Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (T)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 543 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler. 1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeresch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, während déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf während der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux morts Relief op der Fassad vun der Primärschoul Téiteng 49° 28’ 27.17’’ N 06° 02’ 18.05’’ O Téiteng Monument 1940-1945.JPG
Erënnerung un d'Zwangsrekrutéiert an un déi déi hinne gehollef hunn Am Park Nic. Wilhelm Téiteng 49° 28’ 27.25’’ N 06° 02’ 17.19’’ O Monument Enrôlés de Force, Parc Nic. Wilhelm, Tétange-101.jpg
Monument aux morts widdert der Kierch Tënten 49° 43’ 04.1’’ N 6° 00’ 33.4’’ O MonumMortsTenten.jpg
Monument aux morts op der Kierch Trënteng 49° 34’ 23.86’’ N 6° 16’ 43.02’’ O Trënteng Monument aux morts.jpg

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.