Op den Inhalt sprangen

Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (F)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Erënnerungsplack An der Kierch vu Féngeg
un der Mauer vum Klackenhaischen
Féngeg ?
Monument Morts pour la patrie fir den Armand Rausch[1] an de Jean-Pierre Streff Um Ale Kierfecht bei der Kierch Fenteng 49° 44’ 47.59’’ N
      6° 11’ 07.65’’ O
Monuments aux morts[2] Bei der Kierch Fëschbech 21. Juni 2013 49° 44’ 47.59’’ N
      6° 11’ 07.65’’ O
Monument US-Arméi Fiels
Monuments aux morts Bei der Kierch Folscht
Monuments aux morts Fréiseng 10. Juli 1949
Plack Buchenwald Prisonéier Hotel-Restaurant de la Frontière Fréiseng 49° 30’ 23.2’’ N
      6° 11’ 33.7’’ O
Borne vun der Voie de la Liberté Un der Nationale 3 op der rietser Säit direkt no dem Rond-Point wann ee vun der franséischer Grenz kënnt Fréiseng
Monument aux morts Furen 1961
Monument fir 4 zivil Affer Walsduerferwee, baussent der Uertschaft Furen 49° 55’ 9.55’’ N
      6° 11’ 26.02’’ O

Um Spaweck

[Quelltext änneren]
Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Och eng Strooss zu Fenteng ass nom Armand Rausch benannt.
  2. D'Monument ass och fir d'Affer vum 1. Weltkrich