Monumenter vum Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg (N)

Vu Wikipedia

Dëst ass eng Lëscht vun de Monumenter, déi zu Lëtzebuerg un den Zweete Weltkrich erënneren.

Bis ewell goufen am Ganze 544 sou Monumenter repertoriéiert.

78 % vun alle Monumenter erënneren u lëtzebuergesch Krichsaffer. Vun 1945 bis an d'1970er goufe praktesch an all Gemeng sou Monumenter, meeschtens no bei der Kierch oder dem Kierfecht, opgeriicht. Et gouf an deene meeschte Fäll keen Ënnerscheed gemaach tëscht Zivilaffer, Zwangsrekrutéiert, déi an däitscher Uniform op der Front gefall sinn, Refractairen, oder Resistenzler.

1994/95, fir de 50. Anniversaire vun der Ardennenoffensiv, sinn eng Rëtsch Monumenter derbäikomm. Well et där och an der Belsch an eventuell an Däitschland gëtt, a fir se méi séier ze fannen, gëtt et dofir eng Lëscht iwwer Monumenter vun der Ardennenoffensiv. All Monument am Zesummenhank mat der Ardennenoffensiv soll deemno och an där Lëscht agedroe ginn.

Monumenter fir déi alliéiert Zaldote spigelen d'Krichsgeschéien erëm: Sou si Monumenter fir franséisch Zaldoten, dorënner och algeeresch a marokkanesch Spahis, laanscht d'franséisch Grenz ze fannen, wärend déi fir amerikanescher virun allem am Osten an am Norde vum Land, dacks op der Plaz vu Kämpf wärend der Ardennenoffensiv, opgeriicht goufen.

Well eng eenzeg Lëscht ze grouss wier gouf s'alphabetesch den Uertschaften no opgedeelt. D'Navigatiounsläischt hei drënner leet Iech weider op d'Deellëschten.

A - B - C - D - E - F - G - H - I - J - K - L - M - N - O - P - R - S - T - U - V - W - Z


Numm Plaz Uertschaft Ageweit Koordinaten Bild
Monument aux morts Kierfecht bei der Kierch Näerden 1984 49° 74’ 07.52’’ N
      5° 92’ 35.88’’ O
US-Monument Kierfecht bei der Kierch nieft dem Monument aux morts Näerden 1995 49° 74’ 07.52’’ N
      5° 92’ 35.88’’ O
Monument op der Scoutekapell Scoutekapell Neihaischen Neihaischen 1952 49° 37’ 21.32’’ N
      6° 14’ 45.95’’ O
US-Monument fir déi 4. US-Infantriedivisioun An der Sortie vum Parking um Fluchhafen Nidderaanwen 49° 38’ 10.30’’ N
      6° 13’ 2.19’’ O
Monument aux morts Nieft der Kierch um Kierfecht Nidderdonwen 49° 37’ 56.4’’ N
      06° 24’ 07.2’’ O
To the everlasting Honor and Glory of the soldiers of the 1st Battalion, 319th Infantry Regiment, 80th Infantry Division, Third U.S. Army Bei der Gemeng Nidderfeelen 29. Oktober 1983 49° 51’ 13.69’’ N
      06° 02’ 44.2’’ O
Erënnerungsplack fir Zwangsrekrutéiert Nidderkäerjeng Eck Rue du Bois an Avenue de Luxembourg Nidderkäerjeng 1989 49° 33’ 54.12’’ N
      05° 54’ 25.74’’ O
Monument aux morts rue de l'Église Nidderkäerjeng 1952 49° 34’ 05.86’’ N
      05° 54’ 27.28’’ O
Erënnerungsplack fir 9 gefale Spahis Bei der Käerjenger Gare Nidderkäerjeng 49° 33’ 26.86’’ N
      05° 55’ 27.54’’ O
Monument aux morts Avenue de la Liberté, och Denkmal Hondsbësch genannt. Hei ginn awer net déi iwwerliewend Refractairen, mä déi doudeg Helde geéiert. Nidderkuer 22. September 1946 49° 31’ 58.40’’ N
      05° 53’ 28,1’’ O
Monument Hondsbësch Avenue de la Liberté, hanner dem Monument aux morts. Et handelt sech hei eigentlech ëm eng Weekapell, déi a Form vun engem Grouwenagang ugeluecht gouf. Hei gëtt un déi 122 Refractairen erënnert, déi an der Minière verstoppt waren. Nidderkuer 49° 31’ 58.40’’ N
      05° 53’ 27.50’’ O
Monument aux morts:
Weltkre'ch 1940 - 1945
Hirt Affer war nek emsoss: In memoriam:
+ 8 Nimm
Mortuorum pro patria
Nieft der Kierch Nidderwampech 1947 50° 00’ 39.8’’ N
      05° 50’ 32.2’’ O
Monument aux morts:
Aux Morts de la Guerre
1940 - 1945
+ 8 Nimm
Bei der Kierch Noutem 49° 56’ 30.1’’ N
      5° 52’ 48.5’’ E
National Liberation Memorial Schumanns Eck
(d'Monument selwer steet um Territoire vun der Gemeng Wolz)
Noutem 49° 56’ 47.8’’ N
      5° 52’ 51.9’’ E

Kuckt och[Quelltext änneren]

Um Spaweck[Quelltext änneren]

Commons: WWII-Monumenter zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.