Metzerlach
Metzerlach | |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Esch-Uelzecht |
Gemeng | Suessem |
Buergermeeschter | Simone Asselborn-Bintz (LSAP) |
Koordinaten |
49° 30’ 54.2’’ N 05° 56’ 46.6’’ O |
D'Metzerlach ass e Lieu-dit zu Zolwer an der Gemeng Suessem. Et handelt sech haaptsächlech ëm déi haiteg Metzerlacherstrooss (rue Metzerlach, CR174) déi vu Bieles aus a Richtung Déifferdeng féiert.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Op der Ferraris-Kaart vu 1771 war schonn e Feldwee agezeechent dee vu Bieles aus a Richtung vum haitege Metzerlach geféiert huet. Aus dësem Feldwee ass méi spéit den haitege „Roude Wee“ (Chemin rouge) ginn. Eng aner Verbindung, vum Flouer Huuscht bis op de Roude Wee ass méi spéit, um Urkadasterplang vun 1834, mat der Bezeechnung Metzerweg agedroen.
D'Flouernimm Metzerwee, Metzerhéicht a Metzerlach hu scho bestanen, ier d'Geschicht vum Metzerlach géint 1925 ugefaangen huet. Deemools huet e gewësse Kayser vun Esch dat éischt Haus um Eck vun der Metzerlacher- an Éilerengerstrooss[2] gebaut an ass uganks Oktober 1926 erageplënnert. An engem Deel vum Haus huet déi italieenesch Famill Bonomo als Locataire gewunnt. Den Här Bonomo huet sech dunn eng Bauplaz kaaft an ugefaange säin eegent Haus, op der Parzell vum haitegen Haus N° 74 an der Elektrizitéitsstrooss (Rue de l'Électricité) ze bauen. Iwwerdeems war schonn en Drëtten am Gaang ze bauen, an zwar de Carlo Zarotti, e bëssen ënnerzeg vum Kayser-Haus[3]. Nieft dësen dräi Famillje kënnen och nach Zanutto a Koster, déi och bei den éischte Bauhäre waren, zu de „Grënner“ vum Metzerlach gezielt ginn.
Déi meescht Felder hunn de Famillje Battin a Lorang vu Bieles gehéiert, déi sech mat de Bauplazen - nieft den Notairen - eng gëllen Nues verdéngt hunn. Eng Partie vun improviséierten Entrepreneren (Cella, Solci, De Nardo an Dousemont) hunn drop an derwidder Haiser gebaut. Dat Ganzt huet sech tëscht 1928 a 1931 ofgespillt, zu Zäite vun der allgemenger Wirtschaftskris.
Dem Dafregëster vun Zolwer no wier den Nic. Linster, deen de 7. Februar 1929 gebuer gouf, den Éischten deen am Metzerlach op d'Welt koum.
Sport a Veräinsliewen
[änneren | Quelltext änneren]Am Metzerlach hu sengerzäit haaptsächlech italieenesch Famillje gewunnt a sou koum et, datt uganks vun den 1930er Joren d'Bridder Rizzi e Foussballsclub matgegrënnt haten, d'Diables rouges, deen an der Verlängerung vum Roude Wee gespillt huet. Den Numm vum Club war dem Zolwer Paschtouer awer en Dar am A an hien huet de Veräi virun d'Wiel gestallt: entweeder misst den Numm geännert ginn oder de Club géif an d'Bréch goen, well hien zu Zolwer e Basketballclub grënne géif. War et doduerch, datt verschidde Spiller vum Foussball an de Basketball gewiesselt sinn oder well eng Rëtsch Leit fort geplënnert sinn, jiddefalls sinn d'Diables rouges wéinst engem Manktem vu Spiller opgeléist ginn.
1960 goufen d'Chœurs mixtes Sainte-Thérèse de Bel Val-Merzerlach gegrënnt, déi am Oktober 1972 a Cercle vocal ëmgenannt goufen.
De 4. Februar 1961 war d'Grënnungsversammlung vun der Société d'intérêt local - Metzerlach déi sech an de Joren duerno bei de kommunalen a staatlechen Instanzen fir d'Awunner agesat huet. Si hat ë. a. erreecht, datt am Fréijoer 1963 en Zenter vun der Protection civile opgaangen ass.
Am Joer 1964 goufen de Fëscherclub „Den Hiecht“ (20. Januar) an de „Cercle bouliste et culturel de Metzerlach” (16. August) gegrënnt. Den 2. Februar 1967 dunn de Schachclub „Tour et cavalier“ an den 21. September 1967 de Jugendchouer „Les Mésanges“. Dem „Kicker Club Metzerlach“ seng Aktivitéiten hunn sech op d'Joren 1970 bis 1973 limitéiert.
Infrastruktur
[änneren | Quelltext änneren]Ier de Waasserreseau an de Joren 1932-33 geluecht gouf, hunn d'Awunner d'Waasser missen op Zolwer an den ëffentlech Buer siche goen. De Stroum gouf eréischt an de Joren 1934-35 verluecht an och duerno huet déi ëffentlech Stroossebeliichtung ze wënschen iwwreg gelooss[4]. Stroossebeliichtung war eréischt 1964-65 iwwerall fäerdeg installéiert.
Am August 1959 gouf déi nei Spill- a Primärschoul am Roude Wee ageweit; virdrun hunn d'Kanner missen op Zolwer oder Bieles an d'Schoul goen.
Duerch d'Reorganisatioun vun der TICE-Buslinn vun Esch iwwer Déifferdeng op Rodange war d'Metzerlach dunn och vum 4. September 1962 un, un den ëffentlechen Transport ugebonnen.
Urspronk vum Numm
[änneren | Quelltext änneren]Datt den Numm „Metzerlach“ mat der Famill Metz a Verbindung kéint bruecht ginn, ass ausgeschloss, well de Flouernumm scho virun den Aktivitéite vun der Famill Metz bestanen huet. Och ass keen direkte Lien mat der Stad Metz ze maachen, sou datt déi plausibelst Erklärung déi ass, datt mat „Metz“ eng Zort Supp gemengt war. Dës Suppositioun iwwer den Urspronk vum Numm besteet jiddefalls och am Loutrengeschen fir Uertschafte mam selwechte Wuertdeel wéi Metzervisse, Metzeresche, Aumetz, Metzert, Metzich (bei Messancy) oder Metzdorf, déi Säit der Sauer[5].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Metzerlach – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wann net anescht uginn: René Fisch, 1974, „Wie es in Metzerlach begonnen hat“ an der Broschür « Cercle bouliste et culturel Belvaux-Metzerlach - Fête sous tente à Metzerlach, les 6 et 7 juillet 1974 : dans le cadre du Xe anniversaire, du dévoilement du drapeau et de l'inauguration des installations sportives »; Gaston Gengler, 1989, « Metzerlach : du lieu-dit modeste à une agglomération rayonnante et accueillante par l'action d'un quartier plein de vitalité » an der Broschür « 25e anniversaire : 1964-1989 / Cercle bouliste et culturel Belvaux-Metzerlach », S. 52-71
- ↑ haut Haus Nummer 241 Rue de Metzerlach
- ↑ haut Haus Nummer 253
- ↑ Gemeinderatssitzung in Sassenheim am Luxemburger Wort vum 21. Februar 1949, S. 7
- ↑ 200 Joer Buurg Zolwer : 25ième anniversaire du Syndicat d'initiative de Soleuvre Broschür op agadder.lu, der Internetsäit vum Kultur- a Geschichtshaus A GADDER