Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (Z)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 543 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler. 1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeresch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, während déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf während der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Erënnerungsplack un den Alphonse Dondelinger:
A LA MEMOIRE DE
DONDELINGER D. G. ALPHONSE
HEROS NATIONAL
DECAPITE A COLOGNE
LE 12 FEVRIER 1942
rue du Château 10 (maison Beck) Zolwer 49° 31’ 31.1’’ N
5° 56’ 20.6’’ O
Memorial Dondelinger zu Zolwer 01.jpg
Erënnerungsplack 6. Regiment Spahis algériens Kierch Zowaasch Zowaasch 49° 31’ 17.44’’ N
5° 50’ 10.95’’ O
PlackSpahis ZowaaschKierch.jpg
Erënnerungsplack als Merci un déi Leit
déi politesche Flüchtlinge gehollef hunn.
Kierch Zowaasch Zowaasch 49° 31’ 17.44’’ N
5° 50’ 10.95’’ O
Zowaasch Plack.jpg

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
B-17 Flying Fortress.jpg Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.