Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (P)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument Pafemillen um Wee vum Châlet Léon Dehon bei d'Eisebunn Pafemillen 6. Juli 1969 50° 06’ 29’’ N
      06° 00’ 25’’ O
Monument aux morts bei der Kierch Pärel 49° 48’ 35.07’’ N
      05° 45’ 53.49’’ O
Monument 385th Bomb Group um Rond-point bei der Kierch Pärel 21. Juni 1998 49° 48’ 35.07’’ N
      05° 45’ 53.49’’ O
US-Monument Kräizung N5B / CR111 / Belair-Strooss Péiteng 1946 49° 33’ 38.5’’ N
      05° 52’ 20’’ O
Borne du Passeur Fréiere Kierfecht Péiteng 1961 49° 33’ 27.5’’ N
      05° 52’ 31.6’’ O
Erënnerungsplack un d'Zwangsrekrutéiert Square Victimes du nazisme,
nieft der Gemeng
Péiteng 49° 33’ 24’’ N
      5° 52’ 37.35’’ O
Monument Chauvin um Enn vun der Prënzebiergstrooss Péiteng 49° 33’ 00.1’’ N
      05° 53’ 04.2’’ O
Monument an der Kierch am rietse Säitescheff Péiteng 2. November 1946 49° 33’ 27.7’’ N
      5° 52’ 32.7’’ O
Monument aux morts am Park, virun der Parkschoul Péiteng 49° 33’ 28.9’’ N
      5° 52’ 35.4’’ O
Erënnerungsplack un déi éischt Zivilaffer am 2. Weltkrich Schoulhaff Péiteng
Monument fir d'gefalen Eisebunner am Hall vun der Gare Péiteng 7. Mäerz 1954 49° 33’ 15.8’’ N
      05° 52’ 45.3’’ O
Monument fir d'gefale Foussballisten beim Stade Municipal Péiteng 14. Mee 1950, deplacéiert,
nees ageweit 6. Juli 2003
49° 33’ 26,7’’ N
      05° 51’ 27.45’’ O
Monument fir russesch Krichsgefaangen Kierfecht Péiteng 15. Oktober 1989 49° 33’ 07.54’’ N
      5° 52’ 39.04’’ O
Scoutskapell Prënzebierg Péiteng 49° 32’ 57.9’’ N
      5° 52’ 22.8’’ O
US-Monument ass an der Maach Pëtschent
Monument fir d'Zaldote vun der 26th Infantry Division op der N12 tëscht Proz a Groussbus Proz 49° 48’ 39.35’’ N
      5° 56’ 47.58’’ O

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.