an domat d'Dynastie vun de Seleukiden gegrënnt.

Mesopotamie war d'Bün fir d'Kricher tëscht Roum an de Parther. D'Parther hu 139 v. Chr. d'Seleukideräich eruewert. Südmesopotamien huet vun engem Fernhandel mat China profitéiert.

Sassaniden (224 - 636 n. Chr.)

[änneren | Quelltext änneren]

Ënner de Sassanide gouf Mesopotamien e Bestanddeel vum Sassanideräich, woubäi et weiderhi vu grousser Bedeitung war. Tëscht Roum respektiv Ostroum a Persie koum et ëmmer nees zu Kämpf an dëser Regioun (beispillsweis an der Zäit vun de Sassanidekinneken Schapur I., Narseh, Schapur II., Chosrau I. a Chosrau II.), wärend d'Chrëschtentum ëmmer méi un Afloss gewonnen huet. De Crassus, e wichtegen Denker fir de Gallesche Krich, gouf hei am Joer 53 v. Chr. vun de Parther ëmbruecht.

Mëttelalter an Neizäit

[änneren | Quelltext änneren]

Um Enn vun der Spéitantiquitéit koum Mesopotamien als Folleg vun der islamescher Expansioun ënner arabesch Herrschaft. Am fréie Mëttelalter waren d'Stied Bagdad a Samarra Sëtz vum abbasidesche Kalifat. Spéider gouf d'Regioun an d'Osmanescht Räich opgeholl, bis si nom Éischte Weltkrich am Staat Irak opgaangen ass.

Kultur a Gesellschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie a Vollekswirtschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Am 3. Joerdausend (Sumerer) hunn d'Paschtouerfürste geherrscht, déi d'politesch an d'reliéis Muecht an hiren Hänn gehalen hunn. Si hunn och d'Kanaliséierung vum Land an den Akerbau organiséiert. Den Haushalt vum Staat war gläichbedeitend mat deem vum Herrscher, dëse Wirtschaftssystem gëtt Oikos-Wirtschaft genannt. D'Organisatioun huet dofir e grousse Verwaltungsapparat gebraucht. D'Mënschen, déi fir d'Paschtouerfürste geschafft hunn, goufen an Naturalië bezuelt.

Privateegentum gouf eréischt an der Zäit vu Babylon etabléiert. D'Aufgabe vum Staat goufen am Laf vun der Zäit deelweis "privatiséiert", d. h. e Piechter huet d'Aarbechten iwwerholl an huet dofir eng Leeschtung (z. B. Sëlwer) missen erbréngen.

D'Baueren am 2. bis 1. Joerdausend dogéint hunn hir Produite géint Liewensmëttel an Textilie getosch.

D'Tempelen an hir Paschtéier haten an Assyrien bei wäitem manner Afloss op d'Ekonomie. Den assyresche Staat huet Privateegentum akzeptéiert an huet sech duerch Tributer a Steiere finanzéiert. D'Lännereie waren am Besëtz vun Adelsfamilljen, déi déi kleng Baueren ëmmer méi ofhängeg gemaach hunn. Ee grousse Virdeel hat de Besëtz vu Land - e war steierfräi. Nieft Landbesëtz haten dës Adelsfamilljen och meeschtens nach grouss Handelsentreprisen.

Och zu Babylon gouf et aflossräich Handelshären, déi mat hire Famille reegelrecht Dynastie gebilt hunn. Si hunn hiert Verméigen net nëmmen duerch Handel mä och duerch Geldgeschäfter vergréissert.

Erstaunlecherweis schéngt et zu där Zäit kee Maart (Basar) ginn ze hunn, wéi een et vun engem orientalesche Land eigentlech erwaarde géif. Mä d'Dokumenter, déi fonnt goufen, schwätze guer net vun dëser Handelsform.

Eng Kaméil-Karawann duerch d'Wüst

Mesopotamien huet mat de Länner ronderëm gehandelt, mä ass awer och méi wäit gaangen. D'Fernhandelsbezéiunge gounge souguer vun der Ostséi bis zum Indusdelta. D'Wuere goufe per Schëff oder mat Karawannen an d'Land bruecht. D'Karawannen hunn hir Handelswueren am Ufank mat Ieselen transportéiert, zanter dem 1. Joerdausend v. Chr. awer och mat Kaméiler. An engem méi klengen Ëmfang goufen och Päerd a Ween agesat. Richteg Stroosse gouf et eréischt am Neiassyresche Räich.

Am Ufank gouf et haaptsächlech Tauschhandel, méi spéit huet eng bestëmmt Quantitéit vu Geescht als Tauscheenheet gezielt. Zanter dem 3. Joerdausend goufe Metaller, besonnesch Sëlwer, zur Universalwärung. Babylonien hat de Schekel, Minen an d'Talenter als Wärungseenheeten. 30 kg Sëlwer waren een Talent, e Schekel huet 8,4 g gewien.

Zanter där Zäit fanne sech och Hiweiser op Handwierker, Käch, Schousteren an aner Beruffer. Am Ufank haaptsächlech am Kader vun der Tempelwirtschaft etabléiert hu si sech zanter dem 2. Joerdausend onofhängeg gemaach a verstäerkt a privatem Interessi geschafft.

D'Plaz vun der Fra

[änneren | Quelltext änneren]

D'Plaz vun der Fra a Mesopotamien ass fir d'Historiker trotz alle Sourcen net eendeiteg festzeleeën.

De Mann dee sollt bestuet ginn, huet mam Papp vu senger zukënfteger Fra e Kontrakt ënnerschriwwen, an d'Fra huet eng Dot mat an d'Bestidnis bruecht. De Mann war den eendeitege Familljevirstand. D'Stellung vun der Fra huet dovun ofgehaangen, op si Kanner op d'Welt bruecht huet. Wann d'Fra keng Kanner krut, hat de Mann d'Recht sech scheeden ze loossen, oder sech eng Niewefra ze huelen. Wann d'Fra awer Kanner hat, war eng Scheedung bal net méiglech, obschonn si awer och e Recht dodrop hat.

De Fraë war och de Besëtz erlaabt, si konnten handelen an ierwen. Historiker vermudden, datt Fraë vu Babylon no un d'Gläichberechtegung erukomm sinn. Dat zielt natierlech nëmme fir déi Fraleit aus der Uewerschicht.

D'Kannerstierflechkeet war héich, et koume vu véier Kanner am Duerchschnëtt nëmmen zwee an den Erwuessenenalter.

Sprooch, Schrëft an Zuelen

[änneren | Quelltext änneren]

Virun dem 4. Joerdausend hunn d'Awunner vum Zweestroumland sougenannten Zielstäng fir d'Rechenaufgabe vum Alldag benotzt.

Nodeem den Handel sech ëmmer méi ausgebreet huet, koum et am 3. Joerdausend zu der Entwécklung vun der Käilschrëft. Am Ufank huet d'Schrëft haaptsächlech aus Billersymboler bestanen, a gouf duerno méi abstrakt. Well vill Leit net schreiwe konnten, hu si d'Déngschter vu Schreiwer an Usproch geholl. De Schreiwer gouf sou zu enger héijer Perséinlechkeet an der Gesellschaft.

D'Zeeche goufen dobäi mat Griffelen op Tountafele geritzt. Fir d'éischt huet een op der Tountafel senkrecht an horizontal Linne gezunn. Da goufen d'Symboler an dës Këschtercher mat engem dënnen Holz agedroen. Geschriwwen a gelies gouf vu lénks no riets. Déi sougannte Käilschrëft huet ëm 2700 v. Chr. hir Vollendung fonnt. Si gouf iwwer 2500 Joer laang a Mesopotamien benotzt an et fënnt een se och a Syrien, bei den Hethiter an an den diplomateschen Archiver vun Egypten.

Bei de Sumerer stoungen déi eenzel Zeeche fir ganz Wierder, déi och méi wéi eng Bedeitung konnten hunn. Deelweis goufen Zeechen och kombinéiert, z. B. fir Handlungen duerzestellen. Dës Billerschrëft huet et de Mënschen erlaabt, den Alldag besser z'organiséieren.

D'Schrëft gouf am Laf vun der Zäit méi komplex, an eenzel Symboler konnten elo och Lauter duerstellen, a méi Symboler e ganze Saz. Dëst huet d'Gebuert vun der Literatur erméiglecht, déi virun allem duerch d'Gilgamesch-Eepos an der ganzer Regioun vertruede war.

Virun dem 2. Joerdausend gouf et am Zweestroumland keng Sprooch déi d'Iwwerhand iwwer eng aner hat. Et gouf gläichberechtegt Sumeresch an Akkadesch geschwat. D'Verbreedung vun den aramäesche Stämm iwwer de fruuchtbaren Hallefmound hunn Aramäesch zu der Sprooch am Noen Oste gemaach, déi déi aner ugefouert huet.

D'sumeresch Sprooch ass bis zu der Zäitewenn d'Sprooch vun de gebilte Leit bliwwen, grad sou wéi d'Griichescht am Réimesche Räich oder Latäin am Mëttelalter. Duerno gouf d'Aramäescht onëmgänglech, et war d'Sprooch vu quasi allen Ënnertane vun de Räicher vum Viischten Orient, déi am Laf vun de Joerhonnerten entstane sinn. Am persesche Räich gouf dat Aramäescht zu der Kanzleisprooch, d. h. der Amtssprooch vum Räich.

Den Alexander de Groussen huet schliisslech wäit Deeler vu Mesopotamien eruewert. Hien a seng Nofollger hunn dat Akkadescht verbannt, an Aramäesch gouf zur Staatssprooch deklaréiert. Duerch d'Aramäer gouf och d'Silbeschrëft, déi se vun de Phenizier iwwerholl haten, agefouert. Dobäi goufen nëmmen d'Konsonante geschriwwen, Vokaler gouf et an der Schrëft net (dat selwecht gëllt fir d'Urschrëfte vun der Bibel souwéi d'Hieroglypheschrëft vun den Egypter). An där Epoch gouf op Papyrus a Pergament geschriwwen.

D'Entschlësselung vun der sumerescher Schrëft

[änneren | Quelltext änneren]
Henry Creswicke Rawlinson

Den Dän Carsten Niebuhr koum 1756 op Persepolis. Hien huet eng jett Inskriptioune vun de Ruine vum Palais kopéiert. Si waren an dräi Sproochen an an zwou verschiddene Käilschrëfte geschriwwen. Déi éischt vun dëse Schrëfte gouf als Alpersesch erkannt, wat ëm ongeféier 600 v. Chr. geleefeg war. Den däitsche Professer Georg Friedrich Grotefend an anerer hunn ugefaangen, déi alpersesch Texter z'iwwersetzen.

1835 huet den Englänner Henry Creswicke Rawlinson Fielsebiller entdeckt, op deenen och d'Texter an dräi Sprooche stoungen. Hien huet ugefaangen dës Texter z'entschlësselen. Déi zweet Sprooch huet sech als Babylonesch erausgestallt, en Dialekt vum Akkadeschen, dee bis ongeféier zu der Zäitewenn am Gebrauch war. Elo konnten d'Fuerscher schonn zwou Sprooche liesen. Bei der Analys vun den akkadeschen Texter sinn d'Fuerscher awer op Onkloerheete gestouss. Et gouf vermutt, datt déi benotzte Schrëft aus der Sprooch vun engem anere Vollek iwwerholl an ugepasst gi war. 1869 huet de Julius Oppert erausfonnt, datt d'Auteure vun de Schrëftzeechen, déi bis dohin nach net entziffert konnte ginn, d'Sumerer waren. Eng grouss Partie vu méi spéiden Entdeckunge sollten him Recht ginn.

Literatur zum Theema

[änneren | Quelltext änneren]
  • Pierre Amiet, L'Antiquité Orientale, PUF, Que-sais-je, 2003.
  • Pierre Amiet, Introduction à l'Antiquité Orientale, Desclée de Brouwer an Ecole du Louvre, 2000.
  • Agnès Benoit, Art et archéologie: les civilisations du Proche-Orient ancien, Manuels de l'Ecole du Louvre, 2003.
  • Jean Bottéro, Mésopotamie. L'écriture, la raison et les dieux, Gallimard, Koll. « Folio Histoire », 1997. (ISBN 2-07-040308-4)
  • Collectif, De la Mésopotamie à la Perse, Encycloædia universalis, Koll. « La grande histoire des civilisations », 1999. (ISBN 2-7028-3080-3)
  • Collectif, Die blühenden Städte der Sumerer. Time-Life-Bicher, Amsterdam, 1993. (ISBN 90-5390-519-7) Iwwersetzung vun Sumer, Cities of Eden.
  • Collectif, Atlas de la Mésopotamie et du Proche-Orient ancien, Brepols, 1996. (ISBN 2-503-50046-3)
  • Dietz Otto Edzard, Geschichte Mesopotamiens. Von den Sumerern bis zu Alexander dem Großen, München, 2004 (ISBN 3-406-51664-5)
  • Jean-Jacques Glassner, La Mésopotamie, Belles Lettres, coll. « Guide des civilisations », 2002. (ISBN 2-251-41017-1)
  • Barthel Hrouda (Ersg.), Der Alte Orient. Geschichte und Kultur des alten Vorderasien, Gütersloh, 1991 (ISBN 3-570-08578-3)
  • Barthel Hrouda, Rene Pfeilschifter, Mesopotamien. Die antiken Kulturen zwischen Euphrat und Tigris. München, 2005 (4. Opl.) (ISBN 3-406-46530-7)
  • Francis Joannès, Dictionnaire de la civilisation mésopotamienne, Robert Laffont, 2001.
  • Wolfgang Korn, Mesopotamien - Wiege der Zivilisation. 6000 Jahre Hochkulturen an Euphrat und Tigris, Stuttgart, 2004 (ISBN 3-8062-1851-X)
  • Jean-Claude Margueron, Les Mésopotamiens, A. et J. Picard, Paräis, 2003. (ISBN 2-7084-0693-0)
  • Roger Matthews, The archaeology of Mesopotamia. Theories and approaches, London 2003. (ISBN 0-415-25317-9)
  • Roger Matthews, The early prehistory of Mesopotamia - 500,000 to 4,500 BC, Turnhout, 2005. (ISBN 2-503-50729-8)
  • Hans J. Nissen, Geschichte Alt-Vorderasiens, Oldenburg Grundriss der Geschichte 25, München, 1999. (ISBN 3-486-56374-2)
  • Michael Roaf, Mesopotamien, Bildatlas der Weltkulturen, München, 1991. (ISBN 3-86047-796-X)
  • Georges Roux, La Mésopotamie, Seuil, Koll. « Points histoire », 1995. (ISBN
  • Henry William Frederick Saggs, Mesopotamien. Assyrer, Babylonier, Sumerer. Kindler, Zürich, 1966, Magnus, Essen 1977.
  • Georges Roux, Johannes Renger, Irak in der Antike, Zaberns Bildbände zur Archäologie, Mainz, 2005. (ISBN 3-8053-3377-3) (Iwwersetzung vun The Greatness that was Babylon, 1962)
  • Gebhard J. Selz, Sumerer und Akkader. Geschichte, Gesellschaft, Kultur, München, 2005. (ISBN 3-406-50874-X)
Commons: Mesopotamien – Biller, Videoen oder Audiodateien